Home > Wired world > VLC.

VLC.

All deenen, déi en nach nët giffen kenne, sief den VLC un d’Häerz geluegt. Mat dee beschten Mediaplayer, deen et gët! En ass kleng, einfach an liest quasi alles. En plus kann een saueinfach tëschent de Formater hin- an hierkonvertéieren. Hat zb lo missen aus engem .dv Fichier en .mpeg man. Mam VLC kee Problem!

Categories: Wired world
  1. October 2, 2008 at 4:50 pm

    Oh, daat mam konventéiren wosst ech net. Ech hun den VLC zwar, mee benotzen meeschtens den Media Player Classic, den ausser dem Numm nix mam Windows Media Player ze dinn huet. Grond: En ass einfach méi komfortabel an huet bei .mkv-Fichiern keng Problemer, an main VLC verschleckt sech heinsdo do. An Alt+Enter fir Fullscreen fannen ech besser wéi Rietsklick+Klick. Awer eng Affaire de Goût, géif ech soen.

  2. October 2, 2008 at 5:14 pm

    Hues de däi VLC schon upgedate? Virun puer Deeg koum en Update eraus. Ech hu keng Problemer mat mkv.

    Konvertéieren geet super einfach. Bei der neier Versioun op ‘open file’ goen, Fichier selektionnéieren, dann op den Pfeil virun ‘play’ drécken (ënner Windows mol, bei Mac muss ech den Owend kucken), ‘convert’ auswielen an schon huet een en super Konvertéiermenü!

  3. Thierry
    October 2, 2008 at 5:46 pm

    Aner Fro: firwat benotzt haut nach iergendee Mënsch MPEG?!

  4. October 2, 2008 at 5:48 pm

    thierry: fir dorausser en DVD kënnen ze brennen.

  5. October 2, 2008 at 8:06 pm

    Dofir ged et dach eigentlech DVD Flick, den mescht daat super!

  6. October 2, 2008 at 8:22 pm

    hey, cool! hunn ech net kannt. merci.

    kann deen och direkt DV (digital Video) Fichieren benotzen? ech hunn se nämlech dofir fir d’éischt per VLC an mpg konvertéiert …

  7. Thorben
    October 3, 2008 at 3:14 am

    Grommel, VLC ass toll soulaangs de net ob zouverlässegkeet ugewissen bass. VLC ass instabil an huet problemer mat multiscreen emgebungen. Bei eis zu Iechternach am Kino si mer no langem sichen ob den Zoom Player (fir Windows) gestouss, diem een ganz kloer en Bildschierm zouweisen kann. Dofir ass en awer immens konfiguratiounsintensiv an brauch korrekt Videodateien, soss spillt en se net. VLC fresst dofir alles. Wann een fir doheem en allround player brauch, VLC mecht den Job, wanns de eppes brauchs wous de zouverlässegen support an vill meiglechkeeten hues, looss et. Mee weis du sees, dei convert-features sin immens.
    (PS: ech wees, och beim VLC kann een multiscreen konfigureiren, mee et geet net)

    Thierry, dat mat MPEG huet e puer Grenn, zumols am professionellen Beräich.
    Engersäits ass et verbreed an relativ wéineg verwurschtelt. Wanns de Codecs hues wéi zB den fantasteschen h264, dann hues de dovunner 10000 kopien, iergendwelchen fraien firlefanz (ei zB x264) oder nach schlemmer alles wat an AVI containeren ass, dat kennen 500 verschidden formater sin. Bei MPEG2 gin et dofir 2 Containeren, TS an PS. An wat do dran ass kann net ganz vill sin.
    Dofir ass MPEG2 einfach DAT austauschformat.
    Ausserdem gett um digitalen Marché momentan dat meescht an MXF containeren gemaach, ob am Utopolis oder am Cinedome oder sonst wo. An MXF steet nun mol MPEG noo.
    Ausserdeem muss een wech vun kompletten Computeren am professionellen Beräich, et brauch een einfach Chips an Kaarten déi kennen Video codeiren an decodeiren. An souwait ech wees gett et zB fir h264 reicht een hardware (de)coder. MPEG decoderen kriss de wahrscheinlech scho bal am Conrad Katalog.
    Ausserdeem muxt sech MPEG2 wonnerbar mat AC3. Dat ass zB bei MPEG4 dateien net viirgesin. Ouni AC3 keen richtegen Dolby sound. Zwar kann AAC och ganz tollen sound maan, suguer besser wéi AC3, mee AC3 ass nun mol en industriestandard.

    Firwat benotzen mer nach emmer MPEG:
    – Et ass einfach (an séier, ressourcenspuerend) ze liesen an ze schreiwen
    – Et ass immens wäit verbreed
    – Et ass vun der Kalitéit hier esou wäit skaléierbar dass een excellent resultater rauskritt (natierlech ass d’Kompressioun net gudd, mee dat ass an zäiten wou USB Sticks 8 Gigabyte kennen fassen pupegal)
    – Et ass net zerfleddert wei zB AVI
    (suguer open source codecs liwweren propper dateien, fro mech net firwat se dat bei h264 net hikréien)

  8. October 3, 2008 at 8:05 am

    torben: wow, du kenns dech domadder aus …🙂

    fir meng bescheiden Usprech geet den VLC awer déck duer, besonnesch lo deem läschten Update😉

  9. October 3, 2008 at 9:49 am

    Oh, daatoen geet schon méi an Detail wi ech kann mathaalen ^^

    Ech benotzen den Media Player Classic deen een mam K-Lite Codec Pack kann mat installeieren an deen liesst alles. Waat converteren ubelaangt benotzen ech bislang den SUPER, mee bei munchen Codecs mescht deen su seng Problemer. Mee bon, ech schaffen jo och net professionel dermadd.

    Mee mat MPC sin ech voll an ganz zefridden. Eriwer sin di Zaiten wou Windows Media Player mer nix wollt oofspillen ^^

  10. Thorben
    October 3, 2008 at 8:39 pm

    ech soen jo och naischt geint den vlc. wann een en allround player brauch, fennt een bal naischt besseres🙂 an do kann och ze zoom player net mathaalen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: