Home > Gesellschaft, Politik > Schwaarz-wäiss Molerei.

Schwaarz-wäiss Molerei.

November 5, 2008 Leave a comment Go to comments

Eppes, wat mer grad an de Kapp komm ass: mir hunn ëmmer nach en gestéiert ‘Rassenkonzept’.

Et ass wuel richteg fir den Obama ‘african-american president’ ze nennen. Mee ‘black president’? Hien ass dach 50% schwwarz an 50% wäiss. En klasseschen ‘Mischling’, weder wäiss nach schwaarz, oder beides zesummen. Ok, hien gesäit méi schwaarz aus wéi wäiss. Ass dat de Grond fir, dass automatesch ‘schwaarz’ als Eegenschaft dominéiert.  

Oder ass usech villäicht dat hei de Grond: Alles, wat net 100% wäiss ass, ass automatesch ‘faarweg’ (wat jo laang Zäit als mannerwäerteg ugesinn gouff, an oft leider nach gët)?

25% wäiss, 75% schwaarz = schwaarz 
50% wäiss, 50% schwaarz = schwaarz
75% wäiss, 25% schwaarz = schwaarz

Ech verstinn d’Symbolik fir ze soen, dass hien e schwaarzen Präsident ass. An och, wat dat eben aus historeschen Grënn heescht an wéi wichteg, dat ass. An et ass halt och leider eng (historesch) Tatsaach, dass Mënschen, déi net 100% wäiss woren, nie als ‘richteg wäiss’ ugesinn ginn sinn. Eischter als ‘befleckt’ oder sou eng Schäiss.

Mee soulaang mer eis mënschlech Rass an Ennerrassen opsplécken, hunn mer emmer sou absurd Situatiounen (wann een eng Kéier wirklech nodenkt) wéi die. Et wier, an dat ass keng nei Erkenntnis, wirklech un der Zeit, fir d’Rass t’iwwerwannen. Vun allen concernéierten Säiten.

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. November 5, 2008 at 11:56 am

    Ech mengen dat läit och dorun, dass eise Sproochgebrauch eiser Opffaassung vunn der Realitéit (wéinst der Gewunnegt) emmer hannendrun hinkt. Mer si knapps um gang iwwert de “Neger” ewech ze kommen.

    Ech mengen et ass och zimmlech schwéier, eng emgangssproochlech korrekt Begrefflechkeet fir “Rassen-Typologie” oder wéi een et nenne well, ze entweckelen. Hautfaarw ass jo einfach en Attribut, sou wéi d’Kierpergréisst, dat een reng beschreiwend a net onbedingt bewertend verwende kann. Et kéint ee jo och soen, den Obama wier e groussen an de McCain e klengen. Do kennt et och op d’Interpretatioun un, vläit welle vill Leit keen klenge Präsident, wéinst welche Virurdeeler och emmer. Ech menge net, dass een déi Rassegeschicht iegendwann komplett begruewe wert kennen, da et einfach een sachlecht Attribut ass. Mer därfen et just net wertend benotzen.

    Wat d’Symbolik betrefft, fannen ech och, dass ee roueg soen kann: endlech e schwaarze Präsident. Mee ebe just symbolesch als Ausrufezeeschen géint eng traureg historesch Phase, a net an engem politesche Senn a la: “lo kréien mär Schwaarzer endlech eis Gerechtegkeet”. Mee dat huet den Obama jo am Fong gudd hikritt andeems en emmer sachlech betount huet, hien wier e Präsident fir all Amerikaner (an en huet sech jo och kloer vu sengem hetzende Paaf distanzéiert gehat). Soss wier e wuel kaum gewielt ginn.

  2. November 5, 2008 at 12:03 pm

    manuel:

    Jo, mee wat ech interessant fannen ass dass een, wann een zu 25% schwaarz an 75% wäiss en ‘Schwaarzen’ ass, awer mat 25% wäiss an 75% schwaarz nët en ‘Wäissen’.

    Dat ‘Schwaarzt’ schéngt méi ‘staark’ ze sinn, wéi dat ‘Wäisst’.

    ‘Wäiss’ ass een anscheinend just, wann et pur ass?

    ‘Schwaarz’ (oder ‘faarweg’ am Allgemengen) par conter bléiwt een onofhängeg, vun der ‘Mëschung’.

    Wäert einfach sinn, well een et beim ‘Wäissen’ méi séier mierkt. Similaire zum Ennerscheed tëschent engem Glas wäisser Mëllecher an engem Glas wäisser Mëllech mat x Drëpsen Kaffi dran. Am läschten Fall ass se net méi ‘wäiss’. Fréier (op d’Rassen bezunn) hätt een dat jo dann ‘dréckeg’ genannt …

    Soit. Hunn dat just irgendwéi interessant fonnt well en jo usech GENAU SOUVILL schwaarz wéi wäiss ass🙂

  3. November 5, 2008 at 2:30 pm

    Ech menge net, dass een et am Allgemengen eischter bei Wäisser mierkt. Mär sinn do just méi sensibel, well mer méi u Wäisser wéi u Schwaarzer gewinnt sinn. Mer hu jo och méi Schwieregkeeten Schwarz oder Asiatesch Gesiiter ze ennerscheeden wéi Wäisser. Ech géif dofir mengen, dass dat Phänomen einfach mat eisem gesellschaftlechen (an medial dominanten) Point de Vue ze dinn huet.
    Jo an dass een eng Meschung dann einfach och Schwaarz nennt, dat huet dann wuel mat eisem sproochlechen Defizit ze dinn. Do ginn et ebe keng speziell Wieder. Mokka? Oder mer kéinten et effektiv mathematesch ausdrecken. zB eng Schlagzeil am Wort: Eng Boom gouf vun engem 43% wäissen, 40% schwaarzen an 17% ondefiniéierten iwwerfall.🙂

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: