Ofdreiwung.

December 9, 2008 Leave a comment Go to comments

Verschidden Läit sinn jo géint Ofdréiwung, well dat onmoralesch wier an een keen Recht hätt (zukünftegt) Liewen ze beennegen. Mee wéi ass et an dësem Fall:

Soe mer eng Fra gët schwanger vun engem Onenightstand an well deen Embryo net behalen an dräiwt am 3ten Mount of. Hätt sie et nët gemaach, dann hätt se en Elodie kritt.

4 Méint drop ass se nees schwanger vun engem aneren Onenightstand (verschidden Läit léieren net bäi). Dës Kéier wëll sie awer d’Schwangerschaft duerchzéien an sou gët dann d’Caroline gebuer.

Den interessante Punkt ass awer lo, a mengen Aan, dass, wann d’Elodie gebuer ginn wier, d’Caroline nie entstaanen wier. Wann also lo een seet, dass et onfair dem Elodie vis-à-vis woer, fir ët ofzedréiwen, wat seet een dam dem Caroline? Kann een deem an d’Aan kucken a soen: eigentlech hätt en anert an denger Plaz sollten gebuer ginn? Soll d’Caroline lo e schlecht Gëwessen hunn, well hatt just existéieren konnt, well d’Elodie ofgedriwwen gouff?

An relatitvéiert dat net die ganz Diskussioun em den ‘Wäert’ vun den Embryoen? (dovunner ofgesinn ass et natiirlech ëmmer nach un der Mamm, an idealerweis dem Papp, ze decidéieren op eng Ofdréiwung wierklech die beschten Iddi ass)

  1. December 10, 2008 at 12:13 am

    Interessante Gedanken, deen mir och scho mol am Kontext vun den “verluerenen Kanner” (mir fällt den Terme graad net an, op englesch ass et miscarriage) komm ass, an do hunn ech stänneg en Beispill ennert den Aan.

    Ech denken einfach daat een esou Saachen gudd muss iwerleen, d’Leit berooden an opgeklärt (!!) mussen ginn, frai Jugendsenderen sollen Condomer verdeelen (ups, hunn ech lo eppes verroden?) an en déi Mettelen dann als “letzt Mettel” soll benotzen dierfen. Mee ech liewen leiwer an engem Land an dem et 100 Opdreiwungen pro Joer ginn wéi an engem wou och nemmen eng Persoun stirwt, well se eng illegal Ofdreiwung probéiert huet.

  2. Thorben
    December 10, 2008 at 2:11 am

    Onenightstands sin onmoralesch. grommel, du knaschtert.

    Wéieen gewessen muss een Vis-a-Vis vun engem Koup Zellen hun dien net denkt (charel, soo eppes gescheites).

  3. December 10, 2008 at 9:18 am

    Joël:

    Jo, sou blöd oder krass et och klëngt, mee bei enger ‘fausse couche’ ass die bescht (an rationalst!) Reaktioun: “Ma dann maachen mer halt eng neit!” Soulaang se nach net gebuer sinn, ass et jo usech egal op lo Kand A oder Kand B op d’Welt kënnt.

    Thorben:

    Pardon, wousst net, dass d’Jugend sou prüde ass😉

    An jo, sinn och un dem Charel (an natiirlech dem Chris) senger Meenung interesséiert. An natiirlech un all deenen aneren och!!🙂

  4. December 10, 2008 at 9:48 am

    Ech mengen de Grommel beréiert jo u sech 2 verschiiden Themen. Een as philosophesch (gebuer vs net gebuer), dat anert moralesch (wéi wäit kann een iwert Liewen verfügen).
    Generell gesin kann een de Problem 1 op 2 verschidden Art a Weisen ukucken: Ass eng Befruchtung en neien Ufank oder ass et e Resultat vun all deem wat dozou gefouert huet. Dat ass net sou trivial wéi et klengt. Et kéint ee grad sougudd froen op en Däitschen, deen haut gebuer get, mat Verantwortung iwert d’Grausamkeeten vum 3. Räich dréit. Iwerflächlech gesin secher net, mee wat hun seng Grousseltren deemols gemach? Géif et hien dann haut iwerhapt gin? Fir mech perséinlech ass dat en Argument wat een ad absurdum dreiwen kann. Ech fannen et méi wichteg datt eng Persoun no sengen Doten bewert get, wéi no senger Ierflaascht.

    Dat zweet ass natiirlech en éiwegen Kampf vun de Moralisten. Ech kann der meng biologesch Mehnung soen, mee déi ass och net bulletproof. Wéini fänkt Liewen un? Dat ass einfach, no der Befruchtung. Wéini awer kenne mer vun enger mënschlecher Persoun schwätzen? E Genetiker huet mer eng Kéier gesot Wann ee bis eng Nues erkennt. Hie wollt domat drop hiweisen, datt mer keng kloer definitioun kenne fannen. Dat erennert mech un d’Lidd: Every Sperm is sacred vu Monty Python. Am extrem Fall nämlech kann ee jo effektiv behaapten datt als Spermium, deen net zur Befruchtung féiert, Liewen verhënnert, also och eng Art a priori Ofdreiwung ass. Eierlech gesot gesin ech dann och keen Ennerscheed, ob dëse Spermatozoïd elo zur Befruchtung féiert an doraus eng Blastozyst entsteet, déi ennert dem Mikroskop ausgesäit wéi eng Bull Schlaim.
    Kloer, et muss een an enger opgeklärten Gesellschaft iergentwou e Strëch zéien, schons eleng aus rechtleche Grënn. Entwecklungsbiologesch geschwat entweckelen sech en eenegermoosen sophistikéiert Nerve System sou ronnereem den 3-5 Mound. Ech perséinlech fannen dat dann och eng gudd Limit. Dat well net heeschen, datt den Fetus géif leiden an deem Moment bei enger Oofdreiwung, oder gar e Bewosstsein hätt. Et ass eischter e gudden Moment wou et medezinesch eenegermossen onproblematesch ass ze abortéiren, an fir d’Eltren psychologesch nach eenerermossen tragbar.
    — Oft sin eis moralesch Wertfierstellungen vu reliéisem Doktrinnen beaflosst, woubei oft net gesi get, dass des gären emol selwer zwiespälteg sin. Zum engen get da gesot datt kee Liewen dierf ofgedriwen gin, zum anere get awer Fuerschung, Impfungen, Medezinesch Agrëff etc déi zum verlängeren vu vorhandenem Liewen dengen éischtr oofgelehnt.

    PS wann der e schlecht gewessen géintiwer vun Zellen hutt, dann halt mol gefällegst op mat liewen: all Dag stiewen Milliounen vu Zellen aus de verschiddensten Grënn… Deenen trauert och keen no (ausser villeicht den Hoerstammzellen)🙂

  5. December 10, 2008 at 10:03 am

    Charel:

    Mee wat zu deem Beispill vun den ‘zwee’ Meedercher? Dat een konnt nemmen existéieren well dat anert net huet däerften existéieren. Muss dat zweet dofir en schlecht Gewëssen hunn?

    An wann net? Dann wat ass de Problem mat der Ofdreiwung generell? Dreiw of an maach e neit Kand, wanns de dech prêt fills. Dann koum dat eent halt net op d’Welt, mee duerfir en anert (wat secher, oder opmanst net onbedengt, op d’Welt komm wier, wann dat eischt op d’Welt komm wier).

    Oder mengt jidereen, dass hien selwer huet MISSEN op d’Welt kommen?

    A wann een net existéiert, kann een jo wuel näischt vermëssen. An op meng Elteren lo grad MECH oder en hypotetheschen Brudder amplaz vun mir kritt hätt ass usech jo onwichteg. Giff ech net existéieren mee deen aneren, dann wär dat halt hiere Fils! Sie giffen d’Alternativ jo net kennen, sie kéinten mech jo net verbidden.

    Oder ass den Problem well d’Läit mengen do wier eng ‘Séil’, der een d’Chance geholl hätt d’Liewen ze erliewen? Mee dofir ass a. keng Evidence do an b. generéiert d’Problematik vun der ‘Séil’ eng ganz Rëtsch aner Froen a Problemer op.

  6. benem
    December 10, 2008 at 10:07 am

    Du kenns op Iddien😉

    Firwat sollt d’Caroline ee schlecht Gewëssen hun fir eppes, wourop hat keen direkten Afloss haat/konnt hun?
    An ech denken, dass keng Mamm sengem Kand géif soën: Du bass nëmmen op der Welt well ech deemols een aanert oofgedriwwen hun.

  7. December 10, 2008 at 11:40 am

    Eben, ech soen och déi Fro ass irrelevant. Du kéins grad sougudd froen obs de e schlecht Gewëssen solls hun weenst all deem wats du ëss, vue datt sou muncher een hätt kënnen iwerliewen mat deem wat mir all Dag an eis eranstopfen.
    Méi wichteg ass d’Fro op d’Eltren sollen e schlecht Gewëssen hun, mee ech denken dat hun ech jo am fieregen Kommentar diskuteiert.
    De Problem schlussendlech ass datt et de Leit schwéier fällt sech fir den Dout auszeschwätzen. Dobäi huet keen e Problem, sech géint d’Liewen ze decidéiren (zb all Gelegenheet wou een kee Kand produzéiert).

  8. December 10, 2008 at 12:53 pm

    Charel:

    Genau, well all Moment, wou een enthalsam liewt giff een jo dann am Fong potentiellen Mënschen d’Liewen ‘rauben’. Wat natiirlech Nonsense ass, resp. irrelevant.

  9. denjclaude
    December 10, 2008 at 1:25 pm

    Alt erem eng interessant Discoussioun! Leider hun ech net vill Zeit.

    Wien sech fier dei ethesch Dimensioun (Doud duerch en aneren Mensch) interesseiert do gett et fun der Open University eng ganz interessant Podcast Serie. Einfachste Wee se ze fannen ass per iTunes an do einfach no “Ethic Bites” sichen.

  10. Thorben
    December 10, 2008 at 1:31 pm

    Souwait ech mech u mäin Premières-Bio-Cours erenneren gin et Pellen, déi d’Befruchtung net verhenneren (well se den Eesprong net verhenneren) mee just d’Einnistung ob der Gebärmutterschleimhaut. Bis dohinner huet dech déi befrucht Eezell schon e puer mol gedeelt (Charel, korrigéier mech)
    Ass dat dann net och technesch eng Oofdreiwung?

  11. Thorben
    December 10, 2008 at 1:34 pm

    Merci Grommel dats de deen Accent am Titel wechgema hues, ech si mell gin

  12. December 10, 2008 at 1:45 pm

    thorben:

    Haha, jo, et hat mech och gestéiert!

    jclaude:

    Ech fannen, dass an dësem Fall keen wirklech immens etheschen Problem virläit. et ass éischter just eng Fro op d’Elteren dat Kand wëllen zur Welt bréngen oder net. Wann net, dann ass dat dem Embryo an deem Sënn och egal, wëll et jo net wees, wat et verpasst.

    Gezwongen Ofdreiwung ass natiirlech nees eppes anescht, well een do an d’Décisiounsgebitt vun den Elteren erafällt. an dat Recht huet een net.

  13. December 10, 2008 at 2:33 pm

    Chris:

    Keng Meenung zum Thema? Oder sinn ech nees ze ongedëlleg?😉

  14. December 10, 2008 at 4:12 pm

    Thorben: Fir d’Kirch ass d’Pell durno glaichzesetzen mat enger Ofdreiwung. Obwueh jo immens vill Zellknäuel souwiesou erem stirwen.

  15. December 10, 2008 at 4:21 pm

    Joel:

    Bass de secher, dass déi dat d’selwecht gesinn? Well dat wier jo idiotesch, dann wier jo all Kéiers, wous de keen Sex häss (awer theoretesch opmanst kéins hunn) och wéi eng Ofdreiwung …

  16. Chris
    December 10, 2008 at 4:31 pm

    Ok ok, vu dass mer alt rem Kommentarer booste mussen:
    Ech sinn absolut pro-Ofdreiwung, pro-Euthanasie, konsequent kontra-Doudesstrof.

    Domadder hunn ech dräi Kommentarer an engem verfaasst.

    Nach zwou Saachen dobäi:
    D’Pëll huelen, ass, wéi de Joël seet, der Kierch no Ofdreiwung.
    Abstinenz net. Well eben, naja, wou näicht ass, kann een näicht weghuelen. He so?

  17. December 10, 2008 at 4:45 pm

    Chris:

    Respekt, 3 in 1!😉

    D’Pëll ass allerdëngs genausou wéineg Ofdreiwung wéi Abstinenz (et sief dann du giffs vun der ‘Pille-Danach’ schwätzen). D’Pëll verhënnert dach just, dass eng Somzell en Ee befrucht? Dat ass dach dat selwecht, wat e Gummi mécht. Oder Oralsex. Oder Petting. Oder Abstinenz.

  18. Thorben
    December 10, 2008 at 6:30 pm

    Ech hun net vun der Pell dono geschwat. Et gin och Pellen virdrun déi eng Annistung verhenneren.
    D’Pell verhennert normalerweis dass den Eesprong stattfennt.
    ODER awer dass d’befrucht Eezell sech annist (Oofdreiwung).
    D’Befruchtung gett net verhennert, se gett just onméiglech (Fall 1) oder notzlos (Fall 2) gemaa.
    ech geheien dann an, wat de Charel scho sot:

    An de ganzen Akt: http://www.youtube.com/watch?v=s-DxovgI7NI

    Kuckt déi laang versioun.

  19. December 10, 2008 at 6:40 pm

    thorben:

    merci fir d’info.

    maja, wann se onméiglech gemaach gët (doduerch, dass den Eesprong net stattfënnt) ass et jo awer éischter wéi en Gummi, etc. Et kënt jo a kengem vun de Fäll zu engem *poooof*, wou eppes neies entsteet.

    an, haha, den ‘every sperm is sacred’ ass natiirlech genial🙂

  20. Thorben
    December 10, 2008 at 6:45 pm

    Heiansdo ass déi einfachst Léisung déi bescht:
    Ech plädéiren fir Abstinenz.

  21. December 10, 2008 at 6:51 pm

    an déi ass och sou efficace à la longue😉

    mee huelen jo un du hues e Witz gerappt.

    ech pladéieren fir Contraceptioun. ass eigentlech die Pëll fir de Mann endlech am groussen Stil uwendbar? dat wier die optimal Léisung (opmanst fir d’Männer).

  22. Thorben
    December 10, 2008 at 7:07 pm

    Pell fir de Mann as oballefall gudd fir sech géing rachsüchteg Fraleit ze schützen. Erm, jo, an natierlech muss een jo als sozialbewosstenen Bierger emmer rem e Begreff ageheien…3…2…1…humant Immunodefizienzvirus! Ha.
    A propos, hun ech vun enger Medizinerin geléiert (net grad dat wat een sollt weiderzielen): D’Chance den HIV Virus duerch Bäischlof ze kréien läit bei 0,5%, oder 1 vun 200 HIV positiven huet sech duerch onprotégeierten Bäischlof de Virus agesammelt.
    Eng Frendin vu mir ass Infimière an hat fir säi Stage en Projet iwwer HIV an de Schoulen gemaa, enner aanerem mat enger Emfroo. Do woren enner aanerem herrlech Äntwerten dobäi wéi: “AIDS ass heelbar, Kriibs ass et jo och.”
    Hoffentlech beleidegen ech den Pa lo net, d’Emfro wor am LTB gemaa.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: