Home > Gesellschaft > Inkompetenz belounen?

Inkompetenz belounen?

December 6, 2008 Leave a comment Go to comments

Just mol sou en Gedanken. En Mordversuch gët jo anescht beurteelt wéi en gelongenen Mord, richteg?

Obwuel een jo soen kéint, an dat an de meeschten Fäll jo bestëmmt sou ass, dass d’Intentioun jo awer die selwecht woer. Nämlech fir eng aner Persoun emzebréngen. Just, dass deen een Märder méi efficace, kompetent, professionnell, watochemmer woer, wéi deen aneren.

Sollt een déi zwee dann net och selwecht beurteelen? Oder ass et sou, sou dass den échouéierten Märder soll eng zweet Chance kréien? Soit fir sech als sozialen Mënsch ze verbesseren, soit (sécher net am Sënn vum Riichter) als Märder …

Oder ass et d’Argument: hien huet échouéiert well hien usech, am Fong an iwwerhaapt, net wirklech deen aneren embréngen wollt? Wat een henno natiirlech ëmmer liicht soen kann (‘Ech wollt en just bëssen erféieren …’).

Comments?

Categories: Gesellschaft
  1. December 7, 2008 at 12:15 am

    Eng gudd Fro stells du do. Mee an eisem Rechtssystem ged et jo den uraalen Grondsatz “Im Zweifel für den Angeklagten” an daat léi ass jo ähnlech: Mir huelen daat Bescht un an denken eis, daat et eben nemmen en hallewhärzegen Versuch waar, well den versichten Märder net esou brutal virgoen konnt, méi menschlech waar wéi den, den sain Affer wierklech embrengt.

    Ausserdem ass daat en schwieregt Gebidd, fannen ech. Waat geschidd, wann een rausfannen kann, ween alles en embrengen wollt? Ass den Plang heegen, en emzebrengen genausou schlemm wéi et wierklech maachen? Sinn mer dann net alleguerten Märder?

  2. December 7, 2008 at 11:00 am

    Jo, kloer, dat ass net einfach. Befroen mol en Kolleg, deen Riichter ass, zu dësem Thema.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: