Home > Gesellschaft, Politik > Griechenland.

Griechenland.

December 10, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech fannen jo die Stroossenschluechten do exzessiv, net ubruecht an de falschen Wee fir Problemer ze léisen.

Hei och en Zitat, wat ech mengen richteg ass:

“Polizisten und Autonome sind in einer tiefen Hassliebe miteinander verbunden”, behauptet der Filmemacher Yannis, 35, der in dieser Nacht mit einem Kumpel durch die Straßen des Athener Rebellenviertels Exarchia zieht. “Sie brauchen einander und genießen die Gewalt.”

Die Autonom waarden jo just op esou Geleegenheeten an d’Flicen hunn och endlech mol bëssen Action …

So, an lo run un d’Comments. Zumools de Joël, hehe.

Categories: Gesellschaft, Politik
  1. Thorben
    December 10, 2008 at 1:24 pm

    dat huet de Michael Moore och mol iwwer Judden a Palästinenser gesot

  2. December 10, 2008 at 1:42 pm

    Do hat en wahrscheinlech mol guer net sou Onrecht.

    Dat selwecht gëlt fir den Sherlock Holmes an den Dr Moriarty, Gott an den Satan, etc.

    Wann jiderereen der selwechter Meenung ass, gët et jo och oft séier langweileg …

  3. December 10, 2008 at 1:55 pm

    Natirlech brauchen déi zwee een den aaneren. Daat d’Police gären vill Souen fir hier Ausrüstung hätt … mee ween sollen se domadder schloen wann et keng Autonomer ged? (Nazien ginn jo komescherweis net immens oft zerschlo?)

    Ech fannen Gewalt op der Stross net immens sennvoll. An natirlech sinn do ob beiden Saiten Leit, déi Strait sichen. Daat deelweis awer och béis vun Policesait provozéiert bzw. sech ennert de schwaarze Block gemescht ged, ass en Fakt (Agents provocateurs). Waat domadder soll ereescht ginn, verstinn ech net.

    Ech behaapten awer lo einfach mol, daat déi meescht Autonom net “nemmen drop waarden”, mee daat dat meeschtens eng Minderheet ass.

    Waat net heescht, daat ech et gudd heeschen, wann Demonstratiousrechter angeschränkt ginn, wéi daat op G8-Gipfel jo massiv de Fall ass.

  4. December 10, 2008 at 2:00 pm

    >Waat domadder soll ereescht ginn, verstinn ech net.

    Du has dat dach grad en Paragraph uewen driwwer erkläert😉

  5. December 10, 2008 at 3:54 pm

    Ech fannen dat eng zimlech engstirneg Siicht. D’Jugendarbechtslosegkeet an Griichenland ass esou heich ewei soss neirens an Europa, den Edukatiounssystem ass katastrofal, d’Regierung ass korrupt bis zum Gehtnichtmehr, an et sinn net nemmen di Autonom di op d’Strooss ginn. D’Universiteiten sinn zou, Proffen, Schoulmeeschteren, Schueler, si streiken alleguerten.
    Okay, et sinn vlait di Autonom di alles kleng schloen, mee ech kann hier Reaktioun awer verstoen (sou wi d’Oppositioun a Griichenland och, di erklaert huet si ging der Regiuerung net dobai hellefen d’Gewalt ze stoppen). Wann ech an hierer Situatioun wier, weisst ech net ob ech net och ging mat Steng op di Leit puchen, di di korrupt Regierung un der Muecht halen an domatter di Jonk an de Misere dreiwen.
    Et ass jo net nemmen mi ee nationalen Problem, et goufen jo mettlerweil schon e puer griichesch Ambassaden besat. Vlait ass Gewalt keng Leisung, ma wann d’Police bis ufaenkt Jugendlecher z’erscheissen (et dierf ee net vergiessen, dass d’Police un deem Ganzen Schold ass!) an all deen aneren Protest naischt bruecht huet, gett et awer vlait eng Leisung.
    Et ass traureg, dass et suwait komm ass. Mee di eenzeg Verantwortlech dofir ass d’Regierung, si hunn di autonom Szene selwer erschaaft mat hierer Politik.

  6. December 10, 2008 at 4:01 pm

    Thierry:

    Muss een do net ënnerscheeden tëschent deem Generalstreik, deen schon säit zwou Wochen geplangt woer (an zu Recht, wéis du jo opgezielt hues), an der Randale lo wéinst deem Teenager, deen vun de Flic’en erschoss gouff (an wat die Autonom natiirlech och ausnotzen)?

    Wees een en plus genau, wéi deen Tipp emkomm ass?

  7. December 10, 2008 at 5:14 pm

    Folgenden Artikel: http://www.zeit.de/online/2008/50/athen-krawalle-soziale-hintergruende?page=all
    resumeiert meng Siicht vun der Situatioun amfong gudd.

  8. December 10, 2008 at 5:23 pm

    thierry:

    Interessanten Resumé! Merci. An et kann een jo dann awer och net ofstréiden, dass d’Lenk awer och hieren Undeel un der Schold huet (Korruption an der Politik an den No-Go Quartier vun der extremer Lenk an den Drogendealer).

  9. Thorben
    December 10, 2008 at 6:43 pm

    “Dat selwecht gëlt fir den Sherlock Holmes an den Dr Moriarty, Gott an den Satan, etc.”
    ech géing dat gären erweideren: De Grommel an de Chris

  10. December 10, 2008 at 6:47 pm

    Haha, natiirlech. Ech wollt dat just net sou direkt soen😉

    Sou schlëmm ass et allerdengs och rem net. Ech schätzen hien jo och usech oft. An et ass jo gutt, wann een net ëmmer der selwechter Meenung ass. Wéini giff een dann soss diskutéieren?😉

  11. Thorben
    December 10, 2008 at 6:51 pm

    Ech muss soen dat ech äer Diskussiounen emmer gudd fannen. Souwisou, zenter dems Cookie Monster zou ass, ass den Niveau an der Blogosphär beträchtlech geklommen

  12. Chris
    December 10, 2008 at 8:58 pm

    Thorben, dat ass e schon zënter, dass de Maach4un net méi bloggt.

    Klenge Witz, wou ass heen eigentlech drun? Ech si jo nach ëmmer der Meenung, dass heen eng vun deene Faschogruppen op Facebook gegrënnt huet.

    (Disclaimer: Dat ass alles nëmme Gestëppels fir en op de Plang ze ruffen.)

  13. Thorben
    December 10, 2008 at 10:25 pm

    Wee wor eigentlech dee Maach4un?

  14. Blubb
    December 11, 2008 at 1:25 am
  15. December 11, 2008 at 9:35 am

    Merci blubb!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: