Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Kaartenhaus?

Kaartenhaus?

December 12, 2008 Leave a comment Go to comments

Ech hu mech jo heiandsdo gefrot, wéi d’Economie giff réagéieren, wann jidereen mäin (ziemlech restriktivt) Kafverhalen hätt. Schéngt, wéi wann ech dat lo giff gesinn … Mee ech sinn awer ferme erstaunt, wéi séier eis Gesellschaftsform, déi jo quasi reng op Konsum baséiert, an d’Gëtten geet (oder schéngt ze goen). Sie schéngt wirklech just ze funktionnéieren, wann se op Héichtouren leeft. Wann se bis an d’Stocken kënt, dann bläiwt op eemol alles stoen resp. gët mat erofgerappt. An dat an enger Vitesse, déi ech net sou erwaart hätt.

Ok, Lëtzebuerg huet et nach net richteg erwëscht (obwuel, wann verschidden Rumeuren sëch als wouer rausstellen, déi ech héieren hunn, da wäerten och an der Stad geschwënn eng Rëtsch Butteker ferme Krempes hunn ze iwwerliewen) an d’Politik ënnerhëlt jo och alles fir den Konsum nees unzekuerbelen. An trotzdem ass dat awer net grad näischt, wat do grad passéiert an passéieren wäert. Op der anerer Säit leien an all Krise jo awer och net nëmmen Geforen, mee och Chancen. An villäicht ass d’Chance an dësem Fall fir eng Gesellschaft, an en ekonomeschen Modell, ze kréien, deen nët just op blannen Konsum baséiert? Ka jo och net des Rätsels Lösung sinn, dass lo jidereen en Masse Suen ausgët fir Schrott, deen en usech jo guer net brauch. D’Betounung läit op ‘usech net brauch’. Dat alleng beweisst jo, dass eppes mat eisem System louche ass.

  1. December 12, 2008 at 5:56 pm

    An dem Senn ass déi Industrie, déi Saachen produzéiert, déi een “usech net brauch” produzéiert, jo selwer Schold. Ausserdem froen ech mech, wéi schlemm daat alles wierklech ass. Mir wessen dach alleguerten, daat Wuestum net onendlech sinn KANN, just bei den Economisten ged en onbändegen Wuestumsglawen. An kaum stagnéiert en ass schon deck Panik.
    Ass dann schon irgendeppes méi déier ginn? Die heich Liewensmettel an Bezinspraiser hunn de Konsument (momentan op manst!) méi schlemm getraff wéi d’Wirtschafts”krise”.

  2. December 12, 2008 at 6:42 pm

    Joel:

    Ech mengen den Haaptproblem wäert doranner leien, dass well manner kaaft gët, den Chômage ferme an d’Luucht goen wäert. An déi Läit hunn dann nach manner Suen fir eppes ze kafen, wat den Konsum weider drosselt an nach méi Läit an de Chômage bréngt …

    Mee wee wees, villäicht verleeft jo alles méi glimpflech.

  3. December 12, 2008 at 7:33 pm

    An deem senn schengt deen “Konsumgutschein”, deen an Daitschland diskutéiert ged, guer keng esou eng domm Idee ze sinn!

  4. December 12, 2008 at 7:54 pm

    Villäicht, ech wees net. Op alle Fall besser, wéi just Suen verdeelen, déi dann op d’Spuerbuch gedroen ginn!

    Hei och nach dem Scott Adam’s seng Meenung zum Thema (oder engem Deelaspekt opmanst) an wéi ëmmer ass en originell …

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: