Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy > Euthanasie op der Tele …

Euthanasie op der Tele …

December 10, 2008 Leave a comment Go to comments

Sou wäit muss een natiirlech net goen:

A British television channel said Wednesday it was planning to broadcast the death of an American man at a Swiss euthanasia clinic.

The death of 59-year-old Craig Ewert in 2006 is due to be shown Wednesday during a documentary on the Sky Real Lives channel.

Op der anerer Säit gët natiirlech den Doud bei eis extrem ékaréiert. Wann een irgendwou an Afrika giff liewen, wou all Dag der un Honger oder Krankheet stierwen, dann hätt een och eng ganz aner Approche zu der ganzer Thematik …

Mee bei eis ass den Doud jo eppes, wat aalen Läit am Altersheim passéiert. Duerfir ass sou eppes awer villäicht gutt. Perséinlech hunn ech bis lo eng Läich gesinn. An dat huet mech schon irgendwéi impressionnéiert/markéiert.

  1. Thorben
    December 10, 2008 at 3:59 pm

    Firwat soll et da net sou wäit goen. Firwat dierf een sech net dofir interesséiren an dobäi nookucken.

    Dat ass mol keng Spannerei.

  2. Dan
    December 10, 2008 at 8:48 pm

    Ech fannen déi Emissioun awer e bessen iwerdriwwen, mee ech hu mer och just e Bild aus den Traileren gemach. Selwer mat engem richtegen Suicide am klassege Senn konfronteiert gewierscht ze sin huet awer och bestemmt net gehollef bei menger Meenung…

  3. Thorben
    December 10, 2008 at 8:56 pm

    Et ass dach e kompletten Documentaire dien och héich geluewt gouf?

  4. December 10, 2008 at 9:18 pm

    Also et ass sécher en interessanten Documentaire an ech giff en lo wahrscheinlech awer kucken. Dat eenzegt, wat mech e bëssen ‘outfreaken’ giff wier de Moment, wann en en effet dann stierwt … Mee bon, mir sinn do, als verwinnten Westeuropäer och e bëssen soft …

  5. Chris
    December 10, 2008 at 9:34 pm

    Dat geet jo awer wierklech ze wäit! A wat kënnt als néchst op der Telé???
    D’Doudesstrof???

    Euhm… gëtt et jo schon. Vläicht sollt een sech doriwwer mol Gedanke man, ob dat net méi falsch ass. Ëmmerhin gëtt do e Mënsch effektiv, de facto, embruecht.

  6. December 10, 2008 at 9:57 pm

    Chris:

    Vun wat fir enger Emissioun schwätzt du do … ?

  7. December 10, 2008 at 10:10 pm

    Ech géif och soen, dass dat wat irritéiert un där Doku virun allem d’Tabuthema Doud ass.

    Vläit ass et gutt, dass mer mol konkret domat konfrontéiert ginn, well déi meescht vun eis sech bis elo jo reng op der theoretescher Ebene mam Thema Stierfhellef befaasst hunn.

    Ech ka mer firstellen, dass dee Film zimmlech beandrockend ass. Virun e puer Joer hat ech am Kino eng Kéier e spuenesche Film zu deem Thema gesin, deen op enger realer Geschicht baséiert huet. Do huet ee scho mol missten e puer mol schlécken, mee ech mengen et war och deen Film, deen mäin Interesse un deem Thema erwäscht hat.

  8. December 10, 2008 at 10:28 pm

    manuel:

    Jo, den Doud ass en Tabuthema bei eis an duerfir ass sou eppes en effet net schlecht. An et ass jo och irreal iwwert den Doud nozedenken. Obwuel dat d’Liewen usech vill méi real an wäertvoll mëch.

    An et ass verréckt, wann een bedenkt, wéi séier et theoretesch (an fir vill Läit op aneren Plazen!) eriwwer sinn kann. Zack, bumm, färdeg. Game over. Dat woer et. An dann kënt soit eppes anescht oder och net. We’ll see …

  9. Chris
    December 10, 2008 at 11:00 pm

    Ech hat just op déi al Timothy McVeigh Geschicht ugespillt.
    War zwar anescht wéi dat hei, mee trotzdem.

  10. Thorben
    December 11, 2008 at 2:54 am

    Dobäi ze sin wéi e Mensch stiewt ass, och wann een en net kennt, e Moment mat engem eegenaartegen Gefill. Mee ech wees awer net firwat een dat net dierfen sollt.

  11. Thorben
    December 11, 2008 at 2:55 am

    An e Mensch stiewen ze gesin entmystifizéiert den Doud och, wat vlait och net sou falsch ass.

  12. December 11, 2008 at 9:34 am

    Et konfrontéiert een selwer mat der gréisster ‘Ur-Angscht’ usech giff ech soen? An et soll een sech jo sengen Ängschten stellen, normalerweis profitéiert een duerno immens dovunner.

    Duerfir jo, ech giff die Sendung lo awer kucken.

  13. December 11, 2008 at 3:01 pm
  14. Romain
    December 11, 2008 at 11:22 pm

    D’Mellech kacht…
    lues awer secher, an och deen Dommsten misst sech bewosst ginn, dat se geschwenn aus dem Deppen klëmt.

    Ugangs Maerz ass den 2. Vote zum Artikel 34 an der Chamber, wann , jo wann net virdrun e Referedum gefroot get.

    Net genuch dermadder dat keen daat Deppen vm Gas hëlt, ma et ginn der laanscht dei de Gaz nach e Steck weider opdreien, dei mat dommem Gesabbels, Gebraddels an Ilres-Emfroen, sech e gellegen Spaas draus maachen fir de Knaepchen esou weit ze dreien dat en sech net mei zereckdreien leisst.

    Fein, ma denkt drunn, dei aal Depper ginn gaeren gliddech waarm, an ewech zeien kann een et net mei ouni sech d’Fangeren ze verbrennen.

    Et keint ee de Gaaskrunn zoudreien wann et ze domm get, ma d’Mellech schmaacht awer no verbrannt, an d’Kachmaschin ass derno och verhonzt.

    Soit hoffen mer alt dat d’Flaam net ausgeet wann d’Mellech iwerkacht. Soss keint et emol e Knuppert ginn wann een d’Luucht unmecht.

    Fleich setzt doweinst de J-C schons ennert dem Kichendësch.

    Rom

  15. December 12, 2008 at 9:02 am

    Romain:

    Wëllkomm op dësem Blog mee wat genau ass däin Punkt? Si mer do net sou sécher.

  16. Romain
    December 12, 2008 at 9:11 am

    Sorry wann d’Metapher net esou einfach ze erkennen ass, ma mierkt keen dat den Stiervhelleftext – lues awer secher – fir aaner Themen messbraucht get ?

    Den Text ass zweetrangeg elo geet et em dei fameis Froo vun der Trennung vun Kierch an Staat.
    Nujee et ass Zeit ginn, ma d’Gesellschaft brecht auserneen.

    Weini flaamt et an der Groussgaass?

  17. December 12, 2008 at 9:26 am

    Menger Meenung no gët et héich Zäit fir eng kloer Trennung tëschent Kierch a Stat. Wann dës Proposition de Loi dat beschleunegt, dann hunn ech keen Problem domadder.

    An d’Groussgaas wäert dowéinst och net flamen. Mir hunn a. net genuch Autonomer (mee firwat sollten déi sech iwwert eng Trennung vun Kierch an Stat opregen? ok, sie brauchen net emmer rational Argumenter, Haaptsaach Gewalt ausliewen) an b. sinn die Konservativ keng därer, déi sou Radau schloen géiffen. Déi giffen dat vill méi subtil man.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: