Home > Gesellschaft, Luxembourg > Oh, Heng …

Oh, Heng …

December 24, 2008 Leave a comment Go to comments

Eise Grand Duc schéngt eng Tendenz ze hunn fir erratesch ze handelen …

De Grand-Duc huet ziort ee Mann begnodegt, dee wéinst Abroch an Déifstal zu festem Prisong veruerteelt war. Dat ass exceptionnell bei Prisongsstrofen. Am Januar 2007 gouf ee 50 Joer alen Awunner vu Miersch wéinst Abroch an Déifstal zu annerhalwem Joer festem Prisong veruerteelt. Een déckt halleft Joer duerno, ugangs Oktober 2007 huet d’Commission de Grâce sech mam Fall beschäftegt. De Vueruerteelten hat eng Demande fir eng Begnodegung agereecht. Vun deene 5 Memberen, déi an der Sëtzung vun der Comissioun waren, hunn se all géint eng Grâce gestëmmt. Trotz dësem kloren negativen Avis ass de Mann grâciéiert ginn. D’Dokument gouf vum Grand-Duc Henri a vum Justizminister ënnerschriwwen. Als Motivatioun vun der Décisioun goufen humanitär Grënn invoquéiert. De Mann huet ee Certificat vun engem Dokter présentéiert, wou et dran heescht, dass en eng schwéier psychiatresch Krankheet huet.

Die 5 Läit an der Kommissioun woeren also net-humanitär? Wéi kënt et, dass 5 Läit esou komplett anerer Meenung sinn, wéi de Grand Duc? Eng vun deenen zwou Säiten muss jo dann awer eppes gesinn, wat die aner soit iwwersinn oder express verdrängt huet … ?

An EEN Zertifikat vun ENGEM Dokter geet am sou engem Fall, wéi deem hei, duer?

Anscheinend gouff den Typ awer nach wéinst aneren Saachen en plus ugeklot. Den Xavier Bettel huet lo mol puer Ufroen beim Justizminister (sengem Lieblingsminister schéngt et, hehe) gemaach. Gutt sou. Si mol gespaant, wat do nees rauskënt.

Villäicht huet den Tipp jo Relatiounen zum Opus Dei oder den Charismatiker, lol.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Thorben
    December 24, 2008 at 4:26 pm

    Vlait wor et dem Grand-Duc säi Cousin?

  2. December 24, 2008 at 6:03 pm

    lol, dat wäer et!!!🙂

  3. Thorben
  4. Thorben
    December 24, 2008 at 11:12 pm

    Léif “Gidd dem Grand-Duc seng Rechter zreck”-Leit: E well seng Rechter net méi hun.

  5. Opus D
    December 24, 2008 at 11:20 pm

    Dofir muss hien eben derzou forcéiert ginn! Ech ka jo och net einfach esou soen, dass ech miuer dest an daat wgl nët méi op der Schaff maache wëll…! Esou wäit si mir also schons komm!
    Ech muss mol kucke waat de Ratzi dozou méngt…..😉

  6. December 25, 2008 at 12:11 am

    Opus Dei:

    E Grand Duc soll fir seng repräsentativ Funktiounen bezuelt ginn. Nët méi an nët manner. Politesch Rechter brauch hien keng an stinn him och net méi zou.

  7. December 25, 2008 at 12:13 am

    Thorben:

    Ween ass dee Fransous an deem Video do, dee probéiert Lëtzebuergesch ze schwätzen?

    Mee en huet Recht mat deem, wat en a Punkto Verfassung seet. Eise Jeannot wäert dat dach nach eng Kéier bekäppen?

  8. Opus D
    December 25, 2008 at 12:18 am

    Strawdoggy
    Quand-même! E besen Absolutismus wärt jo awer nach erlaabt sinn….
    Wéen rett ons soss vrun der Demokratie?
    De Ratzi kann jo schlieslech nët Alles alléng maachen….

  9. December 25, 2008 at 12:24 am

    Opus Dei:

    Maach dach am Beschten deng eegen Gromperemonarchie am Keller op😉

  10. Opus D
    December 25, 2008 at 12:28 am

    Eise Jeannot huet guer néischt ze soen an déem Ganzen… Dée genéisst et einfach nëmmen am Mëttelpunkt ze stoen….
    An d’ADR kënnt zu hirem, andéems se einfach genésslech weiderstëppelt, an em Heng parallel den Hënner ofléckt! Ee Jammerspill!
    Trotzdem wärt ech vir é Refrendum ënnerschreiwen… Duerno, wann et dann dozou kome soll, waat ech hoffen, mais wou ech nët dru gléewen, da kucken ech emol waat esou ronderem bei Politics dohéem gesabbelt gëtt. An décidéieren, dann en toute âme et conscience….
    Ahhhh! Mir liewen an enger formidabler Zäit (an daat méngen ech emol eng Kéier nët ironesch!)

  11. Opus D
    December 25, 2008 at 12:30 am

    Straw.
    Ech si schons laang méin éegne Kinneck, Matt Kinnegin an allem pipapo😉

  12. December 25, 2008 at 9:32 am

    Opus Dei:

    Ma da sief du roueg fir desen ieselzegen Referendum. E Grapp voll aner Läit wäerten jo och denger Meenung sinn.

    An du bass also en Anti-Demokrat? Wat wier dann denger Meenung no die adekuat Regierungsform?

  13. Opus D
    December 26, 2008 at 1:41 am

    Esou eng Art “opgeklärten Tyrannei” (den Tyrann gëtt op Liewenszeit gewielt) matt énger konsultativer Assemblée, also den aktuellen Vatikan ass déem schons ähnlech…. (daat ass awer plutôt esou eng Art “konstruktiven Fantasem” vu mir…)
    Ech ka mech awer trotzdem, sous réserve, matt onsem momentaanen System arrangéieren…😉

  14. Opus D
    December 26, 2008 at 1:43 am

    A propos Referendum.
    Ech si ganz matt dir averstaanen, dass dée referendum ieselzeg ass! Mais trotzdem empfannen ech en (oder plutôt) et Prozedur fir en unzefroen) als noutwenneg. Ech hu jo schons erklärt virwaat….

  15. December 26, 2008 at 10:04 am

    Opgekläert an Religioun widdersprëcht sech. An och dat hei Thema mat dir ze diskutéieren ass lo fir mech ofgehaakt.

    Villäicht solls du dann einfach an den Vatikan plënneren? Do häss de jo dann deng Tyrannei, wéis de der se virstells. An als Paschtouer giff ech dech gutt gesinn.

  16. Opus D
    December 26, 2008 at 11:57 am

    Do geséis de mech emol guer nët esou falsch. Wann ech kéng Famill hätt, war ech wahrscheinlech an éen kontemplativen Uerden agetrueden… Do ginn et der vill, déi nët gléeweg sinn….
    Maach et trotzdem gudd….

  17. December 26, 2008 at 12:10 pm

    D’Kléischter sinn also voller Hypokriten? Do stëmmen ech der zou. Die meescht gleeweg Läit sinn Hypokriten an déif bannen dran wëssen se dat och.

  18. Opus D
    December 26, 2008 at 12:51 pm

    Ech géif sie nët als Hypokrite bezéechnen, mais éischter als Realisten, déi d’Welt esou akkzeptéieren ewéi sie ass, an als logesch Konsequenz wielen sie de monastechen Liewenswée (ganz egaal op daat kathoulesch, buddhistesch, oder waat fir Klouschteren soss och ëmmer sinn, daat ass zwéetrangeg….)

  19. December 26, 2008 at 1:11 pm

    Realisten? Ech hu geduecht du hälls net vill vun der Ratio, der Realitéit, etc? Schéngt eng weider Kontradiktioun an dir ze sinn …

    Den monasteschen Liewenswee ass och emmer eng Flucht. Wann jidereen esou giff liewen, wier d’Mënscheet och innerhalb vun e puer Generatiounen ausgestuerwen. Et ass natiirlech awer bestëmmt schéin relax (an berouegend) an esou enger ofgeschottener, klenger Welt ze liewen. Wuel bis engem den Plafong op de Kapp fällt oder sou.

  20. Opus D
    December 26, 2008 at 2:23 pm

    De monastesche Liewenswée ass wuel fir Verschiddener eng Flucht, mée et kann och en (temporär) Sich sinn. Speziell am Buddhismus ass et not onüblech fir eng Zeit an é Klouschter ze goen, fir duerno erëm matt duebler Kraaft et “Boogie Street” zerékzeeroberen….. An verschidde Katho’en fänken och un an déi Richtung ze denken….
    Den Opus Dei (net ech, mais dée Richtegen😉 ) ass explizit ée Versuch fir Spiritualitéit am normalen Alldaag ze liewen….. (matt temporären Retrait’en, … asw). Em Escriva sain “Camino” (fënnt éen an der Nationalbibliothéik op daïtsch) ass éen remarkabelt spirituellt Buch. D’praktesch Emsetzung vu sénger Jünger ass awer eng aaner Geschicht (oder éischter Katastroph!). Mais daat kennt éen jo och z.B. vum Marxismus….😉

  21. December 26, 2008 at 2:35 pm

    Eng temporär Visite an engem Klouschter ass sécher net schlecht. Man ech jo selwer vun Zäit zu Zäit. Huet awer näischt mat der Religioun ze dinn.

    Mee fir permanent do ze wunnen ass eng Flucht.

    A wanns du dem Escriva seng Iddien am Géigensaz zu deenen aneren richteg verstees, firwat kläers de sie dann net op?

  22. Opus D
    December 27, 2008 at 9:35 am

    Ech wées nët op ech dem Escriva sain “Camino” richteg verstinn, ech wées nëmmen dass d’Lecture mir ëppes bruecht huet. A matt déenen Aaneren hunn ech kée Kontakt😉 , an déi géifen och nët op mech héieren…

    Jo! Am Klouschter wunnen (temporär oder och méi laang) huet wirklech néischt matt enger bestëmmtener Religioun ze dinn

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: