Home > Gesellschaft, Perséinleches, Religion/Philosophy > Altruismus gët et nët.

Altruismus gët et nët.

November 9, 2008 Leave a comment Go to comments

Definitioun vun Altruismus:

Unselfish regard for or devotion to the welfare of others

Den Mark Twain behaapt a séngem Text ‘What is Man?’ dat giff et net ginn, well den Mënsch EMMER fir d’éischt no sech selwer kuckt:

Y.M. What detail is that?

O.M. The impulse which moves a person to do things – the only impulse that ever moves a person to do a thing.

Y.M. The ONLY one! Is there but one?

O.M. That is all. There is only one.

Y.M. Well, certainly that is a strange enough doctrine. What is the sole impulse that ever moves a person to do a thing?

O.M. The impulse to CONTENT HIS OWN SPIRIT–the NECESSITY of contenting his own spirit and WINNING ITS APPROVAL.

Y.M. Oh, come, that won’t do!

O.M. Why won’t it?

Y.M. Because it puts him in the attitude of always looking out for his own comfort and advantage; whereas an unselfish man often does a thing solely for another person’s good when it is a positive disadvantage to himself.

O.M. It is a mistake. The act must do HIM good, FIRST; otherwise he will not do it. He may THINK he is doing it solely for the other person’s sake, but it is not so; he is contenting his own spirit first–the other’s person’s benefit has to always take SECOND place.

Dat schéngt mir Sënn ze man. All Mënsch mécht nëmmen dat, wat him dee Moment als bescht Optioun fir sech sëlwer schéngt. Dat ass seng eenzeg Motivatioun.

Wann hien also engem aneren Mënsch hëlleft dann entweder well en sech doduerch einfach gutt spiert oder well hien sech giff Virwërf man a schlecht spieren, wann en lo net giff hëllefen. Et ass also fundamental gesinn eng Saach vun Plaiséiermaximéierung a Schmäerzvermeidung.

Domadder ginn dann Altruismus an selbstlos Sacrificen als déi Illusiounen geout, déi se sinn. Oder anescht ausgedréckt: Sie sinn Konzepter, déi et usech net ginn an am Fong just d’Resultat vun Selbsttäuschung an/oder Ignoranz sinn.

Wat awer net dramatesch ass. Mir sollten déi Tatsaach einfach éierlech unerkennen a frou sinn, dass mer den Drang hunn fir ze hëllefen! Aus wat fir engen Grënn och ëmmer (evolutionär gesinn mécht et zB och Sënn).

Ween net mat dëser Conclusioun averstan ass an se widderléen wëll, kann et jo probéieren a mer e Beispill ginn vun enger ‘selbstloser’ Aktioun, also enger Aktioun, déi fir deen, deen se gemaach huet, absolut keen eegenen Beneficen hat.

Ech sinn gespaant.

  1. November 9, 2008 at 10:15 pm

    Keen Kommentar = Zoustëmmung?😉

  2. November 10, 2008 at 8:08 pm

    Hm Hm. Prinzipiell stemmen ech zou.

    Mee dat géif jo dann heeschen, dass ech e friemt Kannt just virum Erdrénken retten, well ech kee Bock op déi sozial Folgen hunn, déi eng Net-Rettung mat sech brénge géif. A la: “Wisou hues de dat Kannt net gerett, du Arsch!?” – “Ech hätt näischt dovunn gehat a wollt mech och net emsoss naas maan.”

    Oder ass et een Instinkt, dass mer et retten? Mat Bléck op d’Erhaalung vun eiser Art. Souzesoen eng Art instiniktiven kategoreschen Imperativ: Mer handelen emmer sou, wéi et am Interet vum Erhalt vun eiser Art ass. Wann jidfereen gerett get, dann géifen och mär selwer gerett ginn… Also mer welle fir eis selwer eng Gesellschaft wou Leit gerett ginn, well mär och wéilten gerett ginn… voila. Letztendlech ass d’Gesellschaft fir den eenzelne jo och e Mettel zum Zweck (an emgedréint).

  3. November 10, 2008 at 8:48 pm

    >Mee dat géif jo dann heeschen, dass ech e friemt Kannt just virum Erdrénken retten, well ech kee Bock op déi sozial Folgen hunn, déi eng Net-Rettung mat sech brénge géif. A la: “Wisou hues de dat Kannt net gerett, du Arsch!?” – “Ech hätt näischt dovunn gehat a wollt mech och net emsoss naas maan.”

    Net onbedengt just dowéinst (an et hängt jo och vun der Situatioun of a wéi geféierlech ët fir dech gewiescht wier). Do ass jo d’Hemm-Schwell fir jidereen anescht. Deen een huet einfach zevill Angscht em säin eegent Liewen an dofir ass en bereet d’Kand (zumools e friemt) ze opferen, en aneren par conter kéint net mat dem Gedanken liewen, dass dat Kand erdronk ass, well hien ze feig woer an riskéiert et dofir, nach engem aneren ass et en effet ganz egal an et ass fir hien méi wichteg, net naass ze ginn, etc.

    Mee wat all déi Aktiounen gemeinsam hunn, ass dass d’Läit ëmmer dat man, wat gemaach muss ginn, fir hiert Gewëssen, dee Moment ze berouegen an mat sech am Kloeren ze sinn.

    An bei enger extremer Situatioun wéi dengem Beispill, wou et jo och op d’Zäit ukënnt, ass et jo meeschtens och en Reflex, ausgeléisst duerch den Subconscient, op een agräift oder net. Also kee bewossten Choix, et mécht een et einfach (oder et ass een halt figéiert). Dat heescht en ‘Held’ mécht just, wat en maachen muss genausou wéi en ‘Feigling’ mécht, wat en maachen muss. Dat ass kee Choix. Dat spiert een oder et spiert een et nët.

    An an Situatiounen, wou een méi Zäit ze iwwerléen huet, ass et eng Saach vun Prioritéiten: Fillen ech méch LO besser, wann ech an dëser Situation X hëllefen oder wann ech net hëllefen?

  4. Thierry
    November 11, 2008 at 2:08 pm

    Dat erennert mech un eppes wat meng fréier Franséischproff José Ensch eng Kéier sot: “Si les egoistes savaient ce qu’on reçoit en donnant, ils seraient altruistes par interêt.” Jo, ech fille mech gudd wann ech fir aner Leit do sinn, mee muss ech mech dofir schummen? Dat ass halt meng Natur, an ech hu léiwer dat wi dass ech mech gudd spieren wann ech Schlechtes maachen.

  5. November 11, 2008 at 2:12 pm

    thierry:

    nee, et geet net drëms fir sech ze schummen! et geet och net drëms fir lo näischt Guddes méi ze man.

    et geet just drëm fir dat ze erkennen🙂

    an dass dat kee Choix ass (seng ‘Natur’ sicht een sech jo net aus).

    mir sollen einfach frou sinn, dass et generell Freed mécht aneren ze hëllefen! dat huet d’Evolutioun/’Gott’/watochemmer schon gutt agefädelt.

  6. Arlésienne
    November 11, 2008 at 3:38 pm

    Ah sou, majo da sinn ech wuel masochistesch veranlagt, well et geet mir net sou gudd wéi den Egoisten an Hedonisten. Wanns du weess, dass du géint Wandmille kämpfs, géint den Honger an der Welt, géint Ongerechtegkeet, Déierequälerei etc, et der dobäi kierperlech a séilesch ëmmer méi schlecht geet, wou soll dann den Notzen fir dech sinn? Natirlech si mer all programméiert, duerch eis Genen, eist sozialt Ëmfeld asw, awer sou einfach as et dann trotzdem rem net. Eng komplizéiert Matière, awer héich interessant.

  7. November 11, 2008 at 3:50 pm

    arlésienne:

    Däi Kampf géint d’Wandmillen ass sécher schmäerzhaft a frustrant, mee e bëssen Satisfaktioun wäers de jo awer hunn vun Zäit zu Zäit hunn, oder? An fir opzeginn an guer net méi géint se ze kämpfen giff der jo awer nach méi wéidoen, oder net?

    Falls net, firwat hälls de net einfach op ze kämpfen an akzeptéiers et?

    Genau, wells de dat net kanns. Wells DU eben, duerch deng viirescht Experienzen, lo sou programméiert bass, dass dech déi Saachen net kaal loossen. Op dat lo gutt oder schlecht ass, ass eng aner Fro.

    Mee et siicht een sech jo net eraus, wéi een iwwert sou Saachen fillt.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: