Home > Gesellschaft, Luxembourg, Politik > Eise Jeannot.

Eise Jeannot.

December 18, 2008 Leave a comment Go to comments

Dem ominéise Jeannot Pesché (Link) seng Reaktioun op de Vote vun der Chamber (per Kommentar op rtl.lu):

De Jeannot Pesché, Initiateur vum Projet “Verfassungs-Referendum”, huet an engem Commentaire zu dëser News matgedeelt: “Dies werden wir uns nicht bieten lassen, denn der nächste Schritt ist schon in die Wege geleitet!!!! Ein weiters Referendum wird nächste Woche auf den Instanzenweg geschickt!!!”

Aber jawohl, sicher, doch, ne! Firwat och dat akzeptéieren, wat en demokratesch gewieltent Parlament beschléisst, wann een net d’accord? Wou si mer dann? An enger Demokratie???

An dat Bescht bei der ganzer, lächerlecher Geschicht ass jo, dass den Grand Duc selwer dat Recht wëll verléieren, lol.

Mee bon, eise Schildbürger reit weider op sengem Päerd a kämpft géint die béiss Wandmillen …

  1. Cartman306
    December 19, 2008 at 12:22 pm

    Eise Jeannot hätt mol besser seng Hausaufgaben anstänneg ze maachen bei senger éischter Demande fir en Referendum, ier en de nächsten ufreet. De Premier huet nämlech haut seng Demande verworf, well een vun sengen Ënnerstëtzer keen Zertifikat virgeluegt huet, deen en als ageschriwwenen Wieler auswéist:

    Dans sa décision de ce jour, le Premier Ministre constate que la demande ne satisfait pas aux conditions de la loi du 4 février 2005 relative au référendum au niveau national et qu’elle est dès lors irrecevable. Un des membres du comité d’initiative a en effet omis de produire un certificat d’inscription sur les listes électorales.

  2. Cartman306
    December 19, 2008 at 12:24 pm

    Reaktioun vum Jeannot, fonnt op wort.lu:

    Jeannot Pesché, der als Initiator des Antrags gilt, bestätigte am Freitagmorgen den Formfehler gegenüber Radio DNR. Eines der Mitglieder des Komitees habe keine Wählerbescheinigung eingereicht.

    Der Mann werde ersetzt und ein neuer Antrag könne Anfang der kommenden Woche an das Staatsministerium geschickt werden, so dass die vorgeschriebene Frist eingehalten werden könne.

  3. December 19, 2008 at 12:31 pm

    Haha, dat passt jo wéi d’Fauscht op d’Aan. Wat e Komiker …

  4. December 19, 2008 at 12:48 pm

    Dee Mann muss encadréiert ginn…

  5. December 19, 2008 at 2:58 pm

    vun jeudi.lu:

    Le rédacteur de la proposition de loi sur l’euthanasie, le député écolo Jean Huss, regarde toutes ces gesticulations avec recul. Il connaît ce fameux Jeannot Pesché, ancien bistrotier en pension invalidité. En tant qu’ardent défenseur de la protection de la santé humaine et de la nature vis-à-vis des innovations technologiques, il a déjà côtoyé son homologue. Mais le sérieux les différencie. «D’abord, chaque citoyen a le droit d’agir ainsi. Mais sa démarche va à l’encontre de tout ce que les partis politiques pensent devoir faire.» «Ça ne fait que créer de la nervosité, du trouble», poursuit l’écolo. C’est sans aucun doute le but recherché.
    Car, au vu des déclarations faites dans la presse, le fameux Jeannot Pesché ne connaît rien à la proposition de loi qu’il veut «massacrer». «Il souligne que l’euthanasie devrait être une décision prise par le patient, soupire Jean Huss. C’est exactement le sens de la loi. Je crois qu’il n’a pas dû la lire.»

  6. Opus D
    December 20, 2008 at 12:40 pm

    Äre Blog ass nët schlecht.
    A propos: Eise Jeannot huet et Propositioun honnert pro nët gelies. Him géet et jo och nët dorems. Hien gehéiert zu denen déi ëmmer rose sinn (daat huet hien e bese mam Muck Huss gemeinsam😉 ! Nët nëmmen et Handy-Strahen also! Do huet den Huss éen jo och schons oft haart laache gedoen…. Wéinegstens kuckt gien dann ëmmer esou léiw säuerlech verbattert dran! Halt schons erëm eng Gemeinsamkéet mam Jeannot Pesché!). Hien wëll schons laang é sinn. An elo gréift hien einfach séng Chance, an huet se, als gebuerene Looser, schons erëm direkt am éischten Ulaaf verpasst! Ech si schons elo gespaant op säin 2te Streich….

  7. December 20, 2008 at 1:04 pm

    Opus Dei:

    Merci fir däi Comment. Du bass net zoufälleg de Patrick?

  8. Opus D
    December 20, 2008 at 4:44 pm

    Dach! Opus D ass mäin Pseudo, déen ech fir et “assistéiert Fraidout Diskussioun” op Sokrates.lu gewielt haat. An an der Tëschenzeit fänkt en un mir ze gefaalen, well ech ëmmer nei Nuancen bei der Interpretatioun vum Nick entdecken (a vu Bekannten gesoot kréien…). Dofir wärt ech en an Zukunft bei Sozio-politeschen Diskussiounen hei am Land baibehaalen. E war am Fong geholl nëmmen temporär fir daat Thema geduecht. mais e passt am Fong geholl perfekt bei mech (heiandsdo mecht den Zoufall et Saachen ebe besser ewéi de Verstand😉 ). Ech denke schons seit e puer Déeg drunn, fir mech sélwer ze outen,
    – éischtens, well ech kée Frënn vu Spillercher sinn;
    – an zwéetens – nach méi wichteg – well ech iech all respektéieren fir ären Engagement.
    – an drëttens, mais daat ass nëmme marginal, dir hudd jo selwer schons é Patrick. Normalerweis schreiwen a schwätzen ech am Léiwsten ënner méngem “real Name”; Mais Patrick bis ass néischt fir mäin iwwerdeveloppéierten EGO😉 .
    Mais elo hues du mer déi Laascht jo ofgeholl. Esou war et méi einfach fir mech fir den Emschwong ze kréien. Also, an Zukunft, kënnt dir mech exklusiv nëmmen nach ënner Opus D fannen.
    Nach é schéine WE🙂

  9. Opus D
    December 20, 2008 at 4:47 pm

    @ strawdog (ADDENDUM): Den “ei” hannert dem D kéinst du awer ewechloossen. Please🙂 ! Well domadder kann ech awer nu wierklech net vill ufänken😉 ….

  10. December 21, 2008 at 8:23 pm

    Firwat nenns de dech dann Opus D??

  11. December 21, 2008 at 9:07 pm

    Opus Darwini?😐

  12. Opus D
    December 22, 2008 at 9:18 am

    Voilà, zur Erënnerung, waat ech firun e puer Déeg op Sokrates.lu, dozou geschriwwen haat :
    “De “Convenience-Nick”, Opus D, gebrauchen ech an desem Kader, fir drop hinzeweisen, dass eng Organisation, Institutioun, Liewensastellung, Relioun, Philosophie, … asw, déi üblecherweis vu Villen per se verdéiwelt, ridikuliséiert, …. asw, gëtt, et vielleicht awer derwert ass, fir sech se emol vun enger aanerer Säit unzekucken? Huet net all Medaill zwou Säiten? Sou kéint den D effektif fir “Dei” oder “Daiwel” oder waat wées ech, stoen. Mais graad esou gudd kéint et och “Darwin”, “Descartes”, an nach villes Aaneres bedeiten!”
    Ech wärt mech dach wuel nët éiweg missen rechtfertegen….?😉

  13. Opus D
    December 22, 2008 at 9:22 am

    Addendum: An eng kléng Douse, “Provoc” soll natierlech och derbäi sinn…(daat schéngt jo och ze klappen; zugzer besser wéi et mir neiandsdo léiw ass!😉 ). Komesch och, dass mäin “Humor” (au sens très large) oft och nët erkannt gët….

  14. Opus D
    December 22, 2008 at 9:25 am

    Addendum BIs: Appropos “Humor”: De Simon Rattle soll am Ufank destbetreffend ähnlech Problemer matt sénge “Berliner” gehaat hunn….

  15. December 22, 2008 at 9:40 am

    Opus Dei:

    Merci fir d’Erkläerungen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: