Home > Gesellschaft, Politik > That one!

That one!

Den McCain huet, a senger Frustratioun, an der Debatt geschter owend mam Obama dësen mat ‘that one‘ bezeechent. Eng weider Bestätegung, dass hien en net ausstoen kann. An och soss huet den McCain gewierkt wéi en alen Mann, verbattert, aggressiv an ouni Iddien. Em sou besser! Dat vergréissert dem Obama seng Chancen weider.

An seng Supporter hunn genau richteg réagéiert:

Dat do woer, aus der Siicht vum McCain, e weider Schoss an den eegenen Fouss.

update: lol, an natiirlech gët et suguer schon eng Websäit dozou.

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. pa
    October 8, 2008 at 12:56 pm

    “Eng weider Bestätegung, dass hien en net ausstoen kann.”

    Firwat soll en dann? Se si jo ëmmerhin Géigner. Also, datt den McCain den Obama net ka leiden, kann een ëm jo wuel awer net zum Virworf maachen. Hien därf nach ëmmer gär hun, wien hie wëllt.

  2. October 8, 2008 at 12:58 pm

    Natiirlech. Mee en héifleche Mënsch bléiwt dann awer trotzdem korrekt. An engem souveränen Mënsch passéieren keng sou Ausrutscher.

    Mat esou Commentairen disqualifizéiert den McCranky sech selwer.

  3. Chris
    October 8, 2008 at 3:39 pm

    Mee wann den Obama eng Reporterin “sweetie” nennt, ass dat awer léif gemengt, a guer net vun uewen erof.😉

  4. October 8, 2008 at 3:46 pm

    Jo, Mr Contrarian😉

    A wéini huet en dat wou genau gemaach?

  5. October 8, 2008 at 3:49 pm

    An ‘that one’ huet an Amerika eng ganz speziell Bedéitung, besonnesch am Süden.

    Mee bon, woer him jo villäicht just onglécklech erausgerutscht. Awer et ass anscheinend villen Amerikaner negativ opgefall.

  6. Chris
    October 8, 2008 at 4:31 pm

  7. October 8, 2008 at 4:41 pm

    Naja, bëssen onglécklech an liicht arrogant ausgedréckt, awer net wirklech béiss gemengt.

    ‘that one’ ass do op engem ganz aneren Level. Dat ass an Amerika +- op engem Level mat ‘one of those people’, ‘boy’ an ‘nigger’. dat heescht natiirlech net onbedengt, dass den McCain dat wirklech domadder soen wollt.

    Mee wann een berücksichtegt, dass hien den Obama an der éischter Debatt net eng Kéier riicht ugekuckt huet, wann deen hien ugeschwat huet (wat eng äusserst Frechheet ass, et seet een net emsoss ‘kuck mech un, wann ech mat der schwätzen) an him no der zweeter d’Hand net richteg wollt ginn, etc, dann wërft dat schon en schieft Liicht op hien.

    Wahrscheinlech kann deen alen Saak et just net verquessen, dass hien géint sou en jonken Spunt (an dann och nach en ‘Neger’!) verléieren wäert …

  8. October 8, 2008 at 8:35 pm

    ohhh… it is going to be a beautiful thing….

    ech haat officiel obama stickers bestallt viir op mein auto.
    mee dei sin nach emmer net unkomm (op manst 5 wochen hier). froen mech op dat express ass , dat sie guer net wellen dat een dei stickers huet….
    also eng strategie saach.

  9. October 9, 2008 at 8:29 am

    urban:

    erstaunlech. sie sinn jo soss ëmmer sou gutt organiséiert?

    d’ass och cool, wéi se hieren Logo op alles Méigleches ugepasst hunn: http://www.barackobama.com/people/

    An et ass och krass, wéi verschidden d’Optik vun hierem Logo an deem martialesch-aggressivem vum McCain ass. Dat seet och schon vill aus …

  10. Tom
    October 10, 2008 at 10:34 pm

    @strawdog
    Ech sinn denger Meenung. D’Ausso “That one!” ass wirklech e staark Stéck. Ech fannen et awer bemierkenswert, dass d’Obamas net drop wëllen agoen. (-> Ausso vum Michelle Obama beim Larry King)

    @urbanrunoff
    Also wanns du déi Stickers bspw. op barackobama.com a séngem Store bestallt hues, dauert et well:
    1) Et extrem vill Léit ginn déi do bestellen. Sie si praktesch dauerend hannendrann.
    2) Et gett iwwerpréift obs du en Amerikaner bass. Schliesslech ass dat zu 100% eng Contribuatioun un séng Campagne déist du domatter mess. (Dat steet mengen ech och um Site)
    Laut dem amerikaneschen Gesetz ass et net erlaabt fir Suen vun Net-Amerikaner unzehuelen.

  11. October 10, 2008 at 11:01 pm

    ech hun se geschter kritt 2 vun 4.
    ech mengen sie sin iwerlaaf an vu que dat californien souwiesou obama wielt, konzentreieren sie sech op aaner “battle” states.
    ech mengen et muss een legal permanent resident sin viir daerfen eng contribution ze maachen. (greencrad)

  12. Tom
    October 10, 2008 at 11:19 pm

    🙂
    Nee. En Amerikaner deen an Europa bspw. liewt dierf och eng Contribution maachen. Schliesslech wielen sie jo och mat an dierfen dofir och hiere Kanidat ennerstetzen. Et muss een eben “nemmen” en Amerikaner sinn.😀

  13. October 11, 2008 at 1:47 am

    uh-ohI
    ech hoffen den obama get elo net wellt menger disqualifizeier.

  14. October 11, 2008 at 1:52 am

    all clear…
    ech hun elo great ge-checked:

    Check this box to confirm that the following statements are true and accurate:

    I am a United States citizen or a lawfully-admitted permanent resident.

    and that is true and accurate..

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: