e-books.

November 1, 2008 Leave a comment Go to comments

Bis elo woer ech, als ferventen a begeeschterten Bicherlieser, emmer iwwerzeegt, dass en e-book nie mat engem richtegen Buch mathalen kéint. Dat schéngt awer amgaangen ze sinn séch ze änneren zënter deem ech lo en iPod Touch (fantasteschen Apparillo!!) hunn. Well, niewent sëllegen aneren Applikatiounen, kann een sech do och e-book reader installéieren. An op eemol gesäit dat alles ganz anescht aus!

Lo hunn ech ëmmer Literatur bei mer, ouni missen schwéier Bicher matzeschleefen. An och net nëmmen een Buch, mee honnerten, wann ech wëll. Suguer gratis, wann ech mech un Klassiker wéi Mark Twain, Mary Shelley, Jonathan Swift, Edgar Allan Poe, Victor Hugo, Jules Verne, Homer, etc halen. En plus en gutt Geleegenheet, déi Klassiker mol nees, oder eng Kéier richteg, ze liesen!

Natiirlech huet en richtegt Buch aus Pabéier nach ëmmer méi Charme wéi en (relativ klengen) Ecran. Mee dofir huet deen och eng Rëtsch Virdeeler (zumools bei non-fiction): et kann een direkt proper Noten dobäi schräiwen, Saachen markéieren, Wieder sichen, etc. An suguer d’Bliederen gët iwwerzeegend simuléiert.

An last but not least giff een esou och manner Pabéier verbrauchen! Et stell een sech dat och mol an Schoulen an sou vir.

Souvill dozou.

ps. Denken grad drun: Thierry (Seagulls), keng Loscht deng postapokalyptesch Story eng Kéier als e-book ze späicheren an zur Verfügung ze stellen?

  1. No comments yet.
  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: