Home > Luxembourg, Politik > Huh?

Huh?

Hunn ech eppes verpasst? Oder huet RTL just nees keen kompetenten Redakter?

Euthanasie-Gestreits: An de Reie vun der CSV goufen et Fuerderungen, dass d’Deputéiert Nancy Kemp-Arendt a Marie-Josée Frank sollte sanktionnéiert ginn.

Dat, well si beim Vote iwwert d’Euthanasie net op enger Linn mat hirer Fractioun loungen. Déi Informatiounen krut RTL Radio Lëtzebuerg.

Wann dach een op der Linn woer, dann d’Frank!

Souvill dann zur Gewëssensfräiheet falls déi Sanktiounsdrohung stëmmt …

Mee egal wéi woer deen Speech vum Nancy Kemp-Arendt brilliant an zoutreffend! Ech si gespaant, wéivill Panachage-Stëmmen hat dës Kéier wäert kréien.

Categories: Luxembourg, Politik
  1. January 6, 2009 at 2:29 pm

    Also d’Frank war och net ganz op der Ligne. Noom éischte Vote, wou d’CSV jo nach ganz géint d’Euthanasie war, gouf déi offiziell Positioun jo revidéiert, Richtung: “Mär sinn an ganz extreemen Ausnahmesituatiounen derfir” (Dem Wolter säin Modell, wou Euthanasie theoretesch méiglech ass, an der Praxis awer quasi onméiglech). D’CSV huet dee Spagat misste maan, well engersäits de Bistum an d’Wort Drock gemat hunn, an op der anersäit war d’Vollek majoritär dofir, wat d’CSV als “Vollekspartei” respekteiere muss. Resultat: Wackelpudding. D’Frank hingegen ass bis zum Schluss radikal dergéint bliwen. Débil, mee wéinstens éierlech débil.

  2. January 6, 2009 at 2:50 pm

    Nach eppes zum Nancy. Ech géif em och gär eng Stemm fir säin Courage ginn, mee et sollt ee sech do net täusche loossen. Eng Stemm fir d’Nancy ass eng Stemm fir d’CSV an dorops kennt et dono un. Dofir hoffen ech, dass elo net all 2 oder 3 Letzebuerger am Süden op d’Idee kennt d’Nancy ze stemmen, soss hu mer en zweete Juncker-Effekt um carré an d’CSV get massiv gestärkt.

  3. January 6, 2009 at 6:35 pm

    Dat Bescht bei der Frank woer jo hier bizarre Story nom Vote, wou se erzielt huet, dass se eng Kéier een +- ofgemuerkst (natiirlech net express) hat?

  4. Thorben
    January 6, 2009 at 6:41 pm

    Ech erenneren mech mat grousser freed.
    Ech sin géint d’Euthanasie. Ech hu mol een embruecht. Merci fir d’Nolauschteren (grouss verwonnerung am Publikum – wou ass de Bezuch ob d’Thema?)

  5. January 6, 2009 at 7:39 pm

    Bezuch? Wéi? Wou? Wat? Ween? Wat man ech hei? Wourems geet et?

  6. Chris
    January 6, 2009 at 8:14 pm

    Ee vu méngen Employéen ass bei der Madame Frank an der Famill.

    An ech si rem zréck am Congé.

  7. January 6, 2009 at 8:21 pm

    1. Ok … ? Musse mer eis lo dofir zenséieren?
    2. Ech hoffen de Wanterschlof woer schéin🙂
    3. Nach Loscht op den Post mat den 2 Jhempen ze reagéieren resp. deng Positioun als Kompatibilist an deem Fall ze erklären?

  8. Chris
    January 6, 2009 at 11:53 pm

    1. Nö.
    2. Chat va. Vill kränki.
    3. Oh freck, wat war dat scho méi?

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: