Home > Film, Luxembourg > Ciné Belval.

Ciné Belval.

December 19, 2008 Leave a comment Go to comments

Wow. Ech hoffen hiere Kino ass besser wéi hieren Schrottwebsite! Keng Suen méi iwwereg gewiescht?

Categories: Film, Luxembourg
  1. December 20, 2008 at 12:14 am

    Ech ginn ni méi dohinner. Firun der Dier stoen, an da gesot kréien, dass en aus Sécherheetsgrënn net bis 2009 opgeet, ass verdammt schiel. Zumols, wou si dat dach schon éischter woussten, an Esch-Belval jo lo net grad zentral läit.

  2. Thorben
    December 20, 2008 at 12:42 am

    caramba websites woren nach emmer schlecht.🙂 ech gi mer awer mol gespaant hiere kino ukucken

  3. Dan
    December 20, 2008 at 10:19 am

    Hier Säit ass schiel, mee daat een online Tickets ka kaafen, ass dausend mol besser wei Utopolis. Ausserdem ging ech schon eleng nemmen op de Belval goen weinst de reserveierten Plaazen… Nujee, musse mer eben nach e besse Gedold hun.

  4. December 20, 2008 at 11:05 am

    Thierry:

    bis 2009? ech duecht e wier dunn gëschter opgaang?

    thorben:

    sauschlecht!🙂

    dan:

    op utopolis.lu kanns de den Tix och online kafen. ausserdem hunn se och nach Automaten niewent der Kees.

  5. Tom
    December 20, 2008 at 12:14 pm

    Also den Kino ass geschter opgaangen, nodeems se de ganzen Daag nach Kontrollen haaten. Dat mellt jiddefalls emol eis emmer gudd informéiert Press🙂

  6. Claudine
    December 20, 2008 at 7:39 pm

    de site vu caramba as net immens well eben elo zimlech vill stress war mam kino op belval an d prioritéiten eben anescht gesaat gi sin.
    @ Thierry
    nee si woussten net dass et net geing opgoen an et as net dem kino seng schold mee dei vu multiplan, et sin nach lauter saachen um ganze komplex dei net faerdeg resp den Oplagen net entspriechen an dofier as de Kino als Drockmettel benotzt gin.
    @ strawdog
    den avantage bei caramba as, dass wann ee seng plaatz per internet reserveiert huet, muss een sech net mei an eng schlaang stelle goen, dofier gin dann automatesch keessen iwwerflesseg. Ofgesin dofun kann ee sech dei plaatz reserveieren wou ee well an as dann och secher dass een se kritt, et muss een also net eng hallef stonn ier de Film uffänkt do sin.
    an de Kino as gescht um 17h opgaang, um 17:30 war dun dei eischt seance.
    Ech recommandeieren dohin ze goen, Bild, Toun & Confort sin eemoleg.

  7. Max
    December 20, 2008 at 11:18 pm

    Ehm…PR?

  8. Claudine
    December 21, 2008 at 12:32 am

    keng pr, just eng objektiv meenung, genee wei di aner. Fannen et schued, dass d leit di méi net gesin waat sech d leit vun caramba fir eng mei gema hun mat allem. Menger meenung no muss een daat respekteieren amplaatz alles emmer direkt schaiss ze fannen

  9. Claudine
    December 21, 2008 at 12:36 am

    sorry, verschriwwen subjektiv, net objektiv😉

  10. December 21, 2008 at 12:58 pm

    Ech war mer dat gescht emol ukucken. Als Film huet ‘burn after reading’ gedengt – e louche Film.

    Mäin Androck ass insgesamt positiv. Ech sinn frou, dass mer am Süden elo mol een anstännege Kino hunn. Ech fannen och deen ganzen Belval-Projet zimmlech faszinéierend. Tickets iwwert Internet reservéieren huet gutt funktionéiert. D’Kino-Experience usech war immens gutt. D’Setzer sinn effektiv bequeem, mat Kappstützen (!).
    (et gouf Fräibéier, dat ass och e wichtege Puspunkt, och wann et wahrscheinlech just fir den Ufank ass)

    Dat eenzegt, wat mech gestéiert huet, war dass et ebe nach net ganz färdeg ass. De “Snackshop” oder wéi een dat nennt, wou een Glacen a Kamelle kritt, ass zB na net op. Bon an hieren Internet-Site ass einfach riit eraus gesot immens ellen a wierkt amateurhaft.

  11. Claudine
    December 21, 2008 at 2:00 pm

    ech muss ganz éierlech soen, dass ech de site awer flott fannen. Waat stéiert aerch dann konkret? Well et steet jo nemmen do as en “sauschlecht” asw waer.
    Wéi waer et mat konstruktiver Kritik?

  12. December 21, 2008 at 4:49 pm

    De Site ass vum Stil hier e besse wéi Internetsäiten an den 90er Joeren. (woubäi dat och affair de gout ka sinn) Et wierkt awer alles zimmlech klobech an oniwwersiichtlech. Virun allem fehlt et un Iwwersiicht. Wann ech op e Site vun engem Kino ginn, da well ech als éischt emol en Iwwerbleck mat alle Filmer. Um Caramba Site muss een als éischt e Kino auswielen, an dann kritt een do gewise wat leeft. Wann ech dee neien Kino uklicken, kréien ech just 3 Filmer pro Säit.

  13. Claudine
    December 21, 2008 at 6:35 pm

    zur info – ënne lénks “Vue simplifiée”
    do kommen se dem alphabet no ouni foto, fannen dat besser well een e bestemmte film direkt siche ka goen a wann ee film mech intresséiert clicken ech réischt drop fir méi info ze kréien

  14. December 21, 2008 at 8:08 pm

    et ass trotzdem dann nach emmer net iwwersiichtlech, mee ech géif mengen, dass dat elo net sou dramatesch ass. Haptsaach de Kino selwer ass flott. Um Site kennen se jo nach schaffen.

  15. December 21, 2008 at 8:31 pm

    Claudine:

    De Site ass einfach schlecht organiséiert an och amateurhaft emgesat. Wéi schon gesot gouff, ass dat do 90er Joeren Design.

    Am Zäitalter vun Web 2.0 missten do awer ganz aner Méiglechkeeten sinn. Mee bon, villäicht kommen déi jo nach.

    Wann awer de Kino scho mol gutt ass, ass jo emmerhin dat! Obwuel ech den Utopolis quasi virun der Dier hunn an duerfir den CinéBelval wuel just eng Kéier wäert testen kommen well ech firwetzeg sinn.

  16. December 21, 2008 at 8:32 pm

    Ah jo, a wëllkomm um Blog!😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: