Home > Gesellschaft, Luxembourg > Onpopulär.

Onpopulär.

November 14, 2008 Leave a comment Go to comments

Schéngt, wéi wann bei der UNEL d’Hoerschneiden ëmmer nach onpopulär wier. Dat muss wuel d’Credibilitéit vun hieren Messagen erhéijen oder sou …

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. November 14, 2008 at 9:43 pm

    Verstinn ech lo net ganz

  2. November 14, 2008 at 9:53 pm

    Um RTL woer en Reportage iwwert hieren Stand op der Foire de l’étudiant. An do huet een die üblëch laanghoreg ‘Revoluzzer’ ronderem lafen gesinn🙂

  3. Max
    November 15, 2008 at 11:04 am

    Also ech wees net wat’s de mengs Grommel. Bei méngem läschte Coiffeure’s Besuch hunn se mer versechert dass laang Hoer rem um komme wir. Werf mol e Bléck an d’Vogue🙂

  4. November 15, 2008 at 1:34 pm

    Sinn an der Vogue net haaptsächlech Fraen?😉

  5. November 15, 2008 at 7:20 pm

    Waat hunn Hoer mat Messagen ze dinn?
    Erheigt een Armani-Kostum d’Credibilitéit? Ech verstinn net richteg, wéis de engersaits der laang Gedanken iwer Hautfarwen maachen kanns an aanersaits esou Postings maachen kanns.

  6. November 15, 2008 at 7:26 pm

    Usech sinn et manner d’Hoer déi mécht stéieren, wéi d’Symbolik déi drun hänkt, besonnesch bei sou naiven, eensäitegen Pseudo-Revoluzzer wéi deenen vun der UNEL🙂

  7. November 15, 2008 at 7:57 pm

    Ok, daat verstinn ech voll an ganz. NET.

  8. November 15, 2008 at 9:31 pm

    Jojo, déi Gammler…

  9. Jenny
    November 15, 2008 at 9:45 pm

    klenge Fascho do ! Un de laangen Hoer erkenns de de Pseudorevoluzzer an un der laanger Nues de Judd, ass jo sou gell?

  10. November 15, 2008 at 10:34 pm

    Jenny: Beroueg dech mol erem. Ech sinn net mam Grommel anverstaanen waat déi dach ziemlech iwerflächlech Ausso ungeht (Waars de an der Läscht schon mol op engem Rock/Metal-Konzert? Sinn daat och alles “Revoluzer” ?), mee als Fascho géif ech en net bezeechnen. An fir direkt mat der “Nazikeule” ze kommen beweist net onbedengt Diskusiounskultur.

  11. Chris
    November 15, 2008 at 11:21 pm

    Merde, lo wollt ech grad ufänke matzediskutéiren, mee vu dass schon een Nazi geblärt huet, ass d’Diskussioun jo riwwer.😦

  12. grommelnoss
    November 15, 2008 at 11:36 pm

    oh wat bass du eng domm noss! hues wuel zevill zait oder ze mann gehierzellen, fir deng zait mat sou onwichtegem bloedsinn ze verschwenden….mei well ech zu deser debiler diskussioun net mei baidroen!

  13. November 16, 2008 at 1:34 am

    hunn ech hei an e Wespennascht gestach? lol

    nestor: hehe, Merci fir de Link!

    jenny: jo sécher😉

    joel: ah, die gutt al Nazikeule! an nee, mech nerven just die Blani’en vun der UNEL. Ech sot jo schon, dass et manner un den Hoer per se läit.

    chris: jo,leider ze spéit, hehe.

    grommelnoss: du schéngs och zevill Zäit ze hunn, wanns de hei kanns en Commentaire kanns ofginn🙂

  14. Max (een anneren)
    November 16, 2008 at 3:44 am

    Wen ass strawdog? An wisou muss den Post hei interesseiren?😉

  15. November 16, 2008 at 10:08 am

    max (een aneren):

    och du bass häerzlech wëllkomm hei!😉

  16. Den laanghoregen "Gammler-Revoluzzer" en question
    November 16, 2008 at 7:39 pm

    Huhuhu, wat sidd där mer Leiwer hei. Ausser dommt Gesafts an Gepöbels kritt eisen gudden Strei(dommen)hond neicht op d’Rei. Wi gudd et sech dach iwwer d’Aeussert lästere leisst, soulang muss en sech net em den Inhalt kemmren, gell du =)

    Kinnt jo sinn, dass mer deen net vertsinn😛

    Allez, nach e scheinen Owend, a spillt nach gutt

  17. November 16, 2008 at 7:57 pm

    Du bass mir awer och e Lëschtegen🙂

    Ah jo, wat méch un der UNEL am meeschten stéiert, ass dass sie sech opspillt also op sie die offiziell Studentevertriedung wier dobäi sinn se mol guer net gewielt. An stellen ausserdem just den (extrem) lenken Flijjel vun den Studenten duer. Nämlech déi, die och der ‘Die Lenk’ nostinn. Wat jo just e Brochdeel vun allen Studenten ass. Mee sech dann awer emmer opspillen, wéi wann sie repräsentativ wieren … An den RTL promouvéiert dat och nach. Do woer dach och d’läscht Joer eng Kéier sou eng Waarem-Loft-Kampagne vun der UNEL, wou ech awer lo schon rem vergiess hunn, em wat et gaangen ass. Ass jo och egal, woeren jo just die üblech 10 Läit, déi do nees ‘manifestéiert’ haten. Ass jo och ok, därfen se jo och. Ech fannen wéi gesot den Numm vun der UNEL just irreführend.

    An wat die Saach mat den Hoer ugeet, stëmmt dach: stell der mol een mat kuerzen Hoer bei der UNEL fir. Deen wier dach guer net crédibel (eben just WELL sie jo eng extrem-lenk Organisatioun ass). Als gudden Lenken muss een jo awer och e bëssen Hippie an zotteleg ausgesinn. Wat jo och ok ass, all Gruppéierung huet hier Uniform.

  18. Luc
    November 16, 2008 at 8:19 pm

    Ech hun zwar zimmlech kuerz hoer …
    mee bon… lait vlait drun dat ech net lenks extrem sin(wat ass eigendlech definitioun dovunner?)… an trotzdem member vun der UNEL, oh wonner!
    war och suguer member vun der ACEL! nach mei ee wonner…
    an dat alles mat kuerzen Hoer… ee wonner!

    A propos numm. dat de numm dech steiert lait vlait drun dat et d’UNEL schon sait 80 joer get (nach emmer)… du kanns jo och eng organisatioun grennen dei heescht “national unioun vun de bloggeren” vlait promoveiert dech den RTL dann och…

    Oder bass du just gaaaaanz villl jalous?

  19. November 16, 2008 at 8:26 pm

    Just d’ass d’UNEL net vun Ufank un sou lenks woer😉

    An wouropper soll ech jalous sinn?

  20. Den laanghoregen "Gammler-Revoluzzer" en question
    November 16, 2008 at 8:38 pm

    ah, dh dein problem ass einfach dass se lenk ass…
    kay…ech hun och e problem mat denen fille rietse Wi**erten, dei et op der Welt ginn, trozdem fenken ech net un, Pauschaltheorien opzestellen…
    an mat Jonge wi där, dei ganz einfach nach net aus dem Sandkasten rausgewuess sinn, huet et am Fong net fill wärt ze diskuteieren, an hierer kandlecher Egozentrik sin se halt dozou an der Laach.

    Ech man der e Firschlach: komm op die nächst Foire, dann kenne mer daat ganzt gemittlech iwwert enger Tass Tei beschwetzen… wanns de dech dann eng Stennchen fun dengem Kombudder oofnuebele kanns.

    mer gesinn eis dann d’nächst joer.

  21. Pascal
    November 16, 2008 at 8:58 pm

    De Grommel ass vlait nach emmer am kaale Krich, wou een plump Lait an Riets a Lenks andeelt.

  22. November 16, 2008 at 9:21 pm

    ‘Gammler’:

    Du schéngs dech jo fir en ganz Cleveren ze halen🙂

    Ech hunn scho gesot, wat méch un der UNEL stéiert: sie sinn ferme lenks a maachen awer sou wéi wann se giffen d’Studenten allgemeng vertrieden. Wat natiirlech net stëmmt. Ausserdem hunn se och naiv-romantesch Revoluzzer-Virstellungen, déi ech meeschtens lächerlech (an heiandsdo riicht eraus falsch) fannen. Mee bon, an ären Alter ass dat wuel normal. D’Jugend soll jo och bëssen opmüpfeg sinn. Wat net heescht, dass se ëmmer Recht huet.

    An ech perséinlech considéréieren mëch weder riets nach lenks. Op béiden Säiten ginn et gutt Saachen. An idiotescher. Firwat soll een sech do op eng Säit festléen?

    Du kanns probéieren mech hei als Ignoramus duerzestellen, mee dat pickt mech net. Well et offensichtlech just eng kannerech Provokatioun ass.

    pascal:

    Nee. Mee un all Cliché ass eppes drun😉 An dorops huet och mäi eigentlechen Post ugespillt. Dass dorops hinn sech verschidden Läit verletzt gefillt hunn, ass hieren Problem. Net mäin. Wieren se souverän, dann giff hinnen dat näischt ausman.

  23. Pascal
    November 16, 2008 at 10:48 pm

    Jo, dat mescht dein Kommentar awer net onbedengt mei gescheit.
    Du stells eps an den Raum, schwetz vun irgendwelchen naiven Revoluzzer an kee wees virwaat. Sou kann een sech schlecht e Bild maan vun dengem “Problem”
    Sou eps fannen ech dann och extrem. Extrem hannerlisteg.

  24. Thierry
    November 16, 2008 at 11:39 pm

    Ech fannen et immens, dass d’Leit vun der UNEL hei mat fundéierten Aussoen kennen opwarden, di dem Grommel seng Behaaptungen total ennermaueren. Ech hu selten eng Diskussioun op sou héigem Niveau gesinn.
    Aus perséinlecher Erfahrung vu menger Zäit op der uni.lu wees ech, datt d’UNEL vun de Studenten awer souwisou net fir voll geholl gett, eben well se net gewielt sinn an an sech trotzdem sou behuelen.
    An ech hunn de Kommentar zu den Hoër witzeg fonnt, well jo effektiv all d’Jongen am Bild laang Hoër haten.

  25. Pascal
    November 17, 2008 at 12:16 am

    Just eng Fro : Wei eng Studente”vertriedung” ass gewielt ?

  26. Chris
    November 17, 2008 at 1:04 am

    Majo: keng. D’UNEL inclus.

  27. Max (een anneren)
    November 17, 2008 at 3:19 am

    Also ech haat nach zu kengem Moment den Androck, dass d’UNEL sech als DEI Studentenvertriedung dohinner stellt. Wann een daat schons sou seet, dann muss een daat och bessen differenzeirt betruechten an soen, dass d’UNEL sech als ENG Studentenvertriedung präsenteiert, an doruner ass absolut neischt falsch. Perseinlech huet et op mech awer bis lo eischter sou gewierkt, wei wann et einfach eng Grupp vun engageierten jonken Leit ass, dei sech bewosst net op eng Richtung fest leen an net an eng Kescht (lenks, riets, roud, greng, rosa, whatever) geheien lossen, mee einfach gesonden Menschenverstand benotzen fier ze probeiren eppes zum Positivem ze änneren. Daat ass och genee den Grond wisou ech lo och bei da UNEL mat wierken, an sie hun mein Androck an allen Aktiounen an Engagementer bis lo total bestätegt. An als nach rezenten net-Member den fierdruner nach keen eenzegen Member kannt huet, maassen ech mier och un, ze behaapten meng Meenung wier objektiv.

    Du, op da annerer Seit, hues een absolut net erkläerten, hannerluegten oder iwerlueschten Post gemach, an probeiers lo mat iergendengen Pseudo-argumenter iergendwei d’UNEL als dei Blöd dohinner ze stellen, nemmen well sie op eppes an gin waat jo wuel offensichtlech als eenzegt Motiv haat ze provozeiren. Zum Gleck haalen sech deng rhetoresch Fähegkeeten an Grenzen an jideren mat bessen Grips an engem halbwegs objekivem Ausgangspunkt realiseiert daat ganz vun aleng. Vu datts du dech sou schein selwer oof scheiss, ass een Weiderfeiren vun da “Diskussioun” och absolut onneideg🙂.

    MfG, den Max (mat den kuerzen Hoer)😉.

  28. November 17, 2008 at 10:27 am

    thierry:

    Merci, schéin ze gesinn, dass nach rational Läit hei sinn🙂

    pascal:

    Wéi den Chris gesot huet – keng.

    max:

    Deet mer leed, dass ech esou en beschränkten Mënsch sinn, deen sech kaum richteg ausdrécken an knapps schräiwen kann😉

    Ech wéilt ech wier sou sophistikéiert wéis du!

  29. November 17, 2008 at 12:30 pm

    Salut,

    Vläit läit hei och einfach e Messverständnis fir. Ech betruechten d’UNEL am Fong net als en Organ, dat den Usproch huet, sämtlech Studenten ze vertrieden, mee éischter d’Intressen vunn de Schüler a Studenten ze verteidegen. Inetwa sou, wéi d’ALPA sech fir Déierenrechter asätzt an de Meco fir d’Emwelt, a béide Fäll ouni gewielt ze sinn. An trotzdem, wann een Déieren iegendwou bedroht gesäit, kann ee sech un d’ALPA wenden. Sech fir iegendwelch Interessen anzesetzen, bedäit jo net automatesch, dass een jidfereen mat deenen Interessen offiziell vertrett.

    Doriwer eraus fannen ech och (net wertend gemengt), dass d’UNEL zimmlech lénkslasteg ass. Mee dat läit dann vläit einfach dorunn, dass soss keen partizipéiere well. (Aus wéiengen Ursachen och emmer) Et kann jo jidfereen Member ginn, op d’AG kommen, sech an de Comité wiele loossen etc…

  30. Chris
    November 17, 2008 at 2:49 pm

    Mee Manuel: Déiren an Emwelt hu keng Méiglechkeet sech selwer an deem Sënn ze “verteidegen” an dofir ass dee Verglach net wierklech ubruecht, denken ech. En plus hues de och do eng Pluralitéit un Organisatiounen, déi fir sech eng gréisser Wichtegkeet a Relevanz gesinn.

    Dofir muss een einfach deen Usproch rausliesen. Un enger qualitativer Diskussioun vun der UNEL wëll ech mech allerdéngs hei en manque de connaissance net bedeelegen. Ech wees, dass se mol Saache geäussert hunn, déi mer net gefall hunn, mee méi och net.

  31. November 17, 2008 at 2:54 pm

    Den Problem bei der UNEL ass, dass sie optrieden, wéi wann sie DEI Studentenvertriedung wieren. Wat jo awer net de Fall ass. Sie sinn just die lautstärkst oder villäicht och engagéierst. Mee dat heescht nach laang net dass se dowéinst automatesch en effet eng Majoritéit vun Studenten vertrieden.

    An dat meescht, wat ech vun hieren Aktiounen matkritt hunn (per Tele, wou se dann och Interviewen ginn hunn), woer naiven, pseudo-revoluzzer Kaabes. Opmanst a mengen Aan. Domadder well ech NET soen, dass sie keen Recht hunn hier Meenung sou ze äusseren! Just sollen sie kloer man, dass dat HIER Meenung ass an dass sie NET fir d’Majoritéit vun den Studenten schwätzen.

    De Problem läit also haaptsächlech an hierem NUMM, deen falsch Tatsaachen virspiggelt.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: