Home > Luxembourg, Photographie > Grrrrr …

Grrrrr …

Woer am Auchan an wollt mer do eng nei, zousätzlech Späicherkaart fir meng Nikon d70s kafen, mee sie haten just nëmmen nach 4 an 8 Gb Compact Flash Cards. Meng Nikon kann awer anschéinend just maximal 2 Gb Kaarten schlécken … Super!?

En richtegen Fotosbuttek wiert jo wuel nach sou ‘aal’ Kaarten hunn? Kann mer jo net dowéinst en neien Apparat kafen. Och wann dat wuel bestëmmt Taktik ass …

Categories: Luxembourg, Photographie
  1. July 26, 2008 at 9:47 pm

    Deen Problem kennen ech, mee mat mengem Nokia 3500c. Gsd hun ech awer een fonnd deen mat sengem aalem Handy eng 2GB microSD kaart kruut. Do hun mer einfach getosch.

    Lo hun ech eng 2 GB di och geet an heen kruut meng mi deck 4 GB. Ech rooden der einfa un een ze fannen deen su eng huet an deem se oofzekaafen (evtl. eBay?)

  2. July 27, 2008 at 1:29 am

    ech ging mol einfach eng 4gig probeieren.
    villeicht formateiert dein d70 se dann als 2gig.

  3. July 27, 2008 at 9:41 am

    Jo, dat do sinn alles nach Alternativen, déi ech testen kéint.

    Allerdëngs ginn ech muer mol fir d’éischt nach an e richtegen Fotobuttek.

    Merci awer🙂

  4. inc
    July 27, 2008 at 1:39 pm

    http://www.dpreview.com/news/0406/04062901d70firmware.asp

    Kanns also einfach dei grouss kaafen

  5. July 27, 2008 at 1:49 pm

    inc: Merci, gesäit aus, wéi wann deen Vendeur wirklech keng Ahnung gehat hätt? Hunn bëssen gegoogelt (hätt ech natiirlech direkt kéinten man …) an et schéngt, wéi wann et en effet keen Problem wier fir 4 Gigs ze benotzten!?

  6. inc
    July 27, 2008 at 7:34 pm

    hmjo, wier och komesch wann een vendeur genau weisst wei een model, wei eng kaart geing verdroen. virun allem bei sou engem “aalen” model.

    ech hun eng D70 (ouni S) an wollt mer demnächst och eng nei Kaart kaafen, woubei ech warscheinlech des waert huelen:
    http://www.hiq24.de/xtc/product_info.php/info/p17396_8-GB-CompactFlash-CARD-SANDISK-EXTREME-III–SDCFX3-8192-902-.html

  7. July 27, 2008 at 7:46 pm

    inc: gesäit gutt aus, die do.

    an ech woer bëssen naiv un die Saach do drun gaang … firwat gleewen ech sou engem Futzi dat einfach!?

  8. July 28, 2008 at 6:05 pm

    Update: Meng 4 Gb CF Kaart geet ouni Problem! Do gesäit een mol rem d’Qualitéit vun de Vendeuren …

  9. Dan
    August 13, 2008 at 7:33 pm

    Wonnert mech net, ech hun an sou engem Butteck nach nie en anstännegen Vendeur fonnt… Gottseidank ass daat a “klenge” Buttecker (eigentlech) vill besser…

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: