Home > Gesellschaft, Politik, Religion/Philosophy, Video > Ofdréiwung. Interessant Fro.

Ofdréiwung. Interessant Fro.

January 21, 2009 Leave a comment Go to comments

Hei ass e kuckeswäerten Video, wou Ofdréiwungsgéigner eng ‘einfach’ Fro gestallt gët: Wann Ofdréiwung illegal wier, wat sollt dann mat Fraen passéieren, déi ofdréiwen?

Wann Ofdréiwung Mord ass, missten sou Fraen dann net och wéinst Mord virun Geriicht kommen an deem entspriechend verurteelt ginn? Genau wéi wann een irgendeen erschéisst, erdrosselt oder vergëft?

D’Äntwerten an Reaktiounen sinn interessant.

  1. January 21, 2009 at 7:59 pm

    Ha! Intressant

  2. January 21, 2009 at 10:51 pm

    “God called me here” – Mega!🙂

    Do mierkt een rem wei vill d’Léit sech informeieren an interesseieren ier se op d’Strooss gin.

  3. January 22, 2009 at 12:00 am

    Charel: Jo, gell?

    Dan: Jo, mee die meescht mengen et usech jo gutt … an enger naïver Weis … déi awer absolut net gerechtfertegt ass, wann se militant etc ginn.

    An d’ass die Froen net einfach ze tranchéieren sinn, mierkt een jo, bei dëser Fro! Et mierkt een richteg, wéi an hierem Kapp zwee Géigensätz openeen treffen, wouduerch se komplett duercherneen ginn well näischt méi Sënn mécht …

  4. January 22, 2009 at 2:00 am

    Et ginn emmer Leit déi bei Demonstrationen net informéiert oder Expert sinn an méi aus Pflichtgefill, guddem Wellen oder soss Gefiller matlaafen – och daat ass wichteg, an och déi Leit sinn an engem Mouvement wertvoll. Letzten Endes stees de all puer Joer mat vill Leit an der Reih virun den Wahllokaler, déi net wierklech informéiert sinn.

    Ech fannen et awer immens interessant, wéi daat déi extrem wichteg Fro an der Diskusioun (mat denen Fuerderungen) ignoréiert ged, bis een se effektiv gestallt kritt. Also reng psychologesch. An och daat déi Leit bei waitem keng riets Hardliner sinn, mee opgrond vun hirem Glaawen all (menschlecht) Liewen als helleg emfannen.
    Wéider interessant Froen wieren daat übelescht “Rape-Baby” waat soll/kann/därf ofgedriwen ginn an wéi helleg aanert, netmenschlecht Liewen ass. (Bon, ech färtden do wärten déi meescht en Bibeläntwert drop hunn, an bis op déi Plaatz hunn se se wahrscheinlech och nach gelies!)

  5. January 22, 2009 at 9:18 am

    Joel:

    >Letzten Endes stees de all puer Joer mat vill Leit an der Reih virun den Wahllokaler, déi net wierklech informéiert sinn

    Richteg. Ech wahrscheinlech inclus. Wat net onbedëngt fir d’Demokratie als ultimativ bescht Léisung qualifizéiert … Mee generell ass se besser wéi d’Alternativen.

    > An och daat déi Leit bei waitem keng riets Hardliner sinn, mee opgrond vun hirem Glaawen all (menschlecht) Liewen als helleg emfannen.

    Jo,mee dat féiert wéi gesinn an dësem Fall zu ganz krasser ‘cognitive dissonance’! Well wann sie WIRKLECH fannen, dass eng Ofdréiwung e Mord wéi all aneren ass, dann mussen sie och fir eng Bestrofung vun der Mamm als ‘normalen’ Märder sinn. Oder wann se dat nët wëllen, dann hunn se domadder zouginn, dass et keen Mord am herkömmlëchen Sënn ass (oder dass nie en Märder soll verurteelt ginn).

    Wat d’Bibel ugeet, sou seet d’Aalt Testament:

    Exodus 21:22 Wenn Männer hadern und verletzen ein schwangeres Weib, daß ihr die Frucht abgeht, und ihr kein Schaden widerfährt, so soll man ihn um Geld strafen, wieviel des Weibes Mann ihm auflegt, und er soll’s geben nach der Schiedsrichter Erkennen. 23 Kommt ihr aber ein Schaden daraus, so soll er lassen Seele um Seele, 24 Auge um Auge, Zahn um Zahn, Hand um Hand, Fuß um Fuß, 25Brand um Brand, Wunde um Wunde, Beule um Beule.

    Wann also d’Fra e Kand duerch den Gewaltakt vun engem aneren verléiert, da kann hiere Mann ‘Schuedensersaatz’ froen. Wann awer sie selwer verletzt oder souguer embruecht gët, dann geet et ‘Leben um Leven, Auge um Auge, Zahn um Zahn’. Dat beweist, dass och sie en Fötus net als equivalent gesinn hunn (soss hätt jo deen aneren missen embruecht ginn an net just Suen bezuelen).

  6. January 22, 2009 at 7:06 pm

    nujee dat weisst jo d’reflektiv Reeschwäit vun deene Leit🙂

  7. January 22, 2009 at 9:34 pm

    hmm… also wanns de do stees an dei froen net kanns bewaentwerten….

    schein ze gesin wi dei lait schein instrumentaliséiert goufen a manipuléiert …. :S

    hun ech dat richteg gesin dass di lescht nom interview d kraiz mecht mam rousekranz ?

  8. marionmuller
    January 22, 2009 at 9:37 pm

    dass d’Bibel e Fötus net equivalent ugesäit ass jo normal. deemols konnt ee jo net wëssen wat am Bauch lass ass an réischt mat der Gebuert war et e richtege Mënsch. Mee haut erlaabt d’Wëssenschaft der Entwécklung vum Fötus am Bauch nozekucken a schon hunn di “bibelfest” Leit e Grond fir hei d’Bibel net als richtungsweisend ze gesinn. Wann hei d’Wëssenschaft en Argument ass, firwat dann net och bei anere Froen wéi der Evolutioun z.B. si picken sech Elementer aus der Bibel raus wéi et hinne grad an de Krom passt. a sou eppes soll een Eescht huelen?

  9. January 22, 2009 at 9:49 pm

    Philippe:

    Dat ka gutt sinn. Op alle Fall wollt se net méi äntwerten, wéi den Typ se gefrot huet, wat se domadder wollt soen, dass Gott sie ‘geruff’ hätt …

    Marion:

    ‘Bible thumpers’ picken sech ëmmer just dat eraus, wat hinnen gefällt resp. passt, an ignoréieren den Rescht. Duerfir sinn se jo sou oncrédibel.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: