Home
> Photographie > Geotagging?
Geotagging?
Kennt een vun iech sech mat Geotagging fir Fotoen aus? Die meescht Kameraen hu jo nach keng agebauten GPS-Funktiounen. Anscheinend kann een awer mat GPS-Loggeren henno d’GPS-Donnéen an den EXIF-Fichier vun der Foto schräiwen lossen?
Zumools wéinst dem neien iPhoto interesséiert déi Funktionnalitéit lo ëmmer méi …
Merci.
Categories: Photographie
Hun op de Seychellen domat ugefang… en ordentlechen GPS kascht net mei d’welt, du brauchs herno just dein tracklog ze speicheren an natiirlech ze kucken datt deng kamera dei richteg auerzeit uweist (ech man all dag als eischt mat der kamera eng foto vum display vum gps, da kans de differenz arechnen). ech hun mech eierlech gesot nach net vill weider herno domat beschäftegt, d’fotoen sin emol getaggt an dat geet mer fier de moment duer.. .et ass jo eischter speiderhin wou et intressant get zreck ze goen zu de fotoen an den daten… oder eben duerch schlau duerstellung vun de fotoen an engem programm wei iPhoto
Ah, ok. Merci mol fir déi Info. Mee wat fir en GPS Tracker benotz du dann? An mat wat fir enger Software updates de d’EXIF-Dateien vun denger Fotoen dann automatesch?
ech hun e Garmin eTrex Vista HCx… bessi overkill mee war hellefreich am dschungel. software meisseg hun ech verschiddenes missem um xp man, mee allgemeng sin GPSPhotoLinker PhotoGPSEditor an PhotoKML relativ netzlech gewierscht
Hu mer geduecht, dass de nees bëssen Overkill geholl häss 😉
Merci, kucken mer déi Saachen mol un! Am prakteschsten wier natiirlech eppes fir direkt um Mac ze man, mee dat schéngt jo dann net sou evident ze sinn.
jo wei gesot just dei programmer do waren fir de mac ok… kans jo mol kucken, mengen war alles freeware
Oops, sorry, hat geduecht déi wieren fir XP … woer se lo réischt kucken! Gesinn jo awer mol gutt aus.
Wat hues de dann missen ennert XP man?
Also ech benotzen och en GPS, den Garmin eTrex.
An dat geet duer. Wanns de wells Geocachen an Geotaggen gin et den Garmin eTrex an den Garmin Geko, leschteren fir enner 100 Euro
a wanns de de Geldschësser hues, dann gett et do den CSX60
Wow, ech gesi grad dee kascht 260 Euro, duermols wéi ech deen fir t’éischt am Grapp hat huet deen nach 650 Euro kascht.
Software: kA, de charel schengt jo den checker ze sin
Quickgoogle:
Interessant http://www.jobo.com/web/photoGPS.150.0.html en Kameraobsatz GPS mat Software dobai
Hammercool: http://photofinder.atpinc.com/
Merci Jongen, op iech ass Verlooss!
Lightroom an Aperture kennen geotaggen. An éierlechgesot wees ech net, ob iPhoto dat net och kann.
Da kuck der mol un, wat den iPhoto 09 wäert kënnen! 🙂
Den Lightroom kann automatesch Fotoen taggen, wann en Geotracker ugeschloss ass?? Oder mengs de fir dat manuell ze man …
Ech wëll natiirlech eppes, dat all meng Fotoen automatesch an der EXIF Datei taggt!
Souwait ech dat gesin hun kann en dat automatesch
Yes, dat funktionnéiert! Saucool!!! 🙂
Mee Charel & Thorben: wéi maacht dir dat? Laaft dir die ganzen Zäit dann mat dem GPS an der Hand duerch d’Géigend oder leet der deen an de Rucksaak? Mee dann empfängt en keng Satelliten? Wéi dann? Ronderem den Hals? E Sklav? Wéi die cool Läit den Handy um Rimm? 😉
Mam GPS rondrem den Hals laafen rockt voll.
Jo. Dat gët déi Moud dëst Joer.
ech gin dese weekend fir t’éischt geotaggen