Home > Gesellschaft, Politik, Video > The next president of the US.

The next president of the US.

October 30, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech konnt de Moien zur Ofwiesselung mol rem net schlofen an mer dofir mol um 5.30, am Bett an per iPod Touch, dem Obama seng 30 Minutten Reklamm vun gëschter Owend eragezunn:

Natiirlech ass sou eppes typesch amerikanesch, natiirlech ass sou eppes eng Zort Infomercial, natiirlech ass sou eppes (positiv) Propaganda, an trotzdem hunn ech ët immens fonnt. Suwuel vum Contenu, wéi vun der Form.

An en Riesenënnerscheed zu den negativen (an oft falschen) ‘attack ads’ vum McCain. Mee dat ass och alles, wat deem iwwerregt bléiwt. Et muss d’Läit un d’Fäerten kréien. Dat ass seng eenzeg Chance. An sie ass net onrealistesch, well et vill ignorant an verängschtegt Läit ginn. 

Den Obama par conter huet den McCain net eng Kéier erwähnt, sëch net duerch Kritik un him a senger dämlëcher Vizekandidatin profiléiert. Dat ass souverän (wann och natiirlech negativ Messagen heiandsdo besser hänken bléiwen wéi positiver …).

Mee dem Obama seng Chance stinn gutt. Ech hoffen wirklech, dass d’Hoffnung iwwert d’Angscht triumphéiert! (Mir egal, dass dat pathetesch klengt, haha). Wat wier dat en Effet fir en Change! Nët nëmmen fir d’USA, mee och fir d’Welt. An dat ass drëngend. Zumools d’Alternativ alles nach méi schlecht giff man.

Gobama!

Categories: Gesellschaft, Politik, Video
  1. Tom
    October 30, 2008 at 8:33 pm

    Also ech hoffen nemmen, dass den Obama domatter net iwwerdriwwen huet an et him méi Stemmen kascht huet. Schliesslech glëwen jo zimlech vill Léit, dass hien keen vun der “middle class” wier. A mat esou enger ‘Reklamm’, déi et bis elo nach nie ginn ass an der amerikanescher Politik, kann de Schoss och nohannen lass goen.

    Hoffe mer emol net… (mee Pennsylvania ass elo jhust nach “leaning Obama” :S)

  2. Thorben
    October 30, 2008 at 9:54 pm

    Ech wor immens impressionnéiert!
    Ahjo. DO NOT VOTE!
    They say so: http://www.youtube.com/watch?v=fX40RsSLwF4

  3. October 30, 2008 at 10:24 pm

    Ech fannen die ‘do not vote’ Reklamm irgendwéi sauschlecht … kënnt bei mir net un … villäicht sinn ech och schon ze aal😉

  4. Thorben
    October 30, 2008 at 11:31 pm

    Aale Saak🙂 an ech hu geduecht ech hätt lo ENG KEIER eppes fonnt…pfff…

  5. Tom
    October 31, 2008 at 8:57 am

    Bon Thorben déi Reklamm ass awer schons e Mount laang am Internet. An strawdog bei mir kennt se och net unn. Déi Reklamm war einfach “too little too late”. (Sie ass 4 Deeg vrun der éischter “registration deadline” erauskomm.)

  6. October 31, 2008 at 9:08 am

    Sorry Thorben😉

  7. October 31, 2008 at 1:03 pm

    Ech fannen d’Reklam déi op MSNNNNNNNN (ween versteet déi popkulturell Undéitung?)BC leeft am beschten.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: