Home > Luxembourg, Politik > Groussrégioun.

Groussrégioun.

September 26, 2008 Leave a comment Go to comments

Wat soll eigentlech dat Konzept vun der ‘Groussrégioun’? A weem bréngt se wirklech eppes?

Ech hunn desläscht nach vun engem Beispill héieren, wou et ganz kloer gouff, dass ouni eis Letzebuerger dat ganzt Konzept souwiesou nët giff, oder kéint, existéieren. An dat aus zwee Grënn: 1. mir sinn déi eenzeg, déi tëschent Däitschen a Fransousen vermëttelen kënnen, well sie ënnerteneen kaum kommunizéieren kënnen, mol net op Englesch an 2. mir als souveränen Staat ganz aner Moyen’en hunn wéi sie, déi se nëmmen Régiounen sinn.

Wann Letzebuerg sech aus dësem artifiziellen Konstrukt giff erauszéien, dann giffen en komplett implodéieren. Aus den uewen erwähnten Grënn.

Mee wat ass dann lo wirklech den Virdeel vu Lëtzebuerg bei där Saach?

An ween woer dann am Kulturjoer lo wirklech och nëmmen eng Kéier eppes an d’Groussrégioun kucken? An domadder mengen ech lo net Tréier oder Metz.

Categories: Luxembourg, Politik
  1. September 26, 2008 at 12:09 pm

    Na ja, op manst punkto öffentlechen Transport ass eng Zesummenarbescht batter neideg. An well bei EU-Projekter och emmer “Regiounen” gefördert ginn, ass d’Groussrégioun wuehl och do eng Manéier fir Souen ze kréien.
    An an der europäescher Federatioun ginn mer dann wahrscheinlech och eng Regioun/Bundesstaat/whatever😉

  2. denjclaude
    September 26, 2008 at 12:45 pm

    Ouni Lëtzebuerg wier an der Groussregioun jo awer och soss neischt. Also hätten dei Regiounen nach mei en groussen Problem beim Chomage ewei se elo schon hun.

    Dat ännert awer neischt drun dat ech et net an der Rhei fannen elo eis Stauen (duerch Verbreederung fun den Autobunnen bis jeweils eng Ausfahrt firun der Grenz) an d’Ausland ze exporteieren. Haptsach bei eis rullt et. Mir brauchen emmerhin weder Schoulen, Cliniqen, nach Altersheemer fier se ze bauen dann keinten mer weinistens derfier suergen dat se keng Eiwegkeet moies an Owes am Auto missten setzen.

  3. pa
    September 26, 2008 at 1:39 pm

    Duerch verschidden Ofkommen an der Groussregioun gin Frontaliéren, z. Bsp., net duëbel besteiert; sou ging kee Mënsch wëllen an d’Ausland (op Lëtzebuerg) schaffe kommen, wann se eng Kéier do an dann nach doheem ginge besteiert gin.

  4. September 26, 2008 at 1:59 pm

    D’Groussrégioun ass also en kënschtlecht Konstrukt, wat fir eis administrativ Virdeeler soll bréngen?

    Well wat ass den Plus deen die Däitsch mat de Fransousen zesummen kréien an vice-versa? Ouni Letzebuerger leeft jo do näischt. Oder opmanst net vill. Wéi och? Sie kënnen seelen mateneen schwätzen …

  5. pa
    September 26, 2008 at 3:50 pm

    Nujo, strawdog, de Gedanken ziëlt. D’Politiker verkaafen eis d’Groussregioun jo och ëmmer als EU am Kléngen😉

  6. September 26, 2008 at 4:20 pm

    Alt gutt, dass ech vum Konzept vun der EU méi iwwerzeecht sinn, wéi vun deem vun der Groussregioun …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: