Home > Gesellschaft, Literatur > Copyright?

Copyright?

November 2, 2008 Leave a comment Go to comments

Et ginn der jo ënnert iech, déi sech mat Copyright an sou gutt auskennen, duerfir mol eng Fro:

Sou literaresch Wierker wéi dem Mary Shelley säi Frankenstein sinn jo an der Tëschenzäit am Public Domain an soumadder fräi an gratis verfügbar. Wärt dat och eng Kéier op den Harry Potter an sou applizéiert ginn oder lafen déi Copyrights lo op ‘éiweg’?

Categories: Gesellschaft, Literatur
  1. November 2, 2008 at 5:04 pm

    theoretesch jo.
    mee an der realiteiet geet et oft anescht.
    Een gut beispill as d’mickey mouse. virun puer joer war sie ready viir “public domain” ze gin. mee disney huet all seng lawyers zesummen geruf an gekrasch dat si ging bankrupt goen. resultat ass dat mickey mouse hieren copy right verlangert gin ass.
    eng schein sauerei wann een bedengt dat dinsey motion pictures am unfank all op “public domain” stories (snow white, peter and the wolf etc) baseirt sin. An dei bruemten scene vun der mickey mouse mat der zauber biicht ass basiert op klassecht musek (och public domain)
    dofiir een grousen F U disney. an ech verstinn net virwaat “d’leit” domat d’accord sin.
    ounie “public domain” waer et nie eng mickey mouse oder disney gin. mee lo wou sie success hun enneren sie spill regelen. ech ruffen zum boycott vun disney op 😀

  2. November 2, 2008 at 5:14 pm

    Interessant, Merci!

    An Disney mécht dat jo lo och nach. D’Story vum Tarzan ass jo och Public Domain. An ech wees net, wou se die aner hier hunn? Bestëmmt och irgendwou inspiréiert.

  3. November 2, 2008 at 7:41 pm

    ohh ech kinnt mech stonnen opreegen.
    mee wann een sech daat emol bedenkt. den accord teschend dem “creativen” an der gesellschatt esou ze briechen.
    waat ass wann d’reimer den viaduct ge-copyright hatten?gingen mer dann nach aus den baachen drenken?

    mee dat aller schlemmst awer ass dat heiten.
    wann lo zb een joken film student, den tony, een dokumentar iwert kanner zun compton mecht. an do ass an enger scene am background een bild vun der mickey mouse. an wann deen film elo op festivaler gewissen get. dann kritt den tony een breif vun den disney lawyers an krtit gesot hien misst dei scene eraus schneiden oder hien ging ge-sued gin. Poor tony the film student !

    ps: ounie viaduct, ging et keen joe the plumber gin
    ounie public domain, keen tony the film student

  4. November 2, 2008 at 9:28 pm

    Mierkt een, dass du schon wahlgeschiedegt bass, Urban the Bloglieser😉

  5. November 2, 2008 at 11:30 pm

    Do muss den Ennerscheed gemach gin tescht dem Copyright an den USA an dem Copyright hei an Europa.
    Hei as et sou, dass den Schöpfer vun engem Wierk d’office seng Urheberrechter huet ouni irgendwelch administrativ Demarchen, an déi och net kann verléieren / oofgin, en kann hechstens Nutzungsrechte ooftrieden. An Amerika muss d’Copyright explizit ugemeldt gin.
    D’Copyright erläscht 70 oder 75 Joër nom Dout vum Schöpfer, duerno kann amfong jiddereen mat den Saachen maachen wat en well, zum Beispill literaresch Wierker vun dem Auteur erausbrengen ouni mussen Lizenzgebühren oder ähnleches un d’Ierwen vum Schöpfer ze bezuelen.

    All Angaben ouni Gewähr😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: