Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Power to the Schildbürger!

Power to the Schildbürger!

December 17, 2008 Leave a comment Go to comments

Lo huet also en gewëssen Jeannot Pesché, soss just bekannt als Kämpfer géint Handystrahlen, eng Demande fir en Referendum iwwert die geplangten Konstitutionsännerung agereecht. An dat obwuel suwuel d’Parlament unanime an suguer den Grand Duc selwer dofir sinn! Natiirlech fänkt d’ADR lo nees un mat wackelen an bléiwt hierem bëllegen Opportunismus tréi. An et kann ee sech jo och denken, wenn wuel dei ominéis Partei ass, déi den Här Pesché an dëser Saach beréit …

An dësen Här Pesché wëll also, dass den Grand Duc seng Rechter behält … Rechter, déi en säit iwwer 100 Joër souwiesou just nëmmen nach um Pabéier huet, awer net méi supposéiert ass, anzesetzen. Schon guer net an engem Europa am 21. Johrhonnert!

An elo, just fir sech dem Euthanasiegesetz ze opposéieren, well just dorëms geet et eisem Här Pesché am Fong  jo, well dësen eist Land nees an d’Mëttelalter verfrachten an hëllt dofir souguer eng institutionell Krise a Kaf. An en huet och schon ugedréit fir direkt op den Europäëschen Geriichtshaff ze goen, wann den Premier seng Demande net als acceptabel considéréiert … 

Ma dann si mer mol gespaant, wéi et an dësem Kabarettstéck weidergeet an op hien déi 25000 Ennerschrëften zesummen kritt (hien téint jo vun 50000 Stëmmen an 75% Faveur beim Referendum!). An wouropper baséiert en seng Hoffnung: Internetemfroën an Lieserbréiwer …

Ech hoffen, deen do leeft gutt bäi. An souwiesou, wollten net och die Lenk en Referendum organiséieren fir iwwert d’Monarchie per se ofzestëmmen?

An wéi ass et éigentlech, wéivill % Walbedeelegung muss et bei engem Referendum ginn, fir dass d’Resultat och wirksam gët?

  1. December 17, 2008 at 10:26 am

    D’Wahlbedeelegung zu Lëtzebuerg ass dach souwiesou emmer 100% (an der Theorie.)? Oder ged et beim Referendum keng Wahlpflicht?

    Et ginn nach emmer Leit, déi géint Handystrahlen kämpfen? Wéi waar daat mat net-ioniséierender Strahlung?

  2. December 17, 2008 at 12:16 pm

    Aus dem Journal vun haut: Einer der Initiatoren, der Rentner Jeannot Pesché aus Differdingen, machte gestern auf RTL Radio keinen Hehl daraus, dass der Vorstoß auch durch die Ablehnung des Gesetzvorschlags zur aktiven Sterbehilfe motiviert ist. Pesché hatte bereits in Internet-Foren für eine solche Initiative geworben – zugleich zog er dort auch Parallelen zwischen dem Euthanasie- und Suizidhilfegesetz und dem T4-Mordprogramm der Nazis an mehr als 100.000 Psychiatrie-Patienten und behinderten Menschen…

  3. December 17, 2008 at 12:21 pm

    En hunn den Här Pesché de Moien um Radio héieren an hien schéngt en ganz sophistikéierten, subtilen an gutt informéierten Mënsch ze sinn …😉

  4. Thorben
    December 17, 2008 at 1:42 pm

    Haha, ech hun well schon e puer Mol de verglach zum Euthanasie-Gesetz mat dem T4-Programm gelies. Just dat wat sech duermols am Tiergarten zougedroen huet jo wuel e bessen eng aaner Geschicht ass.

    De Mann huet vläit eng mat der Dänn a kann naischt dofir? Scho mol dorun geduecht?

    Ech veröffentlechen hei dann nach dat, wat ech an der Facebook Grupp Vive de GrandDuc an Vive an dPoubelle mat dem Euthanasiegesetz geschriwwen hun:

    Léif alleguerten,
    do sin e puer Saachen déi net verstan sin. Euthanasie bedeit net, dass all Mensch iwwer 75 Joer aal ass ageschléifert gett.

    Hei sin e puer Saachen déi net ganz riicht sin. Déi Tatsaach dat keen Dokter an kee Patient dono gefrot huet ass erlunn. Et gin a Letzebuerg emmer rem Leit déi dono froen, an aaneren Länner kloen Leit fir hiert Recht ze stiewen. Et gin genuch Dokteren, och a Letzebuerg, och Letzebuerger, déi dat Gesetz positiv obhuelen.

    Léift Marie, e groussen Respekt virun dengen Grousselteren. Mäin Bopi loung selwer iwwer Méint am Stiewen an mir, seng Enkelkanner, hu vill vun him geléiert, zumols an däer Zäit. Fro mol däin ale Matbewunner. An hien wollt liewen, konnt et awer net méi. Déi gudd Nooricht ass, eis béid Grousselteren hätten vun hierem Recht ze stiewen, wann et dat Gesetz gi wier, kee Gebrauch gemaat. Deng Grousselteren hätten SELWER de Choix gehat, ze décidéiren ob se wellen liewen oder net. No hierem fräien Wëllen, deen hinnen zur Verfügung steet. Marie, du hues dat Gesetz net gelies. Et gi keng Dokteren déi dat Gesetz mussen duerchféiren. All Dokter dierf selwer entscheeden ob en sech dat zoumudden kann, alles aaneres wier jo e Verstouss géint dat Menscherecht dat all Mensch fräi gebuer gett. Ech wees net wouhiers du mengs, dass d’gerechfäerdegt Uwennung vun deem Gesetz eng Illusioun ass. Wanns de et nämlech géings liesen, géings de séier mierken, dat dat ganzt esou organiséiert ass, dat et éischter viirkennt dat een ze mann stiewe gelooss gett, wéi een zevill.

    Léift Myriam, ech si Lëtzebuerger a sin fir d’Euthanasie, ech well d’Lëtzebuerger awer net vernichten. Ech gin dovunner aus dats du ganz bewosst en Vocabulaire benotz, deen ob d’drett Räich uspillt, well do déi onkontrolléiert an onréglementéiert Executiounen vu Behennerten an aaneren Euthanasie genannt gin ass. Et geet net drems Leit “wechzeschaafen”

    Mee eppes aaneres ass nach vill méi wichteg. Nom zweete Weltkrich huet Europa sech zesummengeraaft an sech gesot: Dat dierf net nach eng Kéier geschéien. Genee virun 60 Joer, den 10. Dezember 1948 gouf dun d’Allgemeng Erklärung vun de Menschenrechter veroofscheed.

    Deen éischten Artikel ass “Alle Menschen sind frei und gleich an Würde und Rechten geboren. Sie sind mit Vernunft und Gewissen begabt und sollen einander im Geist der Brüderlichkeit begegnen.” All Mensch ass also fräi an dierf décidéiren wat en well man. Natierlech gin et Gesetzer, déi Menschen vun Iwwergrëffer duerch aanerer solle schützen. Mee bis elo wor e Mensch a Lëtzebuerg net fräi ze Liewen an ze Stiewen wéini en wollt. Firwat verstéisst Lëtzebuerg géint dësst fundamentalt Recht?

    All Mensch soll säi Liewen appréciéiren, en soll d’Welt erliewen, d’Wonner déi eis all Daag emgin, an d’Liewen a senger vollster Schéinheet gesin. Wann e Mensch awer just nach am Bett läit, sech net méi beweegen kann an ufänkt drob ze waarden dass et endlech riwwer ass, well en net stiewen dierf, wann en duerch e Schlauch soll erniert gin an duerch en aaneren soll beotemt gin, an en décidéiert huet, a sengem Liewen keng Schéinheet méi ze fannen, dann ass et sadistesch een mat oder ouni Palliativpfleg um Liewen ze erhaalen, dann ass dat eng Mëssuechtung vum fräie Wellen vun all Mensch. Eng Messuechtung vun eisen Menschenrechter.

    Myriam, deng Léisung, all déi ,déi aanecht denken wéis du, fortzeschécken, ass e bessen einfach. Mech wonnert et, dat Mënschen, no all dem, wat eiser Welt an deenen leschten Joerdausenden widderfuer ass, nach emmer ob Auswanderung an Verdreiwung verweisen.

    Kuerz zesummengefasst:
    – Marie, deng Grousseltren géingen och mam neie Gesetz em hiert d’Liewen kämpfen
    – Kee gett fälschlecherweis embruecht
    – Keen Dokter muss Euthanasie duerchféiren
    – Fir dat Gesetz gett et eng Demande an eng Offer, ech wees net wéi ee kann de contraire behapten
    – Nee, hei fänkt keen un, systematesch Behennerter, Drogéiert oder Obdachlos aus dem Wee ze schaafen. Mir sin net dat drëtt Räich, den Juncker ass NET den Hitler.
    – Nee, aaneschtdenkender aus Letzebuerg ze weisen ass weder eng Léisung, nach besonnech intelligent

    An fir déi ganz Diskussioun bessen méi objektiv ze man, probéiren mir mol d’Relioun bausse viir ze loossen. Dat heescht keng Argumenter wéi “Gott huet eis Würd gin, déi kann eis och keng Krankheet huelen” oder awer “et ass géint d’Bibel Menschen emzebréngen”.

  5. Thorben
    December 17, 2008 at 1:44 pm
  6. Thorben
    December 17, 2008 at 1:47 pm

    A fir all déi, déi wesse wellen wat fir en obgewecktent Kerlchen den häer dach ass

  7. December 17, 2008 at 2:28 pm

    Thorben:

    1: Exzellenten Bréif! An et ginn wirklech dämlech an primitiv Féissbuchgruppen.
    2: Haha, schéin Foto!
    3: Brilliant!!!🙂

  8. denjclaude
    December 17, 2008 at 3:24 pm

    @Thorben gudden Text!

    @Joel
    Wann ech et richteg verstanen hun ass eng Ennerschreftenaktioun iwert d’Gemengen neideg fier iwerhapt en Referendum ze kreien. Do gin Leschten ausgeluecht an et kann een sech do androen wann een derfier ass. Fier dei Prozedur gelt Wahlpflicht net. Se gelt awer herno fier den Referndum un sech.

    Positiv wier den Referendum jo wann een dann do keint zweschen aaler oder neier Monarchie oder Republik wielen. Problematesch gett et wann do geif d’Republik fehlen.

  9. December 17, 2008 at 3:28 pm

    jclaude:

    An sou eng Zort Ennerschrëftenaktioun ennerscheed sech jo och dann vun normalen Ennerschrëftenaktiounen doduerch, dass een op d’Gemëng muss goen, sech ausweisen muss an dann réischt ennerschräiwen kann, richteg? Ech kann een sech also net einfach mat engem Ziedel an d’Groussgaas stellen, wou d’Läit dann ennerschräiwen? Well dat wier jo och ze einfach ……. fir ze fuddelen!

    An bei engem Referendum ze wielen ass obligatoresch? Alt nees eppes dobäi geléiert.

  10. Opus D
    December 18, 2008 at 8:18 am

    Natierlech ass em Här Pesché seng Initiativ méi ewéi dämlech. An séng Mattstreiter sinn och net déi kleverst! Mais, solle mer dann nët awer elo dervunn profitéieren fir dass jiddferéen kann séng Méenung soen? Ech stellen et Ännerung vum Artikel 34 och net per se a Fro (den Heng ka jo och vielleicht eng Kéier op d’Iddé kommen fir ze refuséieren einfach nëmmen ze promulgéieren! Haat de Baudouin daat net esou gemaach? Déen huet dach schons déemols net missten sanctionnéieren, oder?). Mais, déi Art a Weis wéi et elo geschitt ass (soll geschéien), déi ass einfach ze iwwerhiewleg!

  11. December 18, 2008 at 9:11 am

    Perséinlech sinn ech fir eng 100% repräsentativ Monarchie. Den Grand Duc soll absolut keng politesch Pouvoiren méi hunn. Als Maskottchen ass en awer, ennert gewëssen Konditiounen, ok.

  12. Opus D.
    December 18, 2008 at 10:47 am

    Also wa mer schons éen Adlegenun der Spëtz vum Staat hunn, da soll hien awer och é Minimum Louis 14ze könne spillen, oder nët? Natierlech nët zevill! Mais, éemol all honnert Joër billen ass dach nët iwwerdriwen!😉

  13. December 18, 2008 at 12:52 pm

    Wiesou muss den Grand-Duc d’Verfassungsännerung eigentlech ofsehnen? Et ged keng Regelung déi daat virgesait, well d’Verfassung ass jo keen Gesetz an ged par Defintioun vum Vollek/den Volleksvertrieder opgesaat.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: