Home > Gesellschaft, Luxembourg > Skandal!

Skandal!

December 2, 2008 Leave a comment Go to comments

Anscheinend well den Nous Grand Duc d’Euthanasie-Gesetz nët ennerschräiwen!

Et kann dach net sinn, dass een Eenzelnen aus perséinlechen, ideologeschen Grënn d’Muecht huet esou eppes zum Kippen ze bréngen. Net e Grand Duc, net e Poopst, keen sollt engem aneren soen kënnen, wéi hien an engem Extremfall stierwen well!

(via Charel)

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. December 2, 2008 at 12:32 pm

    Wéi ass dat wan ee wëll Konstitutioun ännren, do brauch een eng 3/4 öffentlech Mehrheet? Wees een dat?

  2. Chris
    December 2, 2008 at 12:39 pm

    Dat do kléngt wéi eng zimmlech Ligegeschicht.
    Dat mat der Verfaassungsännerung ass sou onglafwierdeg, dass ech mer dat ganzt net virstelle kann.

  3. Thorben
    December 2, 2008 at 12:42 pm

    Also déi leschte Kéier wéi een vun eisen Monarchen eppes net wollt ennerschreiwen wor dat jo kee Problem: Fort mam Monarch. Grand-Duc Guillaume!

  4. December 2, 2008 at 12:51 pm

    Den Xavier Bettel säin Status-Message vum Facebook léisst indiquéieren, dass den Lannenhari en effet dogéint ass …

  5. Thorben
    December 2, 2008 at 12:54 pm

    ass daat deen éischten post uni punkt hannert dem titel?

  6. December 2, 2008 at 12:55 pm

    haha, wees net. mengen awer net😉

  7. December 2, 2008 at 12:57 pm

    Woer deng Heng der Meenung hier wier der CSV eppes schëlleg oder wéi … ?

  8. December 2, 2008 at 1:10 pm

    du wees dach wuel dass eis groussherzoglech Famill aus Engelen besteet!

  9. December 2, 2008 at 1:10 pm

    D’Grand-Ducs waaren emmer schon eischter “konservativ”, et ass jo och eng roud/lenks Regierung ofgesaat ginn – also keng Première. Mee Verfassungsännerung, waat heescht daat? Republik?

  10. Thorben
    December 2, 2008 at 1:10 pm

    sollt deen sech dogéint wieren keint ech mir viirstellen dat mer der republik e schrakk mi no wieren.

  11. December 2, 2008 at 1:11 pm

    A firwat och keng Republik?

    Oder eng WIRKLECH repräsentativ Monarchie, also NEMMEN repräsentativ Funktiounen. Awer keen sou en Pouvoir, wéi deen do.

    Ech hoffen dat do gët lo en fermen Backlash fir den Heng!

  12. December 2, 2008 at 1:13 pm
  13. December 2, 2008 at 1:18 pm

    Ech hu lo mol e Mail heihinner geschéckt: service.presse@gdl.etat.lu

    Net, dass sie dat interesséieren wäert, mee dann wëssen se meng Meenung.

  14. Thorben
    December 2, 2008 at 1:33 pm

    Ech fannen eis Monarchie cool. Letzebuerg huet eben keng Anstänneg Soap, dofir hu mir eis Monarchie.
    Meeee wann GZSZ awer abeemol am däitschen Bundestag geing matspillen, da wier dat net cool.
    An dat doten ass net cool.

  15. December 2, 2008 at 1:44 pm

    Ben also mäin Breif hun se an der Inbox (oder am Spam Filter)

    http://www.betz.lu/index.php/2008/12/02/aentwert-fier-den-heng?blog=5

  16. Romain
    December 2, 2008 at 2:40 pm

    Sorry ma ech mengen et get Zeit dat dee Mënsch mol mierkt dat hien falsch geweckelt ass.

    Wann hien Gewessensprob. mam Txt huet, dann ass daat sei gudd Recht.
    Wann hien sech allerdengs geint d’Vertrieder vum Vollek stellt, dann soll hien conséquent sinn.

    E Referendum iwert den Thema gekoppelt mat der Froo op mer nach eng Monarchie wellen ass dei eenzeg propper Leisung.

    1914 woren mer schons esou weit.

  17. December 2, 2008 at 3:36 pm

    Ech hu kee Problem mat der Monarchie usech. Suguer, das mer se fir hier repräsentativ Zwecker BESSEN finanzéieren. Mee sie soll ABSOLUT keng politesch Pouvoiren hunn, a schon guer keng Veto-Rechter!

    D’CSV wäert lo op Zäit spillen an op die nächst Wahlen hoffen, wou sie dann die néideg Majoritéit wäerten hunn, fir dat Gesetz egal wéi ze kippen. Mat oder ouni Heng.

  18. December 2, 2008 at 3:37 pm

    Romain:

    Absolut d’accord!

  19. December 2, 2008 at 3:44 pm

    Charel:

    Gudde Bréif. Giff ech direkt ënnerschräiwen. Dann hunn se de jo lo mol opmanst 2 an der Inbox😉

  20. denjclaude
    December 2, 2008 at 4:31 pm

    Versetzt Iech emol an Seng Lag.
    Dir sidd dann Grand-Duc an gleewegen Chrëscht.

    Giff Dir dat Gesetz dann ennerschreiwen?

  21. December 2, 2008 at 4:47 pm

    Firwat net? Si mer bei den Taliban?

    An et ass also ‘Gott’ deen Läit Méintelaang leiden léisst éier en sou ‘güteg’ ass fir se dann endlech ze erléisen an stierwen ze loosen??

    A wann dem GD säin Glaawen et verbidd, dann soll eng Léisung fonnt ginn, dass hien et net ze ennerschräiwen brauch! Nach eng Kéier: si mir hei am Mëttelalter?

  22. Thorben
    December 2, 2008 at 4:52 pm

    Jo. Well ech meng Bestemmung muss iwwert mäin perséinleche Glaawen stellen.
    Aanert Beispill: Stell der mol fir et fiert een Ambulanz. Helleft deen Leit déi vläit dohem Fotoen vum Adolf hänken huet an Hakenkräizfändelen? Als iwwerzeegtenen Lenksliberalen?

    Giffs du dem Mensch hellefen?

    An nee, dat ass net Äppel mat Bieren verglach, well mir hun hei an béiden Fäll leit déi géint hier perséinlech Iwwerzeegung mussen Décisiounen huelen.

  23. Cartman
    December 2, 2008 at 5:00 pm

    Ganz denger Meenung strawdog. Sinn absolut fir eng representatif Monarchie ouni iergendwelche Pouvoir. Et kann dach net sinn, datt hei een aleng ka bestëmmen, op e Gesetz ugeholl gëtt oder net. Demokratie ass eppes anëschters.

  24. December 2, 2008 at 5:27 pm

    an e Godwin Punkt fir den Thorben, dann ass d’Diskussioun hei jo gelaf

  25. December 2, 2008 at 5:30 pm

    checo: haha😉

  26. denjclaude
    December 2, 2008 at 5:32 pm

    Et kann een eng Monarchie wou deen Eelsten aus der Famill herscht, dach just mat enger heiger Muecht legitimeieren. Do passt dann je no Relioun den Gott, oder d’Götter oder och den Zoufall drann. Deen Monarch selwer kann dat net a Fro stellen well en sein Status soss selwer a Fro stellt.
    Am Fall fum Grand-Duc kann en dat Gesetz net ennerschreiwen well et ganz kloer am Widdersproch zu sengem Glaawen steet. An deen Glaawen legitimeiert och seng Positioun!
    Aus deem selwechten Grond kann een dat net trenne goen an d’Beispill mam Ambulancier funktioneiert hei leider net.

    Datt net jidereen mat senger Decisioun averstaanen ass absolut ze verstoen, mee dann muss een sech bei der Chamber beschweieren an deene soen et hätt een gären en gewielten President. Deen huet deen Problem mat der Legitimiteit iwert d’Relioun net a kann dann dat machen wat an sengem Parteibichelchen steet an domadder dat firwat en gewielt gouf.

    P.S.
    D’Ironie an deer Monarchie-Sach do ass jo dat et een gewieltenen Monarch ob der Welt gett. An zwar de Poopst. Deen gett net direkt fun Gott gewielt, mee fun den Kardineeel.

  27. December 2, 2008 at 5:38 pm

    jclaude:

    – dass een fir Grand Duc ze ginn keen Examen brauch ass offensichtlech …
    – dës Geschicht ass en Grond méi endlech Kierch & Staat richteg ze trennen
    – Chrëschten giffen soen, dass den Hëllegen Geescht den Poopst wielt (teschnech gesinn)

  28. December 2, 2008 at 6:02 pm

    Den Grommel huet Recht, theoretesch kann all erwuesene männleche Katholik zum Popst “gewiehlt” ginn.
    Mee wéi ass et mat der Legitimiséierung duerch eis Verfassung? Do steht daat jo dran, en brauch sech also net méi op Gott ze beruffen.

  29. denjclaude
    December 2, 2008 at 6:37 pm

    @Strawdog

    Leider ass d’Relioun eng vun villen Platzen wou den Staat sech amescht amplatz d’Fanger ewech ze lossen. Datt Kierch an Staat solle getrennt sinn ass absolut richteg! Dat Eent sollt neischt mat deem Aneren ze dinn hun. An wat mein Noper oder ech gleewen ass seng respektiv meng perseinlech Sach an do soll keen mer därfen dra schwätzen. Esou lang ech mech natrilech un dei allgemeng Gesetzer fum Staat halen dei hoffentlech dann als Basis dei allegemeng Menscherechter hun.

    @Fireball/Joël
    Wat dei Legitimatioun ugeet fannen ech et och problematesch dat „par la grace de dieu“ gestrach gouf. Wann net dieu, wien dann?

    Eng reng representativ Monarchie wellt ech aus deem Grond och net. Wann ech der Meenung sinn dat souwisou keng heiger Muecht den Staatschaf erauswielt, dann soll d’Volleck dat och mussen machen.

  30. December 2, 2008 at 6:51 pm

    jclaude:

    >An wat mein Noper oder ech gleewen ass seng respektiv meng perseinlech Sach an do soll keen mer därfen dra schwätzen. Esou lang ech mech natrilech un dei allgemeng Gesetzer fum Staat halen dei hoffentlech dann als Basis dei allegemeng Menscherechter hun.

    d’accord

    >Wat dei Legitimatioun ugeet fannen ech et och problematesch dat „par la grace de dieu“ gestrach gouf. Wann net dieu, wien dann?

    D’Traditioun! D’Geschicht!

  31. denjclaude
    December 2, 2008 at 9:33 pm

    @strawdog
    >D’Traditioun! D’Geschicht!

    Wou wier dann do den Ennerscheed zur Relioun?

    Ech gesinn keen Ennerscheed ob een gleewt freier wier dat meescht richteg gemach gin an et dofier och an Zukunft esou mecht.
    Oder ob een gleewt dat eng bestemmten Interpretatioun fun engem Buch (Bibel) dei richteg Grondlag fier Entscheedungen wier.

  32. December 2, 2008 at 10:02 pm

    jclaude:

    dat do giff op eng Diskussioun Zoufall oder Schicksal rauslafen😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: