Home > Film > Bof.

Bof.

December 14, 2008 Leave a comment Go to comments

Grad den ‘Burn after reading’ gesinn. D’Schauspiller sinn natiirlech queesch duerch d’Bänk gutt (dat rett de Film e bëssen) an et sinn och e puer witzeg Szenen dran mee d’Story usech, an domadder de Film, ass awer ziemlech langweileg. D’Coen Bridder hu mech alt nees enttäuscht … och bei hinnen ass definitiv net all Schoss en Treffer.

Mee wahrscheinlech verstinn ech just näischt vun Filmer.

5/10

Categories: Film
  1. Chris
    December 15, 2008 at 1:02 am

    Also déi 5 Punkten hätt ech em net mol ginn. Mat dat Schlechst, wat ech dest Joer gesinn hunn, an ech hu suwuel “Hancock”, wéi och “Iron Man” fäerdeg gekuckt.😉

  2. December 15, 2008 at 1:26 am

    ech sim och keen fan vun den coen bothers. esou guer fargo huet mech kaal gelos.
    “miller’s crossing” ass deen mer am beschten vun hinnen gefallt, am dann nach net 100%

  3. December 15, 2008 at 4:16 am

    “Iron Man” war net sou iwwel. De Kampf um Schluss war äußerst mies, mee soss war en awer soliden Popcorn Kino.

  4. December 15, 2008 at 9:20 am

    Chris: wow! dat ass en kloert an vernichtend Urteel.

    Urban: jo, sie sinn wuel bessen iwwerschätzt. genau wéi d’Wachowski. een oder zwee iwwerduerchnettlech Filmer sinn keng Garantie, dass alles iwwerduerchschnettlech ass, wat se produzéieren.

  5. December 15, 2008 at 9:42 am

    Ech hun e gudd fonnt a konnt gudd dobei laachen. Mee ech sin och en ausgesprachen groussen Fan vun hinnen

  6. Chris
    December 15, 2008 at 11:37 am

    Ech sinn och e gaz grousse Fan vun hinnen, mee ech fannen dee Film do einfa nëmme Schrott.

    An ech si schockéiert, dass den Thierry e Film als soliden Popcorn Kino bezeechent. Wou ass dann däin Häerz hin?
    A souwisou, ech verstinn dat villt Luew un “Iron Man” net, zemols well ëmmer gesot gëtt, äusser dem läschte Kampf wier en net iwwel. Jo, ok, vläicht, mee dee läschte Kampf dauert dach gefillten zwou Stonnen, oder net?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: