Home > Literatur, Religion/Philosophy > De Mënsch kann näischt wirklech nei erschafen.

De Mënsch kann näischt wirklech nei erschafen.

October 26, 2008 Leave a comment Go to comments

De Mënsch kann nie eppes wirklech Neies, Onofhängeges, aus sëch selwer eraus, schafen oer erfannen. Hien brauch ëmmer eng Matière, déi schon existéiert, vun der en ausgoen kann. Dat gëlt fir jidereen. Och fir de Shakespeare:

O.M. A man’s brain is so constructed that IT CAN ORIGINATE NOTHING WHATSOEVER. It can only use material obtained OUTSIDE. It is merely a machine; and it works automatically, not by will-power. IT HAS NO COMMAND OVER ITSELF, ITS OWNER HAS NO COMMAND OVER IT.

Y.M. Well, never mind Adam: but certainly Shakespeare’s creations–

O.M. No, you mean Shakespeare’s IMITATIONS. Shakespeare created nothing. He correctly observed, and he marvelously painted. He exactly portrayed people whom GOD had created; but he created none himself. Let us spare him the slander of charging him with trying. Shakespeare could not create. HE WAS A MACHINE, AND MACHINES DO NOT CREATE.

Y.M. Where WAS his excellence, then?

O.M. In this. He was not a sewing-machine, like you and me; he was a Gobelin loom. The threads and the colors came into him FROM THE OUTSIDE; outside influences, suggestions, EXPERIENCES (reading, seeing plays, playing plays, borrowing ideas, and so on), framed the patterns in his mind and started up his complex and admirable machinery, and IT AUTOMATICALLY turned out that pictured and gorgeous fabric which still compels the astonishment of the world. If Shakespeare had been born and bred on a barren and unvisited rock in the ocean his mighty intellect would have had no OUTSIDE MATERIAL to work with, and could have invented none; and NO OUTSIDE INFLUENCES, teachings, moldings, persuasions, inspirations, of a valuable sort, and could have invented none; and so Shakespeare would have produced nothing. In Turkey he would have produced something–something up to the highest limit of Turkish influences, associations, and training. In France he would have produced something better–something up to the highest limit of the French influences and training. In England he rose to the highest limit attainable through the OUTSIDE HELPS AFFORDED BY THAT LAND’S IDEALS, INFLUENCES, AND TRAINING. You and I are but sewing-machines. We must turn out what we can; we must do our endeavor and care nothing at all when the unthinking reproach us for not turning out Gobelins.

(‘What is Man?’ – Mark Twain)

Any comments?

  1. Chris
    October 27, 2008 at 12:58 am

    Bon, ech géif dat do lo och net direkt sou unhuelen.
    Et ass en interessante Gedanken, mee och net wierklech akzeptabel. Wir mäi Gehir net grad vu ganz eenlecher Matière iwwerstrapazéiert, géif ech der eppes vun Descartes, Locke, Wittgenstein a sou zielen. Mee da son ech einfach: lies, wat si dozou ze son hunn.😉 Et ass sécherlech interessant, dat ganzt méi ze balancéiren.

  2. October 27, 2008 at 3:33 am

    den shakespeare ass een aalen haer.

    “The simulacrum is never that which conceals the truth–it is the truth which conceals that there is none.

    The simulacrum is true.”

    baudrillard

    hence: original

  3. October 27, 2008 at 9:09 am

    chris:

    souvill zu mengem Versuch eng Diskussioun unzestëppelen😉
    trotzdem giffen mech deng Géigenargumenter interesséieren🙂

    an et ass eng Tatsaach, dass ALL eis Experienzen an all eist Wëssen vun BAUSSEN kommen. oder kenns du een, deen eng Geschicht iwwert en Nilpärd geschriwwen huet, ouni virdrun en Nilpärd gesinn oder dovunner héieren ze hunn? Alles huet seng Origin ausserhalb un eis, mir setzen et nëmmen nei zesummen.

    duerfir kann een menger Meenung no och näischt erfannen, just entdecken.

    urban:

    ech sinn net sécher op ech däin Argument lo verstan hunn … kanns de et eng Kéier op letzebuergesch erklären? Merci😉

  4. Chris
    October 27, 2008 at 1:44 pm

    Grommel: dat ass eben keng Tatsaach.😉
    Wier et eng, géifen sech modern Philosophen net zënter 500 Joer d’Käpp aschloen. No dénger Äntwert do, wëll ech der o nach uroden Kant ze liesen, dee kënnt onauswäichlech mat dran, wann s de der gäer sou Saachen iwwerlees.🙂

  5. October 27, 2008 at 1:48 pm

    Chris:

    Kanns de mer eng Beispill vun eppes, wat erfonnt oder crééiert gouff ouni ‘prior’ extern Influenz?

  6. October 27, 2008 at 1:49 pm

    Chris:

    Ah jo, an den fräien Wëllen ass natiirlech och eng Illusioun. Mee doriwwer an engem spéideren Post🙂

  7. Chris
    October 27, 2008 at 7:40 pm

    Ech si kee Philosoph, mee ech studéiren awer Philosophie.
    An ech sinn éierlech gesot liicht schockéiert, wéi e rationelle Mënsch ka mat sou enger Iwwerzeegung sou grondsätzlech Saache behaapte kann, wann déi gescheitste Käpp déi je geliewt hunn, sech zënter Joerhonnerten doriwwer streiden.😉

    E Beispill vun eppes, wat ouni externen Afloss entsteet: ganz einfach, wéi steet et mam Gefill vun Honger? Den externen Afloss ka sécherlech net sinn, dass mer keng extern Nahrung ophuelen, well d’Negatioun vun engem Afloss, mécht desen inexistent. Lo kéints de mer vun engem dualisme cartésien zielen, dass Geescht a Kierper separat sinn, den externen Afloss also vum Kierper op de Geescht wierkt. Mee wéi géif dat da mat der Ausso vun der Maschinn iwwerastëmmen, wann mer aus zwou verschidden Instanzen bestinn?

    Et ass alles net sou einfach. An ech hunn am Fong och guer keng Loscht driwwer ze diskutéiren.😛

  8. October 27, 2008 at 8:23 pm

    chris:

    Normalerweis hëlleft en provokant Statement fir eng Diskussioun unzefachen😉

    D’Gefill vum Honger ass e schlecht Beispill, well dat näischt domadder ze dinn huet, op en Mënsch selwer eppes total Originelles oder Neies erschafen kann. Den Honger ass just eng Konsequenz vun sengem Kierper, engem Kierper, deen hien selwer weder geschafen nach usech gefrot hat.

    Oh, an ech si keen Fan vum Descartes sengem Dualismus. Well deen erklärt dat Ganzt och net wirklech, hien verlagert et just.

    Mee et ass awer eng Tatsaach, dass mir ouni extern Afloss eppes wéi en wäisst Blat wieren. Stell der en dafstommen Blannen ouni Ärm fir. Wouvunner kann deen dreemen? Iwwert wat kann deen nodenken?

  9. Chris
    October 27, 2008 at 9:22 pm

    Oh, hat déng Fro effektiv net richteg gelies. Sorry. Mee als Beispill vun enger Iddi, déi s de am Mënsch selwer fënns, misst et jo awer funktionnéiren an och déng Fro vum dafstomme Blannen ouni Ärm beäntwerten. Dee kann eventuell vun näicht dreemen, mee trotzdem fillen.

    Mee generell gesinn kéint ee lo ganz krass ginn a soen: a wéienge Conditioune kann deen nach als Mënsch zielen, wann em déi definéirend Capacitéiten vum Mënsch feelen?

    Eng besser Äntwert op déng Fro hunn ech lo net parat, mee ech si mer sécher, dass eng valabel Äntwert iergendwann vun engem méi schlaue Kapp vu mir schon néier geschriwwe gouf.😉

  10. October 27, 2008 at 9:37 pm

    Dann lies déi nächst Kéier méi genau😉

    Mee Honger funkionnéiert net als Äntwert, genausou wéineg wéi Pëng am Allgemengen. Dat sinn keng Iddien, dat sinn Experienzen. Gefiller erschaft een net, déi spiert een einfach.

    Gutt Fro, et ass éischter +- eppes, wéi en Gehiir an engem Glas.

    Wanns de déi Äntwert fënns, dann kanns de mer jo Bescheed soen😉

    Soulaang bléiwen ech bei menger Behaaptung, dass alles, wat den Mënsch ‘erfënnt’ nëmmen en Kombinatioun aus bekanntenen Saachen ass. Hien kann näischt erschafen, ouni op eppes obzebauen, wat et schon gët oder fir Saachen ze benotzen, déi et schon ginn.

    Irgendeen huet en ‘fliijenden Teppëch’ erfonnt, dat ass et zwar virdrun nach net ginn, mee hien konnt et NEMMEN erfannen, well en dovirdrun d’Konzept vum Fléien an vum Teppech kannt huet.

  11. Chris
    October 27, 2008 at 9:47 pm

    Okay, domadder hale mer fest, du bass hardcore Empirist an ech wëll et méi nuancéiert gesinn.😉

    Wann ech mer eppes iwwerluecht hunn, mellen ech mech zréck.

  12. October 27, 2008 at 9:54 pm

    Ok! Si gespaant🙂

    Empirist-Realist, opmanst bis ech Géigenbeispiller gesinn hunn😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: