Home > Gesellschaft, Politik > Skepsis.

Skepsis.

October 18, 2008 Leave a comment Go to comments

Trotz allen momentan Emfroen sinn ech skeptesch, op den Obama wirklech gewanne wäert. Hien wier sécher die besser Alternativ fir d’USA, an och fir d’Welt. Mee dat hängt lo ganz dovunner of wéi ignorant, domm, ängschtlech an/oder rassistesch die amerikanesch Wieler sinn …

Dat ass de Risiko an Nodeel vun enger Demokratie.

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. Luc
    October 18, 2008 at 11:28 am

    Ech sin och net secher dass daat schons alles an dreschenen Dicher ass…Op allefall sin an Amerika d’Wëssenschaftler extrem nervös, sie fäerten neemlech dass den McCain, mais virun allem d’Palin gewennt. An een vun der Madame hieren genialen Pläng ass jo generell dem Darwin seng Theorie duerch d’Schöpfungsgeschicht an den Bioscours’en ze ersetzen. Daat léist natiirlech extrem déif blecken, waat soss seng Meenung an der Fuerschungspolitik esou wier. Ech schätzen mol dass et dann zu engem massiven Braindrain géing kommen, an d’Europäer seng Fuerscher méi séier zreck kritt, wéi sie se bezuelen kennen. Mais daat ass een aaneren Thema. An denkt drun: “Fiat lux et lux fit”, ech hoffen dass do d’Schöpfungsgeschicht tatsächlech recht behällt an d’USA mol aus dem düsteren administrativen Sumpf erauskommen.

  2. Chris
    October 18, 2008 at 2:48 pm

    “An een vun der Madame hieren genialen Pläng ass jo generell dem Darwin seng Theorie duerch d’Schöpfungsgeschicht an den Bioscours’en ze ersetzen.”

    Dozou kritt se och als Vizepräsidentin net d’Muecht. Ma der kee Kapp.

  3. October 18, 2008 at 3:02 pm

    Dat hänkt dovunner of op dat am republikaneschen Programm steet oder net! An deen gouff op hierer ‘Convention’ séier veranschied an ass a groussen Deeler net ‘McCain-kompatibel’. Opmanst net mat senger viireschten Astellungen.

    Ech wéilt de Risiko allerdëngs net agoen. A wat, wann den McCain nächst Joer stierwt? Dann hunn d’USA eng Persoun un der Spëtzt géint déi den W. nach wéi en Intellektuellen ausgesäit.

  4. October 18, 2008 at 11:06 pm

    ech sin optimistesch!
    een puer prominent “conservativ” journalisten/ radio hosts hun elo den obama endorsed.
    luc ech hoffen daat och mam “braindrain” an meng fra an ech sin net secher op mir hei bleiwen wann den mcinsane wennt.
    mee bon et sin emmer nach genuch auslanner op UCLA, ech mengen et ass 60% foreigners oder mei.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: