Home > Film, Luxembourg > Lëtzebuerger Naturgewalt.

Lëtzebuerger Naturgewalt.

December 5, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech woer gëscht lo den Inthierryview, deen neien Documentaire vum Andy Bausch iwwert den Thierry Van Werveke, kucken an hunn en ferme interessant fonnt. Perséinlech sinn ech zwar lo nët säin allergréissten Fan (ech fannen säin Schauspillen wierkt och e bëssen onnatiirlech an forcéiert, villäicht ass et och just den Accent a seng Mimik), an och säin Liewensstil wier definitiv näischt fir mëch gewiescht. An wann ech hätt mat em missen schaffen, hätt ech en wahrscheinlech embruecht. Mee hien ass, sou Cliché et klëngt, e wirklech gudde Jong, deen et och net ëmmer einfach hat. An d’Weichen dofir gouffen schon gestallt, wéi en nach e klengen Däbbes woer. Duerfir ass et him héich unzeerkennen, dass en sech awer op eemol gerappt kruut. Och wann een lo haut offensichtlech fir seng Exzesser bezuelen muss. Mee hien ass ganz einfach déi Genre Unikum, ouni déi d’Welt e gutt Stéck méi langweileg wier! Wann och à la longue esou Läit natiirlech ustrengend kënnen sinn, sou bréngen se awer bëssen Peffer an die ganz Saach.

Ech kann den Film nëmmen jiderengem recommandéieren, deen sech och nëmmen e bëssen fir den Thierry National, d’Pionéierzäit vun der Lëtzebuerger Filmszene an/oder generell eng Biographie vun engem net-duerchschnëttlechen Mënsch interesséiert. An den Andy Bauch, deem seng Filmer ech och net ëmmer sou super fannen, huet awer hei en ganz zolitten Documentaire iwwert säin laangjähregen Kolleg ofgeliwwert.

Hoffentlech bléiwt den Thierry National eis nach eng ganz Zäit erhal!

8/10.

ps. dee néien wordpress.com rockt!

Categories: Film, Luxembourg
  1. December 5, 2008 at 10:13 am

    Hm gët da guer näischt iwert seng Roll als Theateracteur geschwat? Do sin Welten dozwescht géintiwer vun den Troublemaker Kënscht, wou sou e rabiate Charakter jo grad gefrot war. Ech hun e puer Stecker mathin gesin, gréisstendeels vum Hoffmann, an souguer am Hamlet huet e mech iwerzeegt…

  2. December 5, 2008 at 10:22 am

    Eh, dach, natiirlech! Dat gët och erwähnt. Anscheinend ass en jo do en effet iwwerzeegend, wat ech mer just bëssen schwéier virstellen kann, well ech en just aus dem Film oder vun der Tele kennen.

    A seng Roll am Troublemaker woer wahrscheinlech mat seng Beschten (vum Theater lo ofgesinn), einfach well se am authenteschten woer. Den Johnny Chicago ass einfach brilliant.

    Am Tatort oder sou wirkten just oft irgendwéi déplazéiert fannen ech …

  3. December 5, 2008 at 7:09 pm

    Do hues de Recht, Grommel, den Troublemaker waar einfach nemmen cool. Wéi waar dann esou déi “menschlech-medizinesch” Sait vum Film? Et soll een jo anscheinend gesinn, daat den Herr net esou gudd drop ass?

  4. December 5, 2008 at 7:32 pm

    Ben, en ass definitiv vun sengen Exzesser a senger Krankheet (Kriibs) gezeechent. Et gesäit definitiv krank aus.

  5. December 6, 2008 at 12:06 pm

    Wéi steet et da lo eigentlech em hien? Ech hun dat muss ech zouginn nëmmen duech Zoufall rausfonnt dat e krank ass, an et ass nawell schwéier fier iergendeppes aktuelles per Google ze fannen?!

  6. December 6, 2008 at 12:49 pm

    Ufanks des Jores krut en eng Liewertransplantatioun, déi him eng zweet Chance ginn huet. Mee ganz den Alen wäert en awer net sinn, wees keng weider Detailer.

    Am Film selwer gesäit een halt just heiandso wirklech extrem krank aus. Dat muss virun der Transplantatioun gewiescht sinn, wéi en no um Doud woer!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: