Kierfecht.

November 1, 2008 Leave a comment Go to comments

Fir déi, die am Land sinn: Gitt dir haut oder muer op de Kierfecht? Firwat, firwat net?

Ech perséinlech ginn haaptsächlech fir mengem Papp eng Freed ze man (well seng Elteren do leien) an well et, à la limite, giff d’Famill ongerechterweis an engem falschen Liicht dostoen loossen, wann keen beim Graf wier an sou.

U meng Grousselteren denken ech och soss, dofir brauch ech keen Ritual, zumools net sou en stéift an langweilegt. Do gefalen mer den mexikaneschen Dia de los muertos scho vill besser.

Mee bon, och hei geet een jo dann duerno bei d’Famill an gesäit Läit mol erem. An dat mëcht dann méi Sënn firwat een sou Ritualer och huet.

  1. November 1, 2008 at 1:09 pm

    Vue datt ech em déi Zäit eigentlech meeschtens am Ausland sin, stellt sech d’Fro net direkt. Anerefalls muss ech soen datt ech wahrscheinlech net geif goen. Duerno e Famillieniessen et co ass ok, dorems geet et am mengen Aen och. Wann ech awer virun engem Steck poléierten Marber an der Keelt muss stoen, während e verkleedenen Mann mat enger Toilettebiischt sprëtzt an déi betuchten Damen oppassen, datt hier nei Kollektioun Pelz net knaschteg get, da muss ech passen. Et bedeit mir GUER näischt virun engem Graf ze stoen, egal wien drenner leit/loung and egal wei frou ech mat der Persoun war/sin. Ech hoffen all mengen Ugehöregen geet et duer, datt si oft a mengen Gedanken sin, ech gesin kee Senn dran sou e Brauchtum ze perpetuéiren an all Joers e Bouquet Blummen an eng Kärz ze opferen, nemmen fir datt et keen dommt Gespréich get. Wann een net gleewt, da soll een dozou stoen, dat hun ech virun puer Joer realiséiert. Et ass awer net emmer einfach, dat anren Leit kloer ze man ouni se ze verletzen.

  2. November 1, 2008 at 1:15 pm

    Also just fir kloer ze sinn: Wann et just em MECH giff goen, giff ech sécher net dohinner goen an et wier mer och egal, wat aner Läit giffen denken.

  3. November 1, 2008 at 1:24 pm

    Charel exakt meng Ried. Mee wanns de domat ee verletz, dann ass dat net deng Schold, mee dem Verletzte seng Schold. Ech empfannen dat vermeindlecht Verletzen an deem Fall eischter emgedréint fir mech verletzend, well op déi Art a Weis meng Art ze Traueren/Gedenken net respektéiert get an op ee provokativen Akt reduzéiert get.

    Ech war am Fong nach nie op engem Kierfeg fir un een ze denken, ech kann et awer novollzéihen, dass aner Leit dat gären maachen. Aus Prinzip op engem bestemmten Dag dat ze maan, op engem “national-kathouleschen Trauerdag”, dat fannen ech falsch. Et ass dee Moment just e gesellschaftlechen Zwang.

  4. November 1, 2008 at 8:36 pm

    >Mee wanns de domat ee verletz, dann ass dat net deng Schold, mee dem Verletzte seng Schold.

    Hänkt dovunner of, ops du en wëssentlech verletzt oder net. Wéi meng Bom nach geliewt huet, sinn ech fir hier eng Freed ze man, mat op de Kierfecht gaang, wou mäin Bop schon luuch. An dat hunn ech gär gemaach, well ech wousst, dass sie et giff appréciéiren. Firwat sollt ech sie virun de Kapp stoussen?

    Dat ännert awer näischt dorunner, dass ech mat deem meeschten, wat mat Allerhelljen zesummen hänkt oder wéi dat zelebréiert gët, näischt kann ufänken. Vun sou Connerien wéi mengen de Mantel missen ze wéisen, ganz ze schweigen …

  5. November 2, 2008 at 11:16 am

    Jo also et ass jo engem seng eegen Decisioun, ob een dat mecht oder net. Ech hat vläit einfach d’Chance, dass keen dat vu mär verlangt huet. Vun dohier kann ech et wuel schlecht beurdeelen.

  6. November 2, 2008 at 12:46 pm

    Ech hunn décidéiert haut och net ze goen. Mäi Papp wäert dat schon richteg verstoen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: