Home > Literatur, Wëssenschaft > Meng Sucht, meng Obsessioun.

Meng Sucht, meng Obsessioun.

December 6, 2008 Leave a comment Go to comments

Argh, heiandsdo nervt et méch wirklech an awer widderstinn ech net …

Woer grad am Auchan an duecht mer, géi mol kuerz an den Zeitungsbuttek kucken, wat se sou hunn. Awer ouni präzis Iddi.

A mat wat kommen ech nees raus?

  • Spektrum der Wissenschaft : Forschung und Technik im Mittelalter
  • Spektrum der Wissenschaft : Glück, Scham, Eifersucht. Hintergründe menschlichen Verhaltens.
  • Bild der Wissenschaft : Jesus und Paulus. Der Märtyrer und sein Manager.

Alles Themen déi méch ferme interesséieren (an die 30 Euro wäert). Mee et ass jo net, wéi wann ech nach x Bicher doheem hätt (plus déi an der Bestellung …) oder net och nach mäin nächsten Assignment fir d’OU misst virbereeden … vum Schaffen, Sozialiséieren an aneren Hobbien ganz ze schweigen … en plus wäert ech souwiesou just en Brochdeel vun deem Verhalen, wat ech liesen wäert …

Aus irgendengem Grond sinn ech süchteg no Wëssen. Usech jo net schlëmm, mee och frustrant, wann een sech fir villes interesséiert a well een jo och nie alles wëssen kann.

Soit. Genuch gejéimert. Gët Zäit eppes ze liesen, haha …

Categories: Literatur, Wëssenschaft
  1. Thorben
    December 6, 2008 at 6:07 pm

    GOOGLE SCHOLAR! Ass gratis🙂 an als student hues de jo wahrscheinlech och en Athens passwuert an kanns domat bei quasi all akademeschem verlag vun der welt matliesen

  2. December 6, 2008 at 6:16 pm

    Hm … Sinn mer lo net sécher, wat sou en Athens Passwuert ass … Ech sinn jo bei der Open University … villäicht hunn déi dat net automatesch?

  3. December 6, 2008 at 6:18 pm

    Ah dach, d’OU ass an der Lëscht vun Institutiounen op der Säit vun ATHENS. Da muss ech mol noforschen …

  4. Chris
    December 6, 2008 at 6:26 pm

    Besuerg der en Athens Passwuert. Mega! Ouni LiOn an OED wiere méng Studien ondenkbar.

  5. December 6, 2008 at 6:38 pm

    Ok, hunn schon en Mail fortgeschéckt. Zougang zum OED hunn ech schon. Merci!

  6. December 6, 2008 at 10:25 pm

    Wosst guernet dass de op der OU bass! Ass dat eng Uni dei Fernstudien ubidd? Wei leeft dat da sou, ass et gudd? Wat studeiers de dann?

    Sorry fier mai Fuerwetz, mais ech kennen dei Fernstudien nemmen aus Artiklen aus dem Internet, intressant mol eppes aus eischter Hand gewuer ze ginn!

  7. Thorben
    December 6, 2008 at 11:05 pm

    Fede, lies einfach dee blog hei🙂 https://strawdog.wordpress.com/?s=open+university

  8. December 7, 2008 at 12:15 am

    Et ged schon en Grond fir d’Funktioun “Zufälliger Artikel” an der Wikipedia. Ged mir oft schon duer, mee als Student huet en do jo effektiv nach méi Meiglechkeeten!🙂 Misst ech och mol ufänken. Mee hätt ech nemmen méi Zait!

  9. Chris
    December 7, 2008 at 3:24 am

    Joël, du hues niiiii méi Zäit, wéi als Student.🙂

  10. Thorben
    December 7, 2008 at 4:31 am

    psst chris

  11. Thorben
    December 7, 2008 at 4:32 am

    psst chris. dat gerücht vum schwéier schaffen hält sech hartnäckeg. an dat ass gudd sou.

  12. December 7, 2008 at 10:51 am

    fede:

    Jo, OU ass d’Open University an déi bitt Ferncoursen un. Allerdëngs fir Net-Insulaner zu ziemlech happegen Präisser (2000 Euro, d’Englänner bezuelen 3x manner well et vum Staat subventionnéiert gët).

    Mäin Cours heescht ‘Arts Past and Present’ heescht. Den Intro-Video ass hei: http://www.youtube.com/watch?v=eIupVqDWoFM

    D’Cours-Bicher, CDen an d’DVDen kriss sinn wirklech gutt gemaach an Qualitéit. Doniewent muss de dann nach e puer ‘normal’ Bicher kaafen, zb Doctor Faustus vum Marlowe.

    Wat d’Léieren selwer ugeet, sou ass dat eng Saach. Ech hunn awer geduecht, dass bei der OU, déi jo mat die gréisst Fernuni ass, dat alles nach e bëssen méi professionnell giff oflafen. Hieren Studenten-Site zb ass ok, awer och net méi an net wirklech um Niveau vum Web 2.0. Och ginn et heiandsdo Real-Life Meetings, allerdengs zu Den Haag fir dësen Deel vun Europa, wat mir bëssen wäit fort ass … Sou dass et schlussendlech doropper rausleeft, dass ech halt mäin Cours-Buch studéieren an mech dann u meng Assignments man, ouni vill soss Kontakt oder sou. Dat ass e bëssen schued, ech hat ugeholl oder gehofft), dass zumools d’online Interaktivitéit méi grouss wier … Mee bon, ech wollt dat hei jo och haaptsächlech einfach mol testen an d’Thematik huet mech jo och méi privat wéi professionnell interesséiert, allerdëngs wees een jo nie zu wat sou eppes op eemol féiert …

    D’ass och interessant nees ze mierken, dass reng liesen wesentlech manner ustrengend ass, wéi dann selwer eng Synthèse/Analyse vun engem Text ze man, hehe. Mee dat ass jo den Challenge😉

  13. December 7, 2008 at 10:52 am

    hehe ech kann deng Sucht ganz gutt novollzéihen…

  14. December 7, 2008 at 10:58 am

    chris:

    Jo, do hues de Recht! Ech méngen och, dass een seelen méi Zäit wäert hunn, wéi als Student … Et sief dann, mee oops, lo hätt ech bal eppes béises gesot, sinn léiwer roueg😉

  15. December 7, 2008 at 11:00 am

    manuel:

    mir sollten en AL (Anonym Liessüchteg) oder AW (Anonym Wëssensüchteg) oder sou opman😉

  16. December 7, 2008 at 2:54 pm

    Cool a wéi laafen Tester / Examen of? Do wäers de awer bestëmmt eng Kéier op d’Insel mussen oder? Oder leeft alles iwwer Assignments? Wéivill “Stonnen” Cours hues de da pro Woch, an wéi laang dauert de Studiengang? Kriss de dono e Bachelor of Arts?

    Keng Angscht, lo packen ech mech!😉

  17. December 7, 2008 at 3:00 pm

    Chris: Ech sinn jo nach net Student😉

  18. December 7, 2008 at 4:01 pm

    fede:

    Dat hei ass jo lo den eischten Cours/Cycle, deen och geduecht ass, fir dass Läit sech iwwerhaapt mol domadder familiariséieren, wéi et op enger Uni zougeet, wat fir en Niveau do verlaangt gët, wéi een sou Assignments richteg schräiwt, etc. Dofir gët et och do keen Test sur place. An deenen duerno ginn et allerdëngs lokal Tester, am Fall vun Letzebuerg méngen ech op der Miami University oder sou. Misst dat nochecken.

    D’Studéieren hëllt pro Woch ca. 15 Stonnen (mee dat variéiert bestëmmt je no Persoun).

    Dësen Studiengang ass lo vun Ufank Oktober bis Enn Mee.

    Du kanns dann zb en BA (Honours) man wéi deen hei: http://www3.open.ac.uk/courses/bin/p12.dll?Q01B43 (wanns de 1 Cours pro Joër mëss a packs, brauchs de 5 Joer)

    A kuck dech einfach generell op hierem Site em: http://www3.open.ac.uk/study/

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: