Home > Gesellschaft, Luxembourg > Den Tuerm ass nach méi schief.

Den Tuerm ass nach méi schief.

November 18, 2008 Leave a comment Go to comments

Rumeuren no läit Lëtzebuerg beim rezentesten PISA-Test ziemlech wäit hannen. Just nach virun Italien, Portugal, Griechenland a Mexiko.

Eisen Edukatiounssystem ass wirklech 1A. Soll een dem Léierpersonal an/oder den Läit aus dem Ministère net nach eng zousätzlëch Prime ginn fir hier gutt Aarbecht?

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Chris
    November 18, 2008 at 11:42 am

    Du hues ni e PISA-Test gema/gesinn. Also kanns de dat net beurteelen.

    Ech hunn en 2003 matgemaach, a krut Froen iwwer Physique/Chimie gestallt, obwuel ech op 5e war. Lo froe mer eis mol wéi d’Majoritéit vun de Lëtzebuerger Schüler, déi beäntwerte soll? Eben: mat Roden.

    Den Test an eise Schoulsystem sinn einfa net kompatibel an dofir ass en aussoschwaach. Gleef mer: eise Schoulsystem ass net hallef sou verrascht, wéi jidderee mengt. An déng Kritik um Léierpersonal ass och alt rem onberechtegt.

  2. November 18, 2008 at 11:48 am

    Chris:

    Du miss dach an der Tëschenzäit wëssen, dass ech nëmmen ongerechtferteg Kritiken man 😉

  3. Chris
    November 18, 2008 at 11:54 am

    Natierlech, wees ech dat. Mee vu dass du nach ëmmer der Meenung bass, dass deem net sou wier, muss ech jo awer all Kéier s laanscht kommen an der mam Fouss an den Aasch rennen. 🙂

  4. Max
    November 18, 2008 at 11:57 am

    +1 fir d’Onkompabilitéit. Soe mer einfach dass den Test net op Lëtzebuerg ofgestëmmt ass.

  5. November 18, 2008 at 12:06 pm

    Bëssen Polemik ass dach ëmmer gutt fir eng Diskussioun unzefachen. Heiandso geet et duer, wann een eng Frisur commentéiert, haha 🙂

  6. Thorben
    November 18, 2008 at 1:53 pm

    Véier Froen déi ech vu mengen Matstudenten gestallt krut:

    1. Et geet e Bild vum Gorbatchow em: “Who’s that bloke?” Ech: It’s Michail Gorbatchow. “Erm, who’s that?”
    2. Ech: “My parents come from the german coast” – Does germany have a coast?
    3. “Was Hitler world war two or world war one?”
    4. hun ech elo grad vergiess…
    Dovun oofgesin sin déi ganz Vermutungen, Letzebuerg wier an Däitschland, letzebuerg wier bei Polen oder Rumänien oder a Spuenien, zimmlech langweileg.
    Ech wees net ob e Letzebuerger Schüler ob enger Uni déi froen géing stellen

  7. November 18, 2008 at 1:57 pm

    thorben:

    dat sinn en effet krass, an domm, Froen … erschreckend.

    awer och zu Letzebuerg ze fannen. ech kennen Fraen, déi lo Léierin sinn an net woussten, wat Apartheid woer. och net grad iwwerzeegend …

  8. benem
    November 18, 2008 at 2:08 pm

    Also ech kann just soën, dass ech mat deem wat ech an menger Schoulzait geléiert hun, bis lo emmer gudd duerch d’Liewen komm sin. Emmerhin kennen mir eis quasi iwwerall op der Welt verstännegen. An wann ech kucken, wéi et an der Belsch ausgesait, do sin mir dach ganz gudd ausgebildt.

  9. Chris
    November 18, 2008 at 5:37 pm

    Du kanns dech dach net all Kéiers rausrieden, dass de mat e bësse Polemik wollts eng Diskussioun ufachen. Mat der Zäit gëtt et e bësse bëlleg.

    Umierken kéint een zum Beispill, dass mer an der PIRLS Etude 5. sinn, hannert Russland, Hong Kong, Deeler vu Kanada, a Singapur. Déi Länner hunn allerdéngs alleguer kee sou groussen Immigratiounshannergrond. Mee ech huelen un, du wousst dat an hues dat allerdéngs en vue vun dénger erwënschter Polemik net fir néideg gehal z’erwienen. E balancéierte Gedanken stéisst jo och net zur Diskussioun un, mee wier jo just informativ! Oh Schreck! Do wieren et jo vill manner Klicks a Kommentarer ginn!

    (Jo, ech kann och Polemik.)

  10. November 18, 2008 at 5:39 pm

    Duerfir hu mer jo dech, dass du eis opklärs 🙂

    Wann ech dech net dozou giff provozéieren, giffs de et jo net vum selwen man 😉

  11. Chris
    November 18, 2008 at 5:49 pm

    Ma wann et der dorems geet, da schreif mer néchste Kéier eng E-Mail. Ech fëllen déng Wëssenslücken gären. Lued mech einfach als Auteur fir däi Blog an an ech schreiwen der d’Artikel, da kriss du awer nach d’Klickzuelen, an ech muss däi sënnlost Gestëppels net méi liesen.

    Dann hu mer alleguer wat mer wëllen. 🙂

    (A lo so net, et géif mech keen zwéngen et ze liesen. Ech si Masoschist.)

  12. November 18, 2008 at 5:55 pm

    Du mëss dat, waats de muss man. Du mëss dat, waats de fir richteg hälls. Genausou wéi ech. Fräien Wëllen ass eng Illusion 🙂

    Ech stëppelen awer léiwer. En plus man ech dat guer net sou oft. Du brauchs also net wirklech ze soueren 😉

  13. Chris
    November 18, 2008 at 7:05 pm

    Ech soueren net, ech begrënne fondéiert firwat dass däi Bäitrag mer mëssfällt. Fir däin eegenen Terme ze benotzen: ech stelle just déng “Ignoranz” a Punkto vun desem Thema fest.

  14. November 18, 2008 at 7:10 pm

    Gutt, dat wier dann domadder notéiert.

    A wann eise System sou gutt ass, dann muss jo den Test wuel schlecht sinn … Firwat seet keen hinnen dat fir dass se deen dann mol änneren? Firwat man mer dann bei sou engem Test mat, wann en schlecht ass an näischt ausseet?

  15. Chris
    November 18, 2008 at 7:33 pm

    “Den Test an eise Schoulsystem sinn einfa net kompatibel an dofir ass en aussoschwaach.”

    Lies einfach mol, wat ech schreiwen. Ech sot net den Test wier schlecht, en ass net kompatibel mat eisem Schoulsystem. Dësen ass allerdéngs dëst Joer liicht ofgeännert ginn, dofir kann déi néchst oder iwwernéchst Ausgab vum Test eventuell scho ganz aner Resultater mat sech zéien.

    Mir man beim Test mat, well mer an der OECD sinn, an prinzipiell kengen Aktiounen vun den Organisatiounen, deene mer ugehéiren am Wee stinn. Wéivill Leit hunn an de vergaangene Joer genee dat hei schon an der Press ugeschwat, mee dat schéngt jo kee matzekréien, mer kucke just op d’Zuelen, déi mer nëmmen hallef verstinn.

  16. November 18, 2008 at 7:41 pm

    En net-kompatiblem Test giff ech als schlecht, opmanst fir eis, bezeechnen. Well en jo dann net die real Situation remgët. An sou aarem Geeschter wéi méch duercherneen mécht.

  17. Chris
    November 18, 2008 at 7:51 pm

    E gëtt allerdéngs déi real Situatioun rem, just net adäquat.
    Effektiv si Lëtzebuerger Studenten am Alter vu 15 Joer an den Naturwëssenschaften hannendran, vu dass bis ewell awer kee Fokus dorobber geluecht gouf, ass dat net wierklech genuch fir e Bild vun der Lëtzebuerger Educatioun remzeginn. D’Programmer vum Secondaire sinn allerdéngs well anescht an (och wann ech mat där Ännerung net wierklech zefridde sinn), ass dat eng Konsequenz aus dem Test, also ass en net schlecht. Wann dat a méngen Aussoen virdrun eventuell net sou kloer war, hoffen ech, dass et et lo ass.

    An dat mam “aarme Geescht” ass jo rem eng Provokatioun, déi s de mir wëlls ënnerstellen, déi s de allerdéngs ni vu mir héire wäerts. Dat gehéiert zum Jargon, vun engem Blogger, deen ech mat fundéierter Kritik aus der Bloggerszen verdriwwen hunn. Ech denken du bass e clevere Kärel, soss kéints de iwwerhaapt net sou (deelweis hannerhälteg) stëppelen. Du wees just net grad souvill iwwert all déi Saachen, iwwert déi s de awer gäre schwätze wëlls, wéi s de am Fong denks. Mee vu dass de souwisou iwwert alles diskutéiers, ass dat wéineg iwweraschend. Déng Ignoranz a gewëssen Themen leen ech der allerdéngs net zur Laascht (em Gottes Wëllen, ech wees genug selwer net), mee wéi s de se verschaffs ass e grousse Problem a méngen An. An dat son ech ëmmer, an ëmmer, an ëmmer rem.

  18. November 18, 2008 at 8:21 pm

    Ech hu sécher net iwwerall den totalen Duerchbléck an dat hunn ech jo och nie behaapt. An wéi gesot, ech diskutéieren gären.An do hëllefen pauschal Urteeler oder kontrovers Aussoen, zumools wann se sech em Letzebuerg dréinen. Dat gesäit een jo ganz kloer, wann een d’Comments vun den Artikelen vergläicht.

    Bei aneren Artikelen (lo net nëmmen Links oder Video’en) ass d’Reaktioun dach vill méi verhaalen. Wat awer och ok ass, well net all Thema kann all Mënsch interesséieren. An ech schräiwen jo och mol haaptsächlech fir mëch selwer. Eng Interaktioun ass awer och emmer interessant. An heiandsdo gët se och aktiv gesicht, hehe.

    Duerfir soen ech der Merci fir deng Comments hei. Et gesäit een, dass de dech mat der Matière beschäftegst and beschäftegst hues (wouhier eigentlech den Interesse? Studéiers de fir Prof?).

    Duerfir och nach eng aner Fro: Fënnt denger Meenung no (an du bass jo nach méi no drun wéi ech) an der Schoul en Dénivellement vers le bas (mam Ziel, dass méi Schüler hier Joren packen) statt oder ass dat och just eng Rumeur? Obwuel ech dat schon vun verschiddenen Proffen konfirméiert krut (oder opmanst woer dat hier perséinlech Meenung/Interpretatioun).

    An ech si virwëtzeg: Vun wat fir engen Themen, iwwert déi ech sou schräiwen, verstinn ech anscheinend manner wéi ech denken?

    Sëff roueg éierlech, du bass een vun mengen tréisten Lieser hei, ech schätzen dech an deng Attitüde 🙂

  19. Chris
    November 18, 2008 at 8:51 pm

    Et ginn Artikel vun dir op déi ech net kommentéiren, well se einfach kohärent sinn a keng weider Wierder brauch.Fir dann eppes à la “Hear, hear!” hannendrun ze schreiwen ass mer dann och ze blöd. Dass de eppes wéi dat heien allerdéngs fir dech selwer schreiws, woen ech awer mol ze bezweiflen. Dat hei ass méi Stil Leserkommentar an der LP. (Sorry, mee et ass esou.) Häss de eng kloer Fro gestallt fir Informatiounen ze kréien, déi s de net hues, oder déng Problemer net grad sou provokativ, mee méi strukturéiert duergeluecht, wiere mer grad sou wäit komm.

    Dass de op dësem Punkt net vill wees, déng philosophesch Iddien net differenziéiert sinn (du kanns net alles vum Twain einfa fir boer Mënz huelen), an aner politesch Astellungen (z.B. zur Juegd) vun Onkenntnis vu gewësse Matière geprägt sinn, ass jo awer wuel net ofzestreiden. Dofir hues de an anere Saachen sécherlech méi Duerchbléck wéi ech. Et ass och net sou, dass ech denken, dass de net méi dovunner wësse kéints, du bass jo offensichtlech interesséiert, mee all ze oft a méngen Aen ze séier virageholl.

    D’Iddi vum “Dénivellement vers le bas” ass a méngen Aen eng ganz komplizéiert. Jein. Engersäits gëtt sécherlech dem Schüler de Wee zu enger Diplomklass vereinfacht, dëst herno z’erreechen setzt awer nach wäitgräifend Kompetenze viraus. An do gesinn ech eng Schwieregkeet – Ajustatioun vun de Kompetenzen muss gläichméisseg gemaach ginn, an ob dat momentan geléngt ass dach net sou sécher. Ech géif et keng Rumeur nennen, et huet sécherlech munch Wourecht u sech, mee ob et wierklech en Dénivellement ass, ass eng aner Saach.

    Firwat ech um Thema interesséiert sinn:
    1. Méng Mamm ass am Enseignement, an dofir kennen ech déi absolut ongerecht Opfaassung vun där Aarbecht an der Ëffentlechkeet nëmmen all ze gutt. Eng Woch begräift regelméisseg 50+ Aarbechtsstonnen.
    2. Vu dass ech réicht viru kuerzem aus dem Lëtzebuerger Schoulsystem komm sinn, hunn ech mech natierlech fir dat interesséiert woumat ech mech grad befaasst hunn. E Mënsch, deen an enger Firma schafft, wees jo och, wat do leeft. Ech hunn d’Aarbecht vun der Press par rapport vun Themen wéi PISA/PIRLS ëmmer als onzefriddestellend gesinn, well ech fir mäi Goût der Meenung sinn, dass a méngen 13 Joer Schoul deelweis exzellent Aarbecht geleescht ginn ass.
    3. Jo, ech sinn drun interesséiert an den Enseignement ze goen. Och wa vill Leit mer dovunner ofroden, an ech wéi gesot all déi engativ Säiten gesinn a kennen, wëll ech dat awer man. Firwat? Well ech et fir wichteg halen, dass eis Kanner kompetent a mat Freed un der Saach erzu ginn an ech mir dat zoutrauen. Niewebäi hunn ech scho virdru mat Kanner geschafft, an dorunner wierklech vill Freed gehat.

    Sou, hunn ech domadder all déng Froe beäntwert? 😉

  20. Chris
    November 18, 2008 at 8:54 pm

    Nach eppes zum éischten Abschnitt. Ech mengen domadder, dass de déng Problemer häss sollen am Artikel, net réicht an de Kommentarer uschwätzen.

    Et ass sou dee Genre, mer schreiwen eng Dissert, an där näicht dra steet, a wa mer herno eng Datz kréien, streide mer awer mam Proff, dass mer awer gutt Iddien haten a sou munches am Virfeld net verstan haten. Fir beim Thema ze bleiwen. 😉

  21. November 18, 2008 at 9:20 pm

    Merci fir deng ausféierlech Bemierkungen.

    Ech ginn der Recht, dass mäin Post hei Pöbelcharakter hat. Man ech awer wéi gesot heiandsdo ganz gären a bewosst fir Reaktiounen ze provozéieren. Huet jo och bei dir opmanst geklappt. Ausserdem sinn ech sou puer interessant nei Elementer duerch dech gewuer ginn, déi ech virdrun net wousst.

    Allerdëngs sinn ech net denger Meenung, dass ech keng Ahnung hunn, vun wat ech schwätzen, wann ech Saachen wéi den Fräien Wëllen oder d’Juegd uginn. Vun mir aus kënnen mer roueg eng Kéier dem Mark Twain seng Theorien, oder d’Konzept vum Fräien Wëllen usech, diskutéieren. Déi läscht Kéier allerdëngs wéi ech dozou ugesat hat, woer deng Participatioun extrem limitéiert (wells de schon Kappwéi haas oder sou). Genau sou wéi ët virun laaaaanger Zäit eng Kéier de Fall woer, wéi ët em Gott gaang ass. Do waarden ech bs haut nach op deng Definitioun 😉

    A wat d’Juegt ugeet, do hunn ech, menger Meenung no, an du kanns mer jo den Géigendeel beweisen, nuancéiert argumentéiert. Mee natiirlech woer ech vun deem nuancéierten Argument voll iwwerzeegt (soulaang keen mer Fehler dran opweisst). Bass du net vun dengen Argumenter iwwerzeegt? Ech gesinn net, firwat een emmer wischi-waschi muss oder soll sinn.

    An ech duecht mer, dass du oder deng Famill eng enk Relatioun zu der Schoul hätt (oder wéilst hunn). An wanns de motivéiert bass e gudde Proff ze ginn an dat haaptsächlech wéinst de Kanner, emsou besser! Ass jo definitiv net emmer de Fall. An et ass natiirlech eng ordentlech Paye, zumools als Proff (an geschwenn als Schoulmeeschter), an eng sécher Plaz ass et en plus. Béides deet jo net wéi. Wees ech jo selwer an schätzen ech och. Duerfir, bonne chance an ech wënschen der, dass der däin Enthusiasmus erhalen bleiwt! D’Gesellschaft kéint nëmmen dovunner profitéieren 🙂

  22. November 18, 2008 at 9:22 pm

    Ah jo, an heiandsdo hunn ech keng Loscht en laangen Ugangsartikel ze schräiwen. En Diskussioun an de Comments entsteht dann wesentlech méi organesch an interaktiv. Dat mécht méi Spaass.

  23. Chris
    November 18, 2008 at 9:39 pm

    “A wat d’Juegt ugeet, do hunn ech, menger Meenung no, an du kanns mer jo den Géigendeel beweisen, nuancéiert argumentéiert. Mee natiirlech woer ech vun deem nuancéierten Argument voll iwwerzeegt (soulaang keen mer Fehler dran opweisst). Bass du net vun dengen Argumenter iwwerzeegt? Ech gesinn net, firwat een emmer wischi-waschi muss oder soll sinn.”

    Effektiv, du hues spéiderhin agelenkt, mee um Ufank wars de awer zimmlech toxkäppeg, wéi een op méngem Blog noliese kann. 😉
    A jo, ech si vu méngen Argumenter iwwerzeegt. Mee wann een eng gutt Iddi kann mir entgéint bréngen, kucken ech, dass ech se a ménger Argumentatioun selwer ënnerbruecht kréien. Dorauser entsteet awer a méngen Aen kee wischi-waschi.

    Un déi Diskussioun iwwer Gott kann ech mech iwwregens net erënneren. 😉

  24. November 18, 2008 at 9:56 pm

    Am Ufank gët mol eng relativ radikal Ausso gemaach fir de Buttek un d’Lafen ze kréien, nuancéieren kann een henno bei Bedarf nach ëmmer 😉

    An wann Argumenter bruecht ginn, déi raisonabel sinn, dann berücksichtegen ech déi och. Mat Wischi-waschi mengen ech, dass een einfach all Kabes akzeptéiert an alles relativéiert.

    Ech fannen deen Comment-Thread lo net erem … mee et woer irgendwéi em Gott gaang, ech mengen am Kader vun der Euthanasie, mee hunn en awer lo do net fonnt (oder iwwersinn), du has och an deem Kader deng Mamm (oder hieren Glaawen) mengen ech erwähnt, soit, wéi och ëmmer ass schon laang hier. Ech hat dech just gefrot, wat dann fir dech Gott wier. Die Definitioun ass awer nie komm gewiescht, hehe.

    An ech gesinn, du bass och net op mäin Twain/Fräien Wëllen Challenge agaang 😉

    Kënnen mer dann zu gegebener Zäit eng Kéier man.

    Ech hoffen just dass deng primär Wëssensquellen an der Tëschenzäit iwwert Galileo an Wikipedia rausginn 😉

  25. Chris
    November 18, 2008 at 10:03 pm

    Dat mat de primäre Wëssensquellen war deemols e Witz. 😉
    Du hues awer e gutt Gedächtnis.

    Mee ech ka mech wierklech net erënneren, dass ech je vu ménger Mamm hirem Glawen geschwat hätt, well am Fong ass se net gleeweg. Kann et sinn, dass de mech do verwiessels. :S

    Méng Meenung zur Euthanasie kann ee jo bekanntlech op anerer Plaz noliesen…

  26. Chris
    November 18, 2008 at 10:05 pm

    Ah jo, zum Twain: de fräie Wëllen ass eng interessant Saach. Ech géif gäer doriwwer diskutéiren, mee d’Saach ass déi, dass ech am Géigesaz zu dir keng fest Meenung dozou hunn. Ech gesi keng wierklech Wourecht, mee just e philosopheschen Engpass.

  27. November 18, 2008 at 10:53 pm

    Ok, wann ech behaapten, dass den ‘Fräien Wëllen’ eng Illusioun ass, dann ass dat natiirlech iwwerdriwwen an provozéierend well dat jo net definitv ze beweisen ass. Mee et ginn vill Argumenter (analytescher, philosophescher a wëssenschaftlecher), déi en dach ferme a Fro stellen. An dann, wéi et sou meng Art ass, erklären ech einfach meng Iwwerzeegung mol am Ufank als richteg, well dat die aner uspornt ze attackéieren an ze probéieren fir hier Meenung ze beweisen.

    An dann geet dat sou hin an hier, an henno kucken ech wat vun béiden Theorien iwwerreg ass. Souzesoen eng Zort ‘Survival of the fittest’, wat awer lo éischter d’Argumenter allgemeng ugeet, wéi d’Theorien usech, well do kann een jo wéi schons gesot, weder dat eent nach dat anert schlësseg an endgülteg beweisen. Mee sou kann een gesinn, wou bei béiden Theorien d’Stärkten an d’Schwächten sinn an dorausser Schlësser zéien. An huet hoffentlech esou eppes bäigeléiert.

    Natiirlech kann een dach och méi douce an didaktesch man. Wat mir awer oft e bëssen ze langweileg ass 😉

    So, an lo geets duer hei fir haut. Bis demnächt dann in diesem Theater!

  28. November 18, 2008 at 10:54 pm

    Ka sinn, dass ech mech dann bei der Gott-Diskussioun ge-iert hunn, obwuel ech mer BAL sécher sinn. Mee bon. Kanns jo bei Geleegenheet awer eng Kéier deng Definitioun ginn. Falls de eng hues an un sou eppes gleews.

  29. Thorben
    November 20, 2008 at 4:31 am

    Chris, et ass mir prinzipiell egal obs du deng Lieser vergrauls. Mee säit 3 Meint sin deng Lieser och meng Lieser. Sief fein.
    Naja, eigentlich sidd dir jo och fein. Ech erenneren mech grad un dee Schwaachkapp vun Mach4un

  30. November 20, 2008 at 9:18 am

    thorben:

    keng Panik! 😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a comment