Home > Gesellschaft, Wëssenschaft > ‘Culture of honor’.

‘Culture of honor’.

November 27, 2008 Leave a comment Go to comments

Liesen grad en interessanten Essay iwwert d’Phänomen vun der ‘culture of honor’, wou den ‘Ehrenmord’ jo eng grouss Roll spillt. Hautzudags kennt een dat jo haaptsächlech just nach aus dem islameschen Kulturkrees, oder villäicht och nach aus Sizilien oder Korsika.

Am spéiden 19. a fréien 20. Johrhonnert woer déi Gesellschaftsform awer och an den USA deelweis nach ganz aktuell. Besonnesch an deemools extrem verloossenen Géigenden wéi deenen ronderem d’Appalachian Mountains. Do hunn jeweils zwou verfeindten Familjen sech géigensäiteg Kricher erklärt. An die allermeescht vun dësen Familjen woeren scottish/irish-stämmeg an haten déi rau Sitten aus hierem Ursprungsland (resp. den Ursprungsgesellschaften, wou des Verhalensweisen sech erausgeschielt haten) materiwwer bruecht an dat huet Generatiounen gedauert bis do en Mentalitéitswiessel stattfonnt hat. Do gesäit een mol, wéi laang sou Traditiounen kënnen nowierken an wéi schwiereg et ass, sou Däiwelskreesser a Verhalensmusteren ze briechen.

Bemierkenswäert ass och, dass an dësen Géigenden, an usech generell an den Südstaaten,  d’Diebstahl-Rate e gudd Stéck méi niddereg woer wéi am Rescht vun den USA. Par conter woer awer d’Mord-Rate vill méi héich. An dat hat e gudde Grond: Gewalt gouff net aus finanziellen Grënn ugewand, mee aus perséinlechen. D’Läit hunn sech wéint hierer Éier geklappt (an embruecht).

Bon, wéi och ëmmer. Ech fannen sou Saachen interessant. Zumools een jo och nach haut heiansdo vun sou Verhalen héiert. Misst een dat och mol hei testen an einfach eng ganz Rëtsch Läit subtil provozéieren an vernennen. An dann kucken, ween sech doduerch beleidegt fillt, ween aggressiv gët an op et do Musteren ze erkennen gët. Social sciences wier nach menges, hehe.

  1. Chris
    November 28, 2008 at 1:27 pm

    Dat heescht du wëlls préiwen, ob wann ech dir de Kapp aschlon, dat domadder zesummenhängt, dass méng Virfueren vun Esch sinn?😉

  2. November 28, 2008 at 3:24 pm

    Falls dat eng Reaktoun wier, déi bei villen Escher giff virkommen a soumadder e Muster giff duerstellen, da wier dat schon eng Analyse wäert🙂

    Giffe bestëmmt interessant Erkenntnisser draus kënne gezunn ginn.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: