Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > What’s in a name?

What’s in a name?

October 19, 2008 Leave a comment Go to comments

D’McZombien benotzen jo oft dem Obama säin Numm als Argument géint hien. Wat natiirlech en Zeechen vun extremer Intelligenz ass, well et jo usech sollt em de Fong an d’Usiichten goen, an net e Numm. Mee anscheinend ass dat jo een vun den Zeechen, dass hien eigentlech en Terrorist ass …

Mee bon, total vun der Hand ze wéisen ass net, dass Nimm (an d’Origine) vun enger Persoun, op den eischten Bléck, schon eng Roll spillen kënnen. Awer iwwer laang Siicht natiirlech net sollten.

Oder wéi giffen d’Lëtzebuerger wuel réagéieren, wann mer op eemol folgend Spëtzenkandidaten hätten (ech huelen lo mol einfach un, déi wieren all éligible an giffen och all perfekt lëtzebuergesch schwätzen):

  • CSV – Karl Adolf Schweinsteiger (lëtz. Mamm, däitsche Papp)
  • LSAP – Pedro Gonçalves de Santa Cruz (lëtz. Mamm, kapverdianësche Papp)
  • DP – Slobodan Ristiç (lëtz. Mamm, jugoslawësche Papp)
  • Dei Grëng – N’Kono Mugabe (lëtz. Mamm, nigerianesche Papp)

Wier engem dat genau sou agréabel, wéi en Jean-Marc Schmidt?

Schlussendlech giff (oder sollt) die perséinlech Präferenz jo awer, genau wéi beim Barrak Hussein Obama, dovunner ofhänken, wéi eng Persoun dee Kandidat ass, op en intelligent ass, en gudden Programm huet, etc.

Wier ech Amerikaner, giff ech op alle Fall direkt den Obama wielen.

  1. October 19, 2008 at 11:04 am

    Na ja, du wees et net, well wiers du Amerikaner, wiers du jo eigentlech een ganz aanere Mensch, nee?😉
    Ech fannen bei denger Opziehulung witzeg, waat fir Nationalitéiten dass du mat waat fir enger Partei verbonnen hues. Just bei der DP well daat net esou richteg passen, déi heeschten dach emmer all Schmidt oder Muller, nee?

    Fir mech ass och interessant, virwaat een Leit amplaatz vun Ideen wielt, esou am Groußen an Ganzen.
    Beim Präsident kann ech daat allerdengs méi verstoen.

  2. October 19, 2008 at 11:13 am

    >Na ja, du wees et net, well wiers du Amerikaner, wiers du jo eigentlech een ganz aanere Mensch, nee?

    Absolut richteg. Mee vun mengem momentanen Standpunkt an Iwwerzeegungen hier. Wann ech lo giff an d’USA plënneren an dann wielen dierft, giff ech sécher den Obama wielen.

    >Ech fannen bei denger Opziehulung witzeg, waat fir Nationalitéiten dass du mat waat fir enger Partei verbonnen hues.

    Ech och😉

    >Just bei der DP well daat net esou richteg passen, déi heeschten dach emmer all Schmidt oder Muller, nee?

    Jo, bon, mee irgendeppes hunn ech jo do missen huelen …

    >Fir mech ass och interessant, virwaat een Leit amplaatz vun Ideen wielt, esou am Groußen an Ganzen.

    Et sinn Läit, déi en Patt um Wäin- oder Béierfest ginn. Net d’Ideen …

  3. October 19, 2008 at 1:54 pm

    Ech denken och, dass et eppes mat (politescher) Intelligenz ze dinn huet, wann d’Leit bei der Wahl nom Numm, der Kleederuednung, oder ähnleche Kriterien kucken.

    Anersäits fannen ech et deels awer och gerechtfertegt, net just no den Ideen, mee och no de Persounen (= net Nimm) ze kucken, déi hannert deenen Ideen stinn. Ech well och Leit wielen, deenen ech et zoutrauen, déi Ideen emzesetzen.

  4. October 20, 2008 at 12:24 am

    Den Aleksandar, eeh Slobodan Ristic géif ech zwat wielen, deem seng Pressekonferenzen wieren bestemmt lusteg😉

  5. Chris
    October 20, 2008 at 1:11 am

    Schweinsteiger, Santa Cruz, Ristic. Freet sech wou s du déng Inspiratioun hir hues…😉

  6. October 20, 2008 at 8:33 am

    Uh …… keng Ahnung😉

    Ech hätt natiirlech och kéinten Makelele amplaz Mugabe huelen!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: