Sacrifice.

January 15, 2009 Leave a comment Go to comments

1883_1_26

Ech fannen et ëmmer rem interessant, wann een hannert d’Façade vun Saachen, Iddien oder och Wieder kuckt. Wéi zum Beispill am Fall vun ‘sacrifice’.

Die meescht wäerten jo do un den Akt denken, wann een wéinst engem aneren eppes opgët an dat verléiert.

Um Ufank woer d’Bedéitung vum Wuert awer e bëssen anescht. Op Latëngesches heescht et ‘sacrificium’; eng Kombinatioun vun ‘sacr’  (helleg) an ‘facere’  (maachen). Domadder läit die ursprünglech ‘Bedéitung op der Hand: ‘helleg man’.

An deem Kader ass et och interessant op d’Geschicht vum Déierenopfer anzegoen. Et geet do net primär drëms fir just aus Dommheet en Déier emzebréngen. Et ass usech en Akt, deen eng Persoun oder och e Grupp vun Persounen nees soll ‘helleg’ oder ‘reng’ virun enger Gottheet soll maachen, sou dass déi nees Faveuren mécht (oder opmanst net méi béiss ass). A wéi geet esou eppes am Beschten? An deem een der Gottheet Respekt erwéist. An wéi ass an antiken Gesellschaften Respekt gewiesen ginn? Duerch Kadoen an/oder en gemeinsamt Iessen. En Sacrifice enthällt béides: Läit maachen hierem Gott en Kado andeem sie en Déier schluechten an op d’Feier léen. De Geroch an den Damp, déi béid no uewen steigen symboliséieren de Wee vun dësem Kado zu sengem Empfänger. Dësen appréciéiert dat (op alle Fall gët dat mol ugeholl, hehe) an invitéiert dann sengersäits d’Läit symbolesch op en Iessen, dat aus deenen iessbaren Stécker vum Déirenopfer bestinn. Domadder ass d’Ritual dann vollzunn an béid Säiten stinn sech nees ouni Problemer vis-à-vis.

Perséinlech hat ech zB ëmmer geduecht, dass en Déierenopfer giff heeschen fir d’Déier einfach an d’Flaamen ze geheien an ganz ze verbrennen. Deem ass jo awer net esou. Just die oniessbar Deeler ginn komplett verbrannt, die aner ginn giess. Wat jo och méi clever ass. An wat die deemoleg Priesteren och zu enger Zort Metzler gemaach huet. Och eng interssant Virstellung.

An soulaang d’Prozedur net onnéideg laang an qualvoll fir d’Déier ass an et duerno och giess gët, hunn ech och kee Problem domadder. Mir iessen jo och Fleesch, wann och ouni enger ritueller Bedéitung.

  1. Arlesienne
    January 15, 2009 at 6:34 pm

    Ech hunn ëmmer e Problem domat, wann e Liewewiesen net aus zwingende Grënn ëmbruecht gëtt. Religiéis Zwecker, ob elo Deeler vum Opferdéier giess ginn oder net, gehéiere fir mech net dozou. Kukk der mol Fernsehreportagen un, wat fir e Gemetzel dat haut nach as, ka mer net viirstellen, dat et zu bibleschen Zäite besser war. Wat kënnen d’Déier fir de Menschen hir Dommheet, deemols wéi haut? Zum Thema Fleeschproduktioun- a Konsum as schon alles gesot ginn, all Mensch deen net mat engem Briet virum Kapp duerch d’Welt leeft, weess dat et net méi laang sou weidergoe kann.

  2. January 15, 2009 at 7:26 pm

    Natiirlech ass dat keen zwëngende Grond, mee vue, dass d’Déier henno giess gët, fannen ech ass et net méi onmoralesch, wéi et emzebrëngen, just fir et z’iessen.

    Dass dat Schluechten oft en Hick-hack ass (awer net muss sinn, wann et richteg an ‘professionnell’ gemaach gët), ass en effet schued an dat misst net sinn. Natiirlech ass eist Schluechten hautzudags 1. anonym an verstoppt an 2. automatiséiert duerch Maschinnen, sou dass mir mat dem Prozess, fir en Déier selwer emzebréngen guer net méi konfrontéiert ginn … wat och an engem gewëssen Sënn hypokritesch ass. Doropper hunn ech jo och schon an aneren Artikelen drophigewiesen. Well awer och aner Déieren Fleesch iessen, fannen ech et net per se onmoralesch fir et als Mënsch och, ennert gewëssen Konditiounen an an gewëssen Limiten, ze man.

    Mee wann se Déierenfleesch bis klonen kënnen, dann kann een Schnitzelen zillen an dann brauch ee keng Kéi méi ze killen. Dann halen mer der just nach puer well se léif ausgesinn🙂

  3. January 15, 2009 at 8:37 pm

    Eng koomesch Saach. Du fügs der am Fong Schmerz zou, andeems de däin wäertvollt Déier embréngs, fir dengem Gott erem ze gefaalen, nodeems de eppes gemat hues, wat him net angeblech net gefällt. Spéidstens no enger Parti Joeren hätt et dach missten opfaalen, dass dat net funktionnéiert.

    Obwuel, wann et der dono gutt ergang ass, dann huet däin Gott däin Opfer appreciéiert, wann et der schlecht gang ass, dann haass de net genuch geopfert, oder däin Gott hat et einfach op der setzen. – d’Schiedsäit vum Denken, oder sou.

  4. January 15, 2009 at 9:06 pm

    manuel:

    > Obwuel, wann et der dono gutt ergang ass, dann huet däin Gott däin Opfer appreciéiert, wann et der schlecht gang ass, dann haass de net genuch geopfert, oder däin Gott hat et einfach op der setzen

    Jo … Gott kann jo nie am Fehler sinn!!😉

    Mee wéi gesot, sou laang se d’Fleesch duerno iessen, gesinn ech nach keen riesegen Problem domadder. Irgendwann hätten se et jo souwiesou giess.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: