Home > Gehir, Gesellschaft, Wëssenschaft > Warnung: Ferien gefährden ihre Intelligenz!

Warnung: Ferien gefährden ihre Intelligenz!

November 30, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech sinn grad am Gaang dem Malcolm Gladwell säin neit Buch ‘Outliers‘ ze liesen (en kompletten Review kënnt méi spéit) an et ass voll mat faszinanten Erkenntnisser. Een Kapitel analyséiert den Schoulsystem (wat ech perséinlech en ganz interessant Thema fannen) a firwat Kanner aus räichen Familjen generell besser Resultater hunn, wéi Kanner aus aarmen Familjen. An die ziemlech onerwaarten (opmanst fir mëch) Erklärung: zevill laang Vakanzen an ze man eigentlech Schoulzäit.

An sou sinn se drop komm:

Am éischten Schouljoër sinn d’Differenzen an den Testresultater tëschent aarmen a räichen Kanner nach relativ kleng (329 zu 361 Punkten), am fennëften Schouljoër huet déi Differenz sëch awer schon méi wéi verduebelt (461-534). Normalerweis gët dat dann doduerch erkläert, dass soit die méi aarem Kanner méi en nidderegen IQ hunn oder dass eis Schoulen irgendwéi versoen an deenen aarmen Kanner d’Saachen net gutt genuch bäibrëngen kënnen.

Mee wéi et schéngt, ass keng vun deenen zwou Erklärungen richteg. Well et ass dunn een op d’Iddi komm fir ze kucken, wéivill die jeweileg Kanner sech pro Schouljoër (vun September bis Juli) verbessert hunn. An do sinn die aarem an die räich Kanner quasi gläich op! An zwar 189-184 Punkten. Dat heescht, dass béid Gruppen d’selwecht vill an der Schoul bäigeléiert hunn. Wou kënnt also die Differenz hier, wann et net un deem läit wat AN der Schoul geléiert gët? Richteg! Sie kënnt aus deem hier, wat AUSSERHALB vun der Schoul passéiert.

Fir déi Theorie ze testen hunn se dunn gekuckt, wéi den jeweilegen Kanner hieren ‘reading score’ direkt no der grousser Summervakanz ausgefall ass. An kuck do: deenen aarmen Kanner hieren ‘reading score’ ass no der éischter Summervakanz ëm 3.5% gefall während en bei den räichen Kanner ëm 15% geklomm ass! No der fennëfter Summervakanz huet een bei den aarmen Kanner en Total vun +0.26 % an bei den räichen Kanner een vun +52.49%!

A wéi kënnt dat? Natiirlech doduerch, dass räich Kanner (normalerweis) méi edukéiert Elteren hunn, déi sëch och an der Fräizäit vun hieren Kanner ëm déi këmmeren. Sie ginn mat hinnen an de Musée, ginn hinnen Bicher fir ze liesen, diskutéieren mat hinnen, etc. Aarem Kanner (déi meeschens éischter ignorant Elteren hunn, déi selwer net grad eenz ginn) tendéieren éischter dozou an hierer Fräizäit haaptsächlech ronderem ze hänken, Tele ze kucken, Videospiller ze spillen, villäicht Sport ze man, etc. DAT ass also den Grond firwat se méi schlecht sinn, an net well se (generell gesinn) genetesch méi domm wieren an déi intellektuell Fähegkeeten net kéinten entwéckelen. Die aarem Kanner vergiessen an hierer Fräizäiz just nees ales vill méi séier, wéi die räich, well sie, eben am Géigensaatz zu deenen anren, sëlwer näischt dofir maachen fir hiert d’Wëssen ze behalen, voir auszebauen.

Dës Erkenntnis gët och konfirméiert duerch en Schoulprojet an den USA (KIPP)*, un deem Kanner aus sozialen Problemschichten per Lotterie kënnen deelhuelen. Kanner an deenen Schoulen hunn bis zu 50% méi Léierzäit an hierem Stonneplang wéi d’Kanner an deenen ‘normalen’ Schoulen. Wat och doduerch kënt, dass sie zB Samsdes an d’Schoul musse goen an och manner laang Summervakanz hunn. An och doheem mussen se nach méi Hausaufgaben man wéi d’Schüler an traditionellen Schoulen. Ausserdem ginn se och Saachen wéi Disziplin, Responsabilitéit, Respekt, etc geléiert. Dat klengt no, an ass en effet, natiirlech e gudde Koup Stress méi wéi normal. Mee d’Resultater schwätzen fir sëch: 90% vun dësen KIPP-Schüler kréien Stipendien vun privaten Highschools (hier Elteren kéinten dat jo nie bezuelen) a mussen also net an hier relativ delabériert Public Schools goen, an 80% vun hinnen ginn henno weider op den College (oft sinn sie die éischt an der Famill, déi sou eppes man). Sou gesinn ass et wuel keen Fehler fir en Deel vun senger Fräizäit/Kandheet ze opferen (Kanner aus räichen Familjen man dat an engem gewëssen Sënn jo och mat all hieren Zousaatzcouren, etc) fir dann awer henno ordentlech Chancen ze hunn aus der Armut erauszekommen. Well d’Alternativ ass jo wéider ze piddelen, wéider Zäit ze verschwenden, sech villäicht eg Zäit gutt z’amëséieren mee awer à la longue aarem ze bléiwen!

Eng interessant Randnotiz ass, dass eisen Schoulsystem mat sengen laangen Vakanzen schéngt eng Konsequenz ze sinn vun eisem Agrarwiesen. Am 19. Johrhonnert ass d’Gehiir vum Mënsch (an zumools vum Kand) wéi en Feld ugesinn ginn: et däerf een et net iwwerstrapazéieren an muss et heiandsdo brachleien loossen, soss kënt et zur Katastroph an et kann guer näischt méi leeschten. 1871 huet zb den Kommissär vun der Edukatioun en Bericht vun engem Edward Jarvis mam Titel “Relation of Education to Insanity” publizéiert, an deem behaapt gët, dass 205 vun 1741 Fäll vun Wahnsinn ‘over-study’ schold woer: ‘education lays the foundation of a large portion of the causes of mental disorder’ … Duerfir also nët iwwerstrapazéieren a schéin laang Vakanzen man (natiirlech hunn ech mech fréier och iwwert 2 Méint Vakanz gefreet, mee ab engem gewëssen Moment hunn ech och fonnt, dass et einfach ze laang wier an hätt zb méi oft awer méi kuerz Vakanzen besser fonnt).

Am Géigensaatz dozou stinn d’Asiaten, déi duerch hier ‘Räis-Kultur’ (déi sech total vun éiser ‘Weess-Kultur’ ennerscheed) eng ganz aner Approche zum Schaffen (a Léieren) hunn: desto méi, desto besser! Dat erkläert och firwat d’Asiaten bei internationalen Concouren, zumools an der Mathe, emmer ganz vir dobäi sinn. Dat gët allerdëngs an engem aneren Kapitel vun dësem Buch nach separat méi genau erkläert.

*KIPP Schoulen sinn Primärschoulen. Hier Klassen sinn grouss: all fennëft Schouljoër huet zwou Sectiounen vun je 35 Schüler. Et ginn keng Examen oder Konditiounen fir ugeholl ze ginn, dat geschitt per Lotterie. D’KIPP Schoul an der Bronx besteet aus zu je enger Halschent Schwaarzen an Latinoen. D’Elteren vun dräivéirels vun hinnen sinn Alleinzerziehend.90 Prozent vun hinnen hunn Urecht op gratis oder präiss reduzéiert Mëttesiessen an der Schoul well hier Familjen sou aarem sinn.

  1. November 30, 2008 at 7:22 pm

    Nach kee Kommentar? Nach net gelies? Vill beschäftegt haut? Oder midd? Oder gelangweilt vum Sujet?😉

  2. Chris
    November 30, 2008 at 9:36 pm

    Du bass awer alt rem sou kommentargäil, hei sinn ech jo.🙂
    War lo zwee Deeg zu Edinburgh an hunn den Artikel dofir lo réicht gelies, mee hei ass jo däi Kommentar.

    Ech si begeeschtert dovunner, dass de sou eppes lies an iwwerleen mer, mer dat Buch och zouzeleen. Déi Etude mecht op den éischte Bléck wierklech Sënn an ech si frou, dass d’Schold vun de sozialen Differenzen mol eng Kéier net beim Léierpersonal festgema gëet.

  3. November 30, 2008 at 11:03 pm

    Ah, Chris, ech wousst, dass op dech verlooss ass!!🙂

    Ech kann dat Buch nëmmen recommandéieren. Et huet eng Rëtsch faszinant Beispiller an Erkenntnisser. Kanns mer jo soen, wats de vum Buch hälls, wanns de et gelies hues.

    Et wäer ze hoffen, dass esou Erkenntnisser mat an zukünfteg Edukatiounsprojet’en giffen fléissen … Et kann een net einfach maachen, wéi wann jidereen automatesch d’selwecht wier.

    Ah jo, an ‘Tipping Point’ vum Gladwell ass och exzellent. ‘Blink’ hunn ech als manner gutt an Erennerung, misst et villäicht nach eng Kéier liesen.

  4. Thorben
    December 1, 2008 at 1:48 am

    dir wäert jo net nach kolleegen gin?

  5. December 1, 2008 at 9:30 am

    D’ass jo lo geschwënn Chrëschtdag, dann ginn ech ëmmer ganz soft an sentimental😉

    Mee ech schätzen de Chris definitiv, och wann ech net emmer senger Meenung sinn.

  6. December 1, 2008 at 1:05 pm

    Wou ech daat mam Agrarsystem gelies hunn, hunn ech gemengt, et wier well d’Kanner am Summer um Feld hätten sollen hellefen. An: natirlech verléiert een während Vakanzen, mee ginn et och Etuden dozou, wéivill een innerhalb engem Schouljoer verléiert?

  7. December 1, 2008 at 1:44 pm

    Jo, innerhalb vun engem Joer léieren se all bäi.
    An dat steet a mengem Artikel😉

    “Well et ass dunn een op d’Iddi komm fir ze kucken, wéivill die jeweileg Kanner sech pro Schouljoër (vun September bis Juli) verbessert hunn. An do sinn die aarem an die räich Kanner quasi gläich op! An zwar 189-184 Punkten (total no 5 Joër).”

    Hei ass och nach en Kommentar zum Thema.

    Wat d’Origin oder den Historique vun der Summervakanz ugeet, do ginn ech lo mol nach bessen gruewen. Wäert wuel eng Kombinatioun vun verschiddenen Saachen sinn. Mee den Effet bléiwt jo deen selwechten egal wéi.

  8. December 7, 2008 at 1:30 am

    Merci fir dee Artikel! Ech hunn dat lo mol a mäi Facebook-Profil gepost. Vu que dass ech vill Enseignanten als Kontakt hunn, dréit dat vläicht dozou bäi, fir sou Erkenntnisser och um “Terrain” ze verbreeden, nom Motto “spread the word”.

  9. December 7, 2008 at 11:11 am

    georges:

    cool! wier interessant e puer Kommentairen vum Léierpersonal ze kréien.

  1. December 25, 2008 at 1:17 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: