Home > CurrentReading, Geschicht, Literatur > Current reading (2)

Current reading (2)

November 29, 2008 Leave a comment Go to comments

Am Lycée gët een jo normalerweis mat Bicher aus dem, oder iwwert den, Zweeten Weltkrich quasi erschloen. Duerfir hung mir perséinlech dat Thema laang Zäit zum Hals eraus.

Duerch Zoufall sinn ech dann desläscht op ‘The boy in the striped pyjamas‘ vum John Boyne gefall, enger ‘Fabel’ zum Thema Holocaust. Well ech och mol rem e bëssen Fiktion (obwuel dat an dësem Kader natiirlech lo bizarre klengt) liesen wollt, hunn ech et kaaft. Zumools ech d’Ausgangsiddi (vir den Holocaust, oder opmanst d’Konfrontatioun domadder, duerch Kanneraan ze erzielen) interessant fonnt hunn, zumools een sou die Absurditéit besonnesch gutt duerstellen kéint.

D’Geschicht ass net ganz schlecht (and d’Intentioun ass gutt), mee definitiv e bëssen lahm an natiirlech extrem onrealistesch (mee d’Uleies vum Auteur woer jo fir eng Allegorie ze schräiwen). E Wuertspill, wat ech suwuel orginell wéi stéierend fonnt hunn, woer dass den Bouff den Hitler ëmmer just als ‘the Fury’ erwähnt huet. Usech eng super Iddi, ausser, dass se natiirlech net mat engem däitschen Jong funktionnéiert, mee bon …

Bei Amazon ginn et eng Rëtsch Kritiken, déi d’Problemer vum Buch an wéi d’Thematik ugepaak ginn ass, beschreiwen sou dass ech dat lo hei net verdéiwen wäert.

Allerdëngs huet d’Buch méch awer nees fir d’Thematik vum Holocaust interesséiert kritt. Nach wesentlech méi poignant sinn natiirlech Aanzéienberichter vun Kanner aus der Zäit … eréischt, wann een sou Texter liest gët engem die ganz Absurditéit, Barbarei an Tragédie wirklech kloer … De Mënsch ass schon en bizarrt Déier. Den Holocaust, Rwanda, Jugoslawien, etc beléen dat jo ouni Zweifel.

Sou Themen mussen och weiderhin an de Schoulen natiirlech behandelt ginn. Awer villäicht man se dat an der Tëschenzäit jo op eng méi efficace Manéier, wéi zu mënger Zäit.

Zeréck zum Buch: ech hat et an ronn 4 Stonnen duerch gelies. Meng Note: 5/10.

  1. Pit
    May 23, 2009 at 9:41 am

    Am Fong wollt ech de Film kucken goen deen am Moment am Kino leeft, mee duerch den mëttelméisseg Bewäertung vum Buch froen ech mech op ech mer de Film soll undoen.

    Hues de de Film vläicht scho gesinn, an kann mer soen op de besser ass?

  2. May 23, 2009 at 11:08 am

    Nee, ech hunn en net gesinn. Mee och d’Kritiken déi ech gelies hunn, si net immens …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: