Home > Gehir, Religion/Philosophy > Här am eegenen Haus.

Här am eegenen Haus.

December 3, 2008 Leave a comment Go to comments

An nee, Surprise, et geet dës Kéier mol eng Kéier nët em eise Nach-Souverain. Mee ëm mëch resp. usech ëm eis alleguer. Wourunner een ëmmer rem gesäit, dass een net wirklech Här am eegenen Haus (= Kierper) ass, ass zum Beispiel d’Aschlofen. Et ass onméiglech ‘sëch selwer’ ze soen (an dat alleng klengt usech schon komesch): “Sou, LO schléifs de. An zwar direkt!”. E bëssen méi einfach, mee meeschtens ëmmer nach extrem schwiereg sinn och Saachen wéi: “Sou, LO hälls de DIREKT op mat traueren, vermëssen, etc”.

A ween seet do eigentlech weem eppes? Den Conscient dem Subconscient? D’Séil dem Gehiir? Ween huet eigentlech dat läscht Soen?

Egal wéi, zumools esou en Knäppchen, mat deem een sech an den Schlofmodus setzen kéint wier heiandsdo extrem praktesch. Zzzzzzz …

Categories: Gehir, Religion/Philosophy
  1. December 3, 2008 at 9:38 am

    Et get eng spannend neurobiologesch Theorie déi beseet datt eist Bewosstsin nëmmen en Trick ass vun eisem Ënnerbewosstsin, dat mer mengen mier géifen d’Situatioun selwer “bewosst” kontrolléiren. Ennert anrem ass och Matrix dovun inspiréiert gin. Schlussendlech ass et egal. Kann ee jo dach nemmen probéiren dat bescht draus ze man.

  2. December 3, 2008 at 9:44 am

    Usech sinn ech ziemlech iwwerzeegt, dass eisen Subconscient décidéiert, wat mir fillen, denken a maachen sollen. Net onbedengt ‘bewosst’ oder mat engem eegenen ‘Wëllen’ mee éischter wéi en Programm, deen den Input, deen e kritt, no gewëssen Regelen traitéiert, mat dem ierweschten Ziel: Maximéirung vum Plaiséier an Miniméirung vun der Pëng.

    Well den Subconscient awer och keng ‘perfekt Maschinn’ ass an buggy ka sinn, sinn eis Handlungen och net ëmmer logesch oder novillzéibar.

    Vill Plaz fir den Fräien Wëllen léisst dat net. Mee wahrscheinlech ass dat jo souwiesou just eng Illusioun. Wat awer net e Problem muss duerstellen.

  3. Thorben
    December 3, 2008 at 12:06 pm

    Ech wollt soen, de charel wees bestemmt eppes.
    Yogi’en kennen dat *anscheinend*

  4. pa
    December 3, 2008 at 1:54 pm

    Wann d’Ënnerbewosstsinn engem virgaukelt, bewosst ze sin, ass dann net d’Ënnerbewosstsinn d’Bewosstsinn? Vläit mécht et jo guer kee Sënn, do iwwerhaapt ze trennen?

    An zum Thema Aschlofen: ech kann meeschtens bewosst aschlofen, wann ech wëll. Dat geet heiansdo net (Kaméidi, grouss Opreegung), mee et ass egal, ob ech midd sin oder net, ech soe mer, lo schléifst de e bessen an dann maachen ech dat.

  5. December 3, 2008 at 2:16 pm

    pa:

    mee du décidéiers jo net bewosst, wat däin Ennerbewosstsinn mécht😉

    a wat d’Schlofen ugeet: mäi Papp kann dat och, lol. Mee den Punk ass jo, wann dech eppes beschäftegt an duerch de Kapp geet, dann ass et extrem schwéier ze soen: “Sou, lo geet et duer! Stell d’Machine an de Sleep Modus!” An da wälzt een sech, a wälzt sech, bis een dann hoffentlech awer irgendeng Kéier aschléift …

  6. December 3, 2008 at 6:44 pm

    Ech winscht ech kinnt mer soen: “Sou, du léiers lo, an zwar DIREKT!” Aschlofen ass fier mech iwwerhaapt guerkeen Problem. Wuel éischter fier nët azeschlofen!

  7. December 3, 2008 at 6:56 pm

    Et geet net GENERELL em d’Aschlofen. Et geet dorëms dass een heiandsdo net aschlofen kann, obuwel een näischt léiwer wéilt man. Mee dass d’Gehiir een net schlofen léisst.

  8. December 3, 2008 at 7:58 pm

    Dat hat ech scho verstan🙂

  9. December 4, 2008 at 11:01 am

    Hei ass eng intressant Säit (besonneg d’Referenzen) iwert d’Physiologie vum Schloof

    http://sleep.health.am/sleep/sleep-and-wakefulness/

  10. Arlésienne
    December 8, 2008 at 8:51 pm

    Wann ech net schloofe kann, wat sou zimlech all Nuecht de Faal as, da liesen ech e schrecklech langweilegt an/oder komplizéiert Buch a versiche mer dann anzerieden, ech diirft op kee Fall aschloofen, well ech dat Buch nach misst fäerdeg liesen. Klappt souguer heiando. Also mam Aschlofen, net mam Buch fäerdeg liesen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: