Home > TV > Englesch Tele.

Englesch Tele.

Ech woer lo mat menger Frëndin 10 Deeg an England ënnerwee. Haaptsächlech un der Küst am Süden (Dorset). Fantastesch, nëmmen ze recommandéieren! Allerdëngs ass d’Wieder jo ëmmer eng Lotterie op der Insel (an net nëmmen do natiirlech) an et woer wiedertechnesch och net perfekt sou dass dann Owes och mol Tele gekuckt gouff. An ech muss soen, ech woer extrem positiv iwwerrascht, wat do sou gelaf ass. Do giff ech jo bal nees op de Goût kommen fir regelméisseg Tele ze kucken … mee wahrscheinlech hat ech just Chance, well et leeft jo och Schrott wéi Big Brother 642 do.

Mee englësch Eegenproduktiounen, déi ech wirklech gutt fonnt hunn, woren:

Q.I. (BBC)

Dragons’ den (BBC)

Jimmy and the wild honey hunters (BBC)

Britain from above (BBC)

The secret millionnaire (Channel 4)

Schéin ze gesinn, dass et ëmmer nach Qualitéits-TV gët. Mee zumools d’BBC huet jo doranner eng laang Traditioun.

Categories: TV
  1. Thierry
    August 11, 2008 at 9:34 pm

    Schued, dass de lo am Summer do wars, lo leeft net sou vill. Ech sinn schon laang begeeschtert vu britescher Telé, zumols d’BBC versteet et genialen Content ze produzéiren (Telé wéi Radio) – ofgesinn vun EastEnders, mee wahrscheinlech gehéiert eng Soap och alt zum öffentlechen Optrag Entertainment ze liwweren… Do bezuelen ech meng Gebühren wierklech gären.

    Déi Serie schlechthin ass awer menger Meenung no Spooks, em eng Sektioun am MI5. Mat aktuellen politeschen Problemer an d’Handlung matagebaut (an der leschter Staffel goung et em den Iran an d’Atomwaffen). Komplex, spannend, a genuch Action. Syriana als Teléserie trëfft et wahrscheinlech am beschten.

  2. August 11, 2008 at 9:45 pm

    Jo, och den BBC Radio woer wirklech gutt a witzeg! Opmanst mol den BBC1 (mengen ech), deen mer gelauschtert haten. Dat sinn opmanst wirklech cool a witzeg Moderatoren, an keng sou pseudo-cool Päifen wéi hei …

    Da muss ech mer ‘Spooks’ mol ukucken. A get et dovunner net och en Spinoff lo??

  3. August 13, 2008 at 1:16 pm

    Bon, ‘Spooks – Code 9’ ass definitiv NET déck … Villäicht sinn ech awer och schon iwwert dem Alter vun hierem Zielpublikum.

  4. August 15, 2008 at 6:56 pm

    BBC1 ass cool, dat ass méi hieren Mainstream Sender. BBC4 ass genial fir méi Kultur an verdammt gudd Hörspiller. BBC2 lauschteren ech just vereenzeltes (Russell Brand Show zum Beispill, ass awer wierklech e speziellen briteschen Humor, muss ee gär hunn).

    Hat lo firgëschter Owend d’Widderhuelung vun Spooks: Code 9 bëssen op BBC3 gekuckt, an ech hat eigentlech no den éischten 10 Minuten schon d’Flemm. Spooks ass em Meilen besser!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: