Home > Luxembourg, Natur, Politik > E puer Gedanken zur (Hobby-) Juegd. An och dem iwwerdriwwenen Fleeschkonsum.

E puer Gedanken zur (Hobby-) Juegd. An och dem iwwerdriwwenen Fleeschkonsum.

January 10, 2009 Leave a comment Go to comments

353

Während mengem Spazéiergang lo just hei am Bësch hunn zwee Réi mäin Wee gekräitzt. Op net mol 10 m. Ech hunn sie ugekuckt an sie mech. Direkt duerno sinn se dunn weider ‘gehoppelt’ bis se irgendwou e bëssen méi wäit zur Rou komm sinn an ugefaang hunn no Fudder ze sichen. Wier ech lo en Jeeër gewiescht, dann hätt ech se problemlos ofknallen kéinten.

Dee Gedanken huet méch erënnert dorunner huet, wat dat usech fir en Akt ass, wann een wirklech mol eng Kéier driwwer nodenkt. Besonnesch vun den Hobbyjeeër, hei zu Lëtzebuerg oder soss, déi sou eppes zum ‘Spaass’ oder als ‘Sport’ man. Exklusiv fir hieren perséinlechen Entertainment, oder fir ze beweisen, wat sie dach fir ‘richteg’ Männer oder Fraen sinn, schéissen sie, aus sécherer Distanz an mat wäit iwwerléënen Mëttelen, engem liewegen, empfindungsfähegen Wiesen eng Kugel an de Kapp (oder wouhinner och ëmmer), sou dass et méi oder manner qualvoll stierwt. Wéi ignorant, gefilllos an primitiv muss een sinn fir sou eppes spannend, cool, witzeg oder wat och ëmmer ze fannen? Dat ass einfach nëmmen erbärmlëch. Firwat net einfach iwwert die Schéinheet vun sou engem Déier staunen an se appreciéieren? Ouni se direkt wëllen ze besiessen oder futti ze man?

An éier een mir lo Weltfriemheet an Naivitéit virwërft: ech sinn fir d’Juegd aus ‘forst-ökologëschen’ Grënn. Wann also op eemol zevill Réi oder Wëldschwäin an engem Bësch sinn (well keng natiirlech Feinden do sinn oder, wat natiirlech de Comble ass, se vun den Hobbyjeeër gezielt gefiddert ginn fir eng Surpopulatioun ze provozéieren), sou dass se méi Schued wéi soss eppes verursaachen, dann soll natiirlech agegraff an reguléiert ginn. Awer just dann.

An och ass ët absolut keen Problem, wann Läit, déi doropper ugewiesen sinn, fir hiert eegent Iwwerliewen ze garantéieren, op d’Juegd ginn. An eisen Géigenden ass dat natiirlech net méi néideg, mee an aneren Deeler vun der Welt ëmmer nach. Mee och hei läit d’Betounung awer nees drop, dass et am Kader vum eegenen Iwwerliewen bléiwt an net zum ‘Spaass’ ass.

En plus ass et och nach ëmmer eppes anescht fir en Déier dann selwer mat den eegenen Hänn ze erléen an doud ze man, wéi einfach vun wäitem ze schéissen, ze treffen an dann en aneren den ‘dreckegen Rescht’ maachen ze loossen. Dat ass e bëssen, wéi die Kampfpiloten, déi just Kräizer op hierem Ecran gesinn an net die eigentlech Zerstéirung, déi se uriichten.

Mee fir engem aneren liewegen, empfindungsfähegen Wiesen d’Gurgel duerch ze schneiden ass en Akt, deen keen normalen, net oofgestompten Mënsch kann ganz kal lossen. Fréier, méi ‘primitiv’ Völker hunn dat jo och esou gemierkt an oft d’Déier em Verzéiung gebueden, wann sie ët embruecht hunn fir et dann ze iessen an/oder nach anescht weiderzeverschaffen. An zwar meeschtens integral. Do ass opmanst nach en Respekt fir den Rescht vun der Natur deem matschwëngt. Oft woeren dat och Kämpf op Liewen an Doud fir die 2 Säiten. An die Mënschen deemools hu gejoot, well se drop ugewiesen woeren. Genausou wéi och en Wollef en Réi frësst well en selwer iwwerliewen muss. An net aus Spass, Langweil oder Dommheet.

Eis Gesellschaft, an och vill anerer, gesinn d’Déieren par conter nëmmen als eng Zort Fleeschmaschinnen un, mat deenen een mat kann, wat een wëll an déi een och industriell am groussen Stil hierstellen kann. Genau wéi Yoghurtsdëppercher. Moral an Ethik verschwënnt hannert anonymen Produktiounsfabriken séier. Haaptsaach vill Fleesch an Haaptsaach bëlleg. Fir den Rescht: on s’en fout. A firwat sech och Gedanken man? Fleesch wiesst dach an sou Plastikskëschten am Supermarché, richteg?

An dat hei heescht net, dass ech Vegetarier sinn, oder dass jidereen Vegetarier soll ginn. Et ass wéi sou oft am Liewen eng Saach vum Equiliber a vun de Limiten. Ech hunn Fleesch vun Zäit zu Zäit gären, an sinn och der Meenung, dass et an Moossen gesond ass. Duerfir firwat es net och mol iessen? Den Wollef mëcht dat jo och.

Mee dat ass meilenwäit fort suwuel vun onreflektéiertem, iwwerdriwwenem, permanentem Fleeschkonsum wéi och, fir den Krees nees ze schléissen, dem Embrëngen vun Déieren just zum ‘Spaass’ oder als Sport.

(periphär sief och nach eng Kéier op den exzellent ‘Unser täglich Brot‘ higewiesen)

Categories: Luxembourg, Natur, Politik
  1. January 10, 2009 at 3:45 pm

    Mengen hunn an mengem Artikel iwert d’Juegd meng Meenung kloer genuch gemaach – an och wéi ech zum Fleeschkonsum stinn misst kloer sinn.

    Zum Thema Grausamkeet an Iwerleen Mettelen:
    Beides schleisst sech irgendwou aus. Jo, et ass “onfair” ze scheissen an sech net mat engem schaarfen Steen op en Déier ze stierzen. Aanersaits erheicht daat d’Präzisioun awer immens. Ech mengen mech och ze erenneren, daat Kurrelen méi schnell sinn wéi de Schall an d´Déier am Idealfall esougudd wéi naischt matkritt. An daat ass jo och am Interesse vun de Jeer: Fleesch voller Verletzungen ass net esou gudd ze verkaafen.

    “Eklusiv fir hiren Enterainement”: Daat ass eng Mentalitéit, déi sech ännert. Wann ech daat richteg matkréien. Ech hunn och eng Kéier mat engem Mann geschwaat, deen gesoot huet, daat wier emmer en ziemlech gailt Gefill gewierscht, en Déier ze erscheissen, mee lo kéint en et net méi.

  2. January 10, 2009 at 4:22 pm

    intressant gedanken déi ech 100% novollzéihen! Ech fannen et doriwer eraus zumools Klappjuechten net grad en Akt vu Menschlechkeet oder Sport oder wéiochemmer, och wann et wei hei (http://news.rtl.lu/news/national/4040.html) aus ökologeschen (well heeschen: ökonomeschen) Zwecker eraus entsteet.

  3. benem
    January 10, 2009 at 5:20 pm

    Ech wees elo net am Detail iwwert Juegd bescheed, ech wees just dass d’Jeeër meeschtens net einfach sou zum Spass schéissen gin an daat war et. Eng Juegd kascht éischtens well net grad wéineg fir ze pachten. Zweetens muss den Jeeër sech jo och seng Juegd këmmeren, regelméisseg kucken goën wéi d’Situatioun em den Bestand as asw. Ech gleewen net dass do vill Juegd einfach nemmen aus Spass gemach gëtt.
    An sin an eisem Land net all Jeeër Hobby-Jeeër? Oder gin et déi dat Haaptberuflech man, vun der Forstverwaltung aus oder sou?

  4. January 10, 2009 at 6:20 pm

    Charel:

    Klappjuegden sinn natiirlech och extrem primitiv. An die Grenzen tëschent ‘ökonomesch’ an ‘ökologesch’ ginn natiirlech och bei der Juegd gären verwëscht …

    Benem:

    Wann am Kader vun der Forstverwaltung geschoss gët, da ass (oder sollt) dat aus ökologesche Grënn sinn.

    Wann ausserhalb vun deem Kader geschoss gët, vu weem och ëmmer, dann ass dat aus ökonomëschen oder ‘sportlechen’ Grënn.

    Déi déck Pänz, déi privat op d’Juegd ginn man dat jo just well se dat cool, männlech, traditionell, chic oder wat och ëmmer fannen. Mee et ass jo net, wéi wann se ouni die Juegs do giffen verhëngeren.

  5. January 12, 2009 at 12:21 am

    Klappjuegd: D’Argument, waat do jo emmer benotzt ged, ass, daat een d’Weld do effektiv just eng Kéier “nervös” mescht wéi déi ganzen Zait. Ass natirlech d’Fro, waat dann méi “natirlech” ass – wann et Wellef oder en Luchs ged dann dréinen Réih och eischter op der Felg wéi ouni…

    “Polizeijagd”: Et ged d’Meiglechkeet, wann an engem Gebidd d’Juegd net eierbar duerchgefouert ged, eng sougenannt Polizeijagd ze veranstalten, dh. duerch d’Forstverwaltung.
    Eng staatlech Juegd wier dann duerch Weldhidder emzesetzen – natirlech géif daat denen meeschten Jeer net esou gefaalen. Anscheinend ged et den System an deelwais an der Schwaiz, wou se awer angeblech(!) och net esou zefridden domadder sinn. Wees awer net genee Bescheed doriwer.

    Ech muss dem benem awer Recht ginn: Juegd ass en déiren Hobby, deen net nemmen vill Souen kascht mee och vill Engagement an demno der vill daat och net “einfach esou” maachen.

  6. sisteract
    January 12, 2009 at 10:20 am

    Ech mengen net dass dei Tatsaach , dass et en ‘deieren’ Hobby ass, eng besonnech Beuechtung verdengt . Dei Leit dei sech dei Juedgen ‘leeschten’ , machen et just well se masseg genuch Goss hun an et fir sie en gewessen ‘chic’ duerstellt an dem ‘elitären’ Krees sech können ze treffen. Sie brengen do keen Sacrifice an et huet och naischt mat NächstenLeift ze din!! An d”Gesellegkeet könnt jo och net ze knapps bei denen Juegdweekender!
    an waat mech dann emmer nees erorm erstaunt ass, wei extrem behütet dann dei Leit mat hieren eegenen Deieren (Hond, Paerd) em gin!
    Wei kann een esou en riesegen Ennerscheed do maachen! Wuelbemierkt , des Zielt an deem Zesummenhang wou d’Juegd net dem menschlechen Iwerliewen déngt!
    Natirlech soll et keng Iwerpopulatioun gin, an d’Natur ennert sech ass och grausam, mee daat muttwellegt Erunzillen an Unfidderen vun Deiern, fannen ech einfach ethesch net vertriedbar!
    An et ass jo en ganzt: d’Baueren regen sech op dass zevill Wellschwein do sin an dass dei hier Felder zersteieren, an ugefiddert get awer oft bei den Grenzen vun Besch an Feld!
    ps. op der anerer Seit kann en natirlech nach weider ausbauen, ob dann en Deier wat an der Natur geschoss get, net awer en bessert Liewen huet wei all dei ‘armen Sei’ dei fir d’Massendeirenhaltung hiert Liewen mussen loossen!
    Me ennert dem Strech rechtfertegt an mengen Aan naischt en Klappjuegd.

  7. January 12, 2009 at 10:48 am

    sisteract:

    Merci fir die interessant Gedanken do!

  8. Arlesienne
    January 13, 2009 at 5:26 pm

    @ strawdog & sisteract: Kudos fir äer Iwwerleeungen!
    Et geet och ouni Juegd, Beispill Holland a verschidde Naturschutzgebidder weltwäit. Dat as net di eigentlech Problematik, d’Juegd as a bleiwt e Privileg vun engem elitären Zerkel, dee sech säin Hobbi net verbidde léisst. Eng réalistesch Alternativ wär d’Hobbijuegd duerch staatlech ausgebildten a kontrolléierte Wëldmanager ze remplacéieren, no e puer Joer hätt d’Wëldpopulatioun sech rem op den natiirlechen Niveau agependelt. U réalisteschen Alternativen sin awer weder Politiker nach Forstverwaltung intresséiert, well an hire Reie vill Jeeër sinn.

  9. Fletcher Christian
    January 15, 2009 at 9:18 pm

    Sisteract an Arlesienne: Hut der nët nach zoufälleg e puer verschnaarchte Klischee’en hannert der Diir?
    Dreift iech manner am Circolo Che Guevara erëm a gitt léiwer eng Kéier mat oppenen A’en duerch de Bësch. Oder mat op éng Klappjuegd….

  10. January 15, 2009 at 9:20 pm

    Christian:

    Dann erziel eis mol eppes, zb wéi et wirklech op enger Klappjuegd zougeet, wat den Sënn ass, ween dobäi ass, etc amplaz Läit hei just ze attackéieren …

    Ech huelen un du bass Jéër? Als Hobby oder Beruff?

  11. Fletcher Christian
    January 16, 2009 at 11:00 am

    Naischt fir ongut awer eléng schon dëng Fro (Hobby oder Beruf?) beweist, datt’s du vu Juegd kéng Ahnung hues, weder wat d’Organisatioun, nach wat d’Rechtslaag ugeht.
    Informéier dech fir d’éischt. Awer w.e.g. bei Leit déi eppes dervu kennen, nët bei de vermummte Kanner déi deser Deeg op der Télé ze gesi woren….
    Firwat net op http://www.fshcl.lu?

  12. January 16, 2009 at 11:03 am

    Christian:

    Komm schon, wanns du sou en Expert bass, dann kanns de dat jo och séier riicht stellen?

    An et muss jo awer en Ennerscheed teschent Hobby-Jéëer ginn an deenen, déi dat am Opdrag vun der Forstverwaltung oder weem och ëmmer man. Oder net?

  13. Fletcher Christian
    January 16, 2009 at 1:01 pm

    Iwert eppes nët gudd informéiert ze sin ass kéng Schaand. Bildungslücken sin do fir se ze schléissen.
    Nët nëmme wat d’Juegd ugeht, mee och wat mäin Nickname betrëfft….🙂
    Mäin Virnumm ass nämlech net Christian mee Fletcher🙂
    Googel emol e wéineg oder nach besser: Liës!

  14. January 16, 2009 at 2:49 pm

    Fletcher:

    Ech waarden nach ëmmer op deng Erklärungen … oder kanns du nëmmen generell téinen?

    An liesen kann ech net, deet mer leed. An op der Bounty geschafft hunn ech och net.

  15. Fletcher Christian
    January 16, 2009 at 3:10 pm

    Ech hun der mäint gesot. Méi wéi der ze roden, dëch ze informéiren kann ech och nët.

    Hei e wéineg Lecture:

    – „Ärgernis Jagd? Ursachen – Vorurteile – Fakten“, Graz (A) 2001
    – „D’Juegd – E Buch fir Jeeër an aner Naturfrënn“, Luxemburg (L) 2004
    – „Das Bambi-Syndrom“, Reinbek (D) 1995
    – „Der Mensch als Jäger im Spiegel seiner Vernunft“, Bonn (D) 1997
    – „Jagdgegner-Behauptungen – Eine Richtigstellung“, Aalen (D) 2006
    „Natur obskur. Wie Jugendliche heute Natur erfahren“, München (D) 2006

    A fir ze laachen:
    – „Die Jagd – Ein Mordsspass“, Luxemburg (L) 1999

    Wanns du der déng Meenung zu all Thema nëmme mat Hëllef vun e puer Repliken op esou éngem klénge Ried-a-Géigeried-Forum zesummebastele wëlls, seet dat mer genuch…

  16. January 16, 2009 at 3:14 pm

    Wanns du dech wéigers fir mir op meng Froen ze äntwerten, dann seet dat mir och genuch.

    Merci awer.

  17. Straycat
    January 22, 2009 at 8:39 pm

    Et kann een fiir oder geint d’Juegd sinn daat ass jiderengem sein gudd Recht, mä ech hun en Problem domatter dass jiddereen elo en Expert ass waat d’Wëldbiologie ugeet, an der Allgemengheet well erklären wei den Hues leeft…

  18. January 22, 2009 at 8:49 pm

    Juegd

    Am allgemengen ass Juegd (oder d’Joen) eng Handlung vu bestëmmte Liewewiesen, déi doranner besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z’iessen oder hir Nozuucht domatter ze fidderen. De Mensch huet dat fréier och aus deer Ursaach gemeet.
    Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op e Juegdrevéier oder eng Juegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluechte Verfollegung, resp. Sich. An dësem Artikel gëtt d’Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mecht, fir Wëld ze erleeën.
    D’Juegd gëtt hautdesdaags allgemeng explizéiert als déi Aktioun déi do dorausser besteet, en Déier opzefannen, ze verfollegen, an et entweder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze bréngen.

    Juegd fréier
    D’Juegd ass eng vun deenen Aktivitéiten, déi de Mënsch schonns ganz fréier exerzéiert huet, fir u Fleesch ze kommen. Hien huet awer och vun de Pelzer an de Schanke vun den Déieren profitéiert fir Gezei an Decken ze maachen. Mat de Schanken hun déi éischt Mënsche Waffen oder anert nëtzlecht Geschir gemeet.
    Spéider gouf d’Juegd vun de räichen Herrschaften als Zäitverdreif bedriwwen.

    Juegd haut
    Haut ass d’Juegd gesetzlech reglementéiert. Wann e Mënsch, dee keng Erlaabnes derfir huet, Wëld erleet an a säi Besëtz bréngt, da gëtt dat als Braconnage bezeechent.

    Juegdzorten a Juegdmethoden
    Als Juegdzorten gëtt et:
    ▪ Grousswëldjuegd: Dës betrefft grouss Raubdéieren oder och z.B. den Elefant an de Bison. Dës Juegd gouf haaptsächlech an Afrika an Asien an an Amerika ausgeübt. Et huet laang gedauert bis do Gesetzer komm sinn fir déi Déierenarten ze schützen an durfir sinn der eng Parti bal guer net méi ze fannen, anerer si leider ganz vum Mensch ausgerott ginn.
    ▪ Héichwëld- a Nidderwëldjuegd: Wat als Héichwëld betruecht gëtt hängt dacks vun der Législatioun vum Land of. A verschidde Länner gehéieren d’Réi zum Héichwëld, an anere net.
    ▪ Wasserjuegd gëtt haaptsechlech a Géigende mat ville bejobare Waasservulle gemeet, z.B a Géigende wou vill Weiere sinn, oder um Bord vum Mier.
    ▪ Ënnerwasserjuegd.

    Als Juegdmethode gëtt et:
    1. Den Usëtz: do lauert de Jeeër op enger bestëmmtener Plaz op d’Wëld (dacks op engem Héichsëtz);
    2. d’Pirsch: do schläicht de Jeeër duerch de Bësch a geet de Wiessele vum Wëld oder anere Spuren, déi d’Wëld hanneléisst, no;
    3. d’Klappjuegd: do ginn Dreiwer duerch de Bësch a maache Kaméidi fir dass d’Wëld soll an eng bestëmmte Richtung, wou Jeeër mat Flënte stinn, lafen, déi et dann ofschéissen;
    4. d’Falestellerei;
    5. d’Baujuegd ass fir Wëld ze erleeën dat an engem Bau lieft, wéi d’Kannéngercher oder d’Fiiss.

    Juegd zu Lëtzebuerg
    D’Juegd zu Lëtzebuerg ass geregelt duerch d’Juegdgesetz vum 23. Mee 1885 dat duerno en etlech Revisiounen hat an duerch d’Naturschutzgesetzer agegenzt gouf.
    Wann een zu Lëtzebuerg wëllt op d’Juegd goen da muss een e Juegdschäin hunn, an dee kritt e jonke Jeeër eréischt wann hien eng Jeeërprüfung gemeet huet.
    D’Jeeër feieren hire Schutzpatréiner, den Hellegen Hubertus, den 3. November. Op Haupeschdag ginn dann och dacks Juegden organiséiert, mee normalerweis ass dann ëmmer eng Mass virdrun, wou dann d’Jeeër aus der ganzer Géigend sech zesummefannen.

    D’Juegd am Selbstverständnes vun de Jeeër an an den Ae vun hire Kritiker
    Jeeër leeë Wäert op d’Feststellung, datt se hautesdaags aner Missiounen hätten, déi méi wichteg wieren, wéi onbedingt eppes erschéissen ze mussen. Si féieren aus, vill Jeeër wieren an Naturschutzveräiner, an ënnersträichen, datt dacks Jeeër mat Grënnungsmembere vu ville Veräiner a Sektiounen (z.B. vu verschiddene Vulleklibb) waren.
    Fir si hätt d’Juegd haut haaptsächlech als Opdrag, Wëld ze erhalen a wa méiglech nëmme Stécker, déi an der Iwwerzuel sinn ze erleeën, oder déi krank eraus ze sënneren.
    Juegdkritiker halen deem entgéint, datt d’Natur sech selwer reguléiere géif, an et keen Agrëff vum Mënsch bräicht, an datt bestëmmte Probleemer, déi duerch d’Juegd behuewe solle ginn, wéi z.B. d’Iwwerbevëlkerung vu bestëmmte Wëldzorten, duerch d’Jeeër selwer provozéiert géifen, andeems se z.B. an hirem Revéier d’Wëld am Wanter fidderen.

  19. StrayCat
    January 22, 2009 at 8:55 pm

    Mais de toute façon c’est un “dialogue” de sourds…

  20. January 22, 2009 at 9:41 pm

    Straycat: an wat genau ass däin Punkt? Ausser Wikipedia ze kopéieren?

  21. January 22, 2009 at 10:51 pm

    Vläicht wëll hie jo, dass du lo e Post schreifs wou s de analyséiers wat d’Juegd mat Relioun gemeinsam huet via den hl. Hubertus?😉

  22. January 22, 2009 at 10:55 pm

    Georges:

    lol, doropper kann en awer lo laang waarden😉

  23. January 23, 2009 at 4:50 pm

    Hei ech hun och copy/paste beim strawdog gemaat…

    …problemlos ofknallen kéinten…
    …wat sie dach fir ‘richteg’ Männer oder Fraen sinn…
    …Wéi ignorant, gefilllos an primitiv muss een sinn…
    …Dat ass einfach nëmmen erbärmlëch….

    Awer

    …ech sinn fir d’Juegd aus ‘forst-ökologëschen’ Grënn…dann soll natiirlech agegraff an reguléiert ginn. Awer just dann….
    …fir en Déier dann selwer mat den eegenen Hänn ze erléen an doud ze man, wéi einfach vun wäitem ze schéissen…
    …Dat ass e bëssen, wéi die Kampfpiloten, déi just Kräizer op hierem Ecran gesinn an net die eigentlech Zerstéirung, déi se uriichten….
    …Oft woeren dat och Kämpf op Liewen an Doud fir die 2 Säiten….
    …Genau wéi Yoghurtsdëppercher….
    …Fleesch wiesst dach an sou Plastikskëschten am Supermarché, richteg…

    Und jetzt kommt’s ganz dicke:
    An dat hei heescht net, dass ech Vegetarier sinn, oder dass jidereen Vegetarier soll ginn. Et ass wéi sou oft am Liewen eng Saach vum Equiliber a vun de Limiten. Ech hunn Fleesch vun Zäit zu Zäit gären, an sinn och der Meenung, dass et an Moossen gesond ass. Duerfir firwat es net och mol iessen? Den Wollef mëcht dat jo och.

    Uahhhh…

    et voilà an elo hun mer dann di eegen Grausamkeet dann och justifiert. Hueste de Poulet aus dem Cactus och mat engem Steen erschloen, oder villaicht esou guer d’Guergel mat den Zenn duerchgebass?!

    Ech mengen Du bass beim Enseignement, villaicht awer och Pastouer?

    Dofunner oofgesinn:
    Ech sinn NEt fir d’Juegd, an och nët generell geint Jëeer, Pingpongsspiller oder Keelefrenn. Ech hun just eppes geint domm Leit.

    Sur ce.

  24. benem
    January 23, 2009 at 5:12 pm

    StrayCat, wat wëlls de eis eigentlech genau soën, ausser hei den Grommel zur Sau ze man?

  25. Straycat
    January 23, 2009 at 5:42 pm

    (editéiert by strawdog) entweder et schräiwt een eppes selwer oder et riskéiert een, dass cut&paste zenséiert gët

  26. benem
    January 23, 2009 at 5:52 pm

    Ganz gudd, Copy-Paste kënnen mer.
    Ze liddereg fir selwer eppes ze schreiwen?
    Wann’s de keng Existenzberechtigung fir Blogs gesais, dann ignoréier se dach einfach?

  27. January 23, 2009 at 6:57 pm

    straycat:

    Fuer nach bëssen op där dichteger Schinn do weider an du gëss gebanned/zenséiert🙂

  28. January 23, 2009 at 8:20 pm

    straycat:

    >Ech hun just eppes geint domm Leit. Sur ce.

    Hey, dann hu mer schon eppes gemeinsam!🙂

  29. StrayCat
    January 23, 2009 at 8:53 pm

    strawdog:

    Fenste Dech selwer nët gudd?🙂

  30. January 23, 2009 at 8:57 pm

    straycat:

    Ech wënschen der en schéinen Owend🙂

  31. 3amcp
    April 7, 2009 at 4:40 pm

    what language is it?

  32. Carmen
    May 9, 2010 at 6:48 pm
  33. May 10, 2010 at 8:37 am

    Carmen:

    An däi Punkt ass?

    Wéi gesot, ech hunn näischt géint Joën am Kader vun enger ‘Bësch-Reguléirung’. Ech hunn eppes géint Juegd als Hobby an als blutrünstegt Entertainment.

    Ps. Firwat sinn keng Fotoen vun erschossenen Déieren drop?😉

  34. Jean-claude
    February 7, 2011 at 7:16 pm

    Nichts essen, was einen anschauen kann.
    Dem Menschen ist offenbar eine gewisse Hemmung gegenüber dem Töten zu eigen. Das ist ganz natürlich und es ist gut so. Andernfalls würden wir uns ja aus nichtigsten Anlässen gegenseitig umbringen. Die Hemmung besteht nicht nur gegenüber anderen Menschen, sondern auch gegenüber Tieren. Auch das ist vollkommen in Ordnung. Aufgrund dieser natürlichen Tötungshemmung muss man jedoch eine Hemmschwelle überwinden, wenn es notwendig wird zu töten, z.B. wenn man essen will.

    In der Regel ist ein Mensch in der Lage, seine Tötungshemmung gegenüber Tieren zu überwinden, wenn das erforderlich wird. Zumindest kann er aber damit leben, dass andere für ihn töten, wenn er essen will. Man könnte das als pharisäerhaft ansehen, aber man sollte es akzeptieren – zumindest dann, wenn der Betreffende nicht etwa diejenigen Menschen verurteilt, denen er das Töten überlässt, weil er „zu zart besaitet“ ist.

    Manche Menschen schaffen es auch, Fleisch zu essen und dabei das Tierleid in der Nutztierhaltung und auf dem Schlachthof auszublenden, sind jedoch schockiert, wenn sie mitbekommen, wie ein Jäger auf ganz direkte Weise Fleisch für sich und andere beschafft. Bei diesen Menschen hat man eine Chance zu argumentieren, indem man ihnen erklärt, dass bei der Jagd erbeutetes Fleisch mit sehr viel weniger Tierleid erkauft wurde, als das aus der Fleischtheke im Supermarkt oder beim Metzger um die Ecke.
    Es gibt nun Menschen, die versuchen aus dem Unbehagen gegenüber dem Töten von Tieren ihre Konsequenzen zu ziehen. Sie beschließen, nichts mehr zu essen, was sie ansehen kann, was nichts anderes bedeutet, als Vegetarier zu werden. Vegetarier essen im Prinzip zwar kein Fleisch, decken aber ihren Bedarf an tierischem Eiweiß aus Milchprodukten und Eiern; man bezeichnet sie daher auch als Ovo-Lacto-Vegetarier. Manche Vegetarier essen aber auch Meeresfrüchte und eventuell sogar Fisch, also Tiere die nicht süss und flauschig aussehen, pardon: als nicht leidensfähig angesehen werden.

    Viele der Menschen, die das Töten von Tieren ablehnen, glauben mit dem Vegetarismus ihren Teil des Tierleids vermieden zu haben. Sie denken nicht weiter nach und nerven allenfalls eventuell omnivore (alles essende) Mitmenschen mit ihrem Gerede von „Leichenfresserei“ und „Tiermord“, dass das nicht ihr Ding sei und dass die anderen das auch lassen sollten.

    Der harte Kern der Jagdgegner besteht aus konsequenten Tierrechtlern und ein konsequenter Tierrechtler ist auch Veganer. Ein echter veganer Hardliner lehnt nicht nur alles ab, wofür Tiere sterben müssen, sondern auch jegliche Ausbeutung von Tieren. Das bedeutet, dass er zunächst einmal keinerlei tierische Produkte isst. Fleisch ist ja sowieso tabu, Milchprodukte und Eier ebenfalls.

    Honig aufs Frühstücksbrötchen? Aber nein, ja nicht! Erstens werden die Bienen dafür ausgebeutet, zweitens kostet die Imkerei Bienenleben: Bei so ziemlich jedem Eingriff am Bienenvolk tötet der Imker in paar Bienen durch versehentliches bzw. nicht vermeidbares Zerquetschen zwischen den Einzelteilen der Beute, wie er den Bienenkasten nennt. Darüber hinaus verursacht er oft ein paar Bienen-Suizide oder, besser gesagt, Verluste durch Kamikaze-Angriffe.
    Wie man weiß überlebt eine Biene es ja nicht, wenn sie in menschliche Haut sticht.

    Kann man denn nun leben, ohne Tiere zu töten bzw. für deren Tod verantwortlich zu sein?
    Sogar zu ihrem eigenen Vergnügen und für ihre eigene persönlichen Bequemlichkeit nehmen Tierrechtler den Tod von „nichtmenschlichen Tieren“, wie sie es nennen, in Kauf. Nämlich beim Autofahren. Und welcher Tierrechtler fährt denn nicht Auto? Wie bitte kommen diese Leute denn zu ihren Treffen, zu Demos und zu Jagdstörungen? Doch wohl, wenn überhaupt, nur zu einem ganz geringen Teil zu Fuß oder mit dem Fahrrad, aber überwiegen mit dem Auto.

    Selbst wenn man nun den Unfalltod von Säugetieren und Vögeln als ungewollt und tragisch definieren würde, weil er ja so oft auch wieder nicht vorkommt: was aber ist dann mit den Insekten?

    Nach jeder Autofahrt im Sommer hat man einen ansehnlichen Insektenfriedhof auf der Windschutzscheibe, den Scheinwerfern und dem Kühlergrill. Dagegen kann man absolut nichts tun, außer das Autofahren bleiben zu lassen. Jedes Mal, wen man sich in der wärmeren Jahreszeit hinter das Steuer setzt, weiß man im Vorhinein, dass man eine gewisse Anzahl Insekten töten wird – nur weil man zu faul ist zu laufen oder zu radeln.

    Nach der Auffassung der Tierrechtler jedoch haben diese Insekten ein Lebensrecht, genauso wie Fuchs und Hase, genauso wie der Mensch, jede andere Aussage ist nach ihrem Dafürhalten speziesistisch. Die Tierrechtler werfen den Jägern das Töten von „nichtmenschlichen Tieren“ zum Vergnügen vor und sich konventionell ernährenden Menschen, dass sie Leid und Tod „nichtmenschlicher Tiere“ für ihre Nahrung und Kleidung verschulden. Und sie selbst? Sie nehmen, weil sie – wie die meisten anderen Leute auch – zu bequem sind, mit dem Fahrrad zu fahren oder zu laufen, den Tod von „nichtmenschlichen Tieren“ an ihrer Windschutzscheibe billigend in Kauf. Warum bezeichnen sie dann andere als Tiermörder, wenn sie doch selbst auch welche sind?

    Auch die Eisenbahn ist hier keine Lösung: An jeder Eisenbahnfahrkarte klebt daher sozusagen Vogelblut, Blut von nichtmenschlichen Tieren also, wie es der Veganer nennt. Das gilt übrigens auch für den elektrischen Strom, denn die Hochspannungsleitungen sind ja bei den Seeadlern sogar Todesursache Nummer Eins und haben auch jede Menge andere Vögel auf dem Gewissen. Aus dem Blickwinkel des Tierrechtlers tropft also aus jeder Steckdose das Blut nichtmenschlicher Tiere!

    Zugegeben – hier kamen schon ein paar absurde Beispiele und Gedankengänge vor. Sie sind aber notwendig, um aufzuzeigen, dass nicht wir „Leichenfresser“, wie die sich omnivor ernährende Menschen von Veganern und Tierrechtlern gerne bezeichnet werden, uns absurd verhalten, sondern diese Leute, die glauben, der Realität dieser gefallenen Welt entgehen zu können.
    Man kommt in der heutigen Welt nicht durch, ohne Tiere zu töten oder den Tod von Tieren zu verschulden. Das zeigt, das diese Welt so eingerichtet ist, dass der Mensch nicht existieren kann ohne zu töten.

    Wer aber Fleisch isst, Leder und/oder Pelz trägt, kann auch genauso gut ein Gewehr in die Hand nehmen und sich ein Reh für den Sonntagsbraten schießen. Er wird dadurch nicht schuldiger, als einer, der das Fleisch und die Haut von Tieren kauft, die andere getötet haben.

    Er merkt dann aber, wie es sich anfühlt zu töten und wird sich – hoffentlich – klar machen, dass der Mensch zwar Tiere töten, dies aber nicht unnötig tun darf.

  1. March 15, 2009 at 10:33 am

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: