Home > Gesellschaft, Politik > Tiirkei.

Tiirkei.

September 2, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech woer lo grad fir 5 Deeg zu Istanbul. Super Stad, flott al Gebäier, onheemlech vill Liewen an alles an allem en interessanten Mix aus East & West.

D’Stad huet en orientaleschen Flair, mee ass awer net an deem Sënn islamesch wéi die arabësch Länner zb (lo mol irreel Inselen wéi Dubai ausgeholl). Sie kéint och +- einfach eng südeuropäesch Stad sinn. Wann och den Muezzin do natiirlech net sou üblech wier, hehe.

Et ass schon remarkabel, wat den Atatürk deemools mat sengen Reformen do geschaafen huet! An et bléiwt ze hoffen, dass dat net nees duerch Religioun, déi an der Läscht anscheinend rem méi staark gët, zunichte gemaach gët!

Dem Atatürk säin Liewen, seng Politik a seng Iddien sinn schon interessant a mussen fir vill Läit (zumools die religéis) deemools en Affront gewiescht sinn. Mee hien huet et duerch gezunn (wann och net alles perfekt woer). An deem Sënn woer hien en eischter positiven Diktator. An heiandsdo brauch een sou een.

Eppes anescht woer mer och nach opgefall: d’Tiirkescht huet enorm vill franséisch ‘Lehnwieder’, zum Beipill: Bijuteri, Kuaför, Kamyonet, etc. Muss wuel sinn, well den Atatürk bei der Kreatioun vun senger Republik sech och staark u Frankräich orientéiert huet an doduerch den franséischen Afloss staark woer.

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: