16 Joer?

December 18, 2008 Leave a comment Go to comments

Kann en mer erklären firwat een iwwerhaapt doriwwer nodenkt den Alter, wou een ka wielen goen, op 16 erof ze setzen? Ass dach nees sou eng Schnapsiddi.

18 Joer geet dach déck duer. A wann net, firwat net op 15? 14? 13? 12?

  1. December 18, 2008 at 11:11 am

    Ech hat eng Kéier en Text geschriwwen, wisou dat keng Schnappsiddi ass🙂 Kucke mol op ech deen rem fannen.

  2. benem
    December 18, 2008 at 12:02 pm

    Du schreiws mir jo haut richteg aus der Séil😀
    Hun genau dat selwecht geduecht wéi’s du an dengen läschten 2 Posts.

  3. December 18, 2008 at 12:40 pm

    manuel:

    da sinn ech awer mol gespaant😉

    ech huelen un et huet indirekt och domadder ze dinn, dass déi mie jonk éischt méi lenk tendéieren? wat bei deenen 18jähregen allerdëngs och ëmmer nach de Fall ass.

    benem:

    ah, dann sinn ech jo net deen eenzegen Komeschen!😉

  4. December 18, 2008 at 12:47 pm

    Grommel: Wiesou sollten Jonker eischter méi lenk tendéiren?

    Ech wees net ob ech 16 net och e bessi Jonk fannen. Mee 17,18,19 an 20 an 21 awer net. An et sinn jo net all Joer Wahlen, dh. d’Wahlgeneratioun “1. Kéier” ass am Duerschnett méi aal wéi 18 an wier och méi aal wéi 16.
    Ech gesinn theoretesch mol keen Problem, wann et een ordetnlechen Civiquescours an allen Schoulen géif ginn, mee anscheinend ass Relioun/Ethik jo méi wichteg wéi Demokratieverständniss.

  5. Blubb
    December 18, 2008 at 8:22 pm

    Ma amfong geet et och duer wann nemmen Männer an ab 40jähreger en Wahlrecht hun. Dat nennt een dann awer net mei Demokratie.😉
    Mee wisou soll eng Meenung vun engem 16jähregen oder 17jähregen manner Wert sin wei dei vun engem 40jähregen?

  6. December 18, 2008 at 9:57 pm

    blubb:

    usech ass et jo eng Fro vun der ‘Räift’ … obwuel natiirlech nach laang net all Erwuessenen räiff ass … mee bon.

  7. Tom
    December 18, 2008 at 10:41 pm

    Momentan ginn et an der Chamber 5 Députéiert (dovunner 2 vun der DP) déi méi jonk ewéi 40 sinn. D’Wahlrecht (Betounung op Recht) ab 16, dat vun der JDL, gefroot gett, giff secherlech hellefen fir dass d’Politiker hei am Land sech och emol erem em déi Jonk kemmeren. Dëst gett momentan wirklech net gemeet a scho guer net ennert der CSV-LSAP Regierung: 5611, héichen Jugendchomage, heichen Taux de suicide bei Jonker (e vun den heechsten iwwerhaapt), heichen Drogenkonsum bei den Jonken (ebenfalls e vun den heechsten iwwerhaapt). Jee, et kéinnt een nach wéider Saachen opzielen, Fazit ass einfach dass momentan d’„Bopien” an d’„Bomien” an der Chamber sech net fir déi Jonk interesséieren. A well et jo e WahlRECHT wier, giffen d’Politiker probéieren déi Jonk z’iwwerzeegen fir (fir sie) wielen zegoen. Fir dat fäerdeg zebrengen mussen d’Politiker dann eben och Äntwerten op d’Problemer vun der Jugend hunn.

  8. Blubb
    December 18, 2008 at 11:02 pm

    @Strawdog :

    Eben.🙂
    Wann ech mer ukucken wat mer an der Chamber setzen hun, dann froen ech mech wien dei Lait do gewielt hun. 16-17jähreger woren et bestemmt net.
    Doweinst fannen ech mol dat een Demokratie hei erweidern kann, an 16jähreger a 17jähreger mat wielen kennen.

  9. Patrick
    December 19, 2008 at 8:24 am

    Wann et am moment schon esou as, wei get dann an 20 joer, wann d’bevölkerungpyramid nach mei zum trapez gett, an dei jonk wait an der minoritéit sinn? Do sinn d’generatiounskonflikter fierprogramméiert!

  10. December 19, 2008 at 12:18 pm

    @grommel

    hei meng meenung: http://manuelhuss.wordpress.com/2008/12/19/wahlrecht-16/

    an neen, et huet näischt mat ‘lénken’ Iddien ze din, opjidferfall net prioritär, wann ech éierlech sinn🙂

  11. December 21, 2008 at 12:45 am

    Wat mech e bësse wonnert ass d’Modalverb da’s de benotz: “…den Alter, wou een KA wielen goen…”

    Et ass jo momentan sou, dass mer eng Walpflicht hunn. Deemno häss du d’Fro also mat dem Modalverb “mussen” stelle sollen. Dann hätt ech der geäntwert, dass een et net onbedéngt “Schnapsiddi” nenne misst, mä dass et dann enger Ausnam vum Prinzip entsprieche géing, dass 18 Joer deen Alter ass, wou een virum Gesetz als erwuesse Persoun considéréiert gëtt, an deemno och di entspriechend Pflichten huet, z.B. wielen ze goen.

    Wann s du awer bewosst “kënnen” benotz, da sees du domat implizit, dass et keng Walpflicht, mä e Walrecht fir di 16jähreg bedeite géif. An dat wier a mengen Aen absolut keng Schnapsiddi, mä eng begréissenswäert Neierung. Well wann et an deem Alter eng Minoritéit gëtt, déi sech wierklech fir Politik interesséiert, firwat hinnen net d’Méiglechkeet ginn, sech fir hier Iddien anzesetzen? D’Gesellschaft schéngt jo och z’akzeptéieren, dass d’Jugend haut an anere Beräicher méi fréi aktiv gëtt (ech benotzen absichtlich net den Ausdrock “räif”), firwat also net an deem Domän, deen d’Liewen an der Gesellschaft matbestëmme soll?

  12. Claudine
    December 21, 2008 at 1:03 am

    Ech perseinlech si mer net secher op daat eng gudd idee waer.
    Dei meescht wessen mat 18 mol na net waat genau an der Politik leeft. Eh muss dem Joel do recht gin, sin op 2eme an fannen dass dee civiques cour wierklech naischt daacht. Waat hun ech dofun wann ech wees dass de grand duc iwwert dem Gesetz steet? Geif et mei wichteg fannen, wann zum Beispill ennert der Foto vun den Deputeierten och mol hier Nimm geife stoen. Wann een deenen 16-jähregen d Wahlrecht soll gin, soll een eischtens emol en civiques cour aféieren, deen och fir mei niddereg Klassen as an eppes daacht.

  1. December 19, 2008 at 12:16 pm

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: