Köstlech.

January 31, 2009 Leave a comment Go to comments

Beim googelen no deem Ratzi-Bild sinn ech op folgenden Site gestouss.

Sou Verschwörungstheorien sinn ëmmer rem köstlech. Liesen ech léiwer wie offiziell Fantasy. An ech hoffen jo kee vun äre Papp ass an enger Rotary … ? lol

  1. Chris
    January 31, 2009 at 6:52 pm

    OT: ech wëll just emol umierken, dass déi extrem gestigen Notzung vu “lol” an dénge Bäitreeg a Kommentarer, mer Suerge bereet.

    “lol” ass jo awer sou epps vun 2006, an huet näicht a Blogs, déi eppes op sech halen verluer. “haha” ass okay. “lol” ass Unterschichtenbloggen. An dat hues du jo awer net néideg.

  2. January 31, 2009 at 7:11 pm

    Merci Här Professor. Ech wäert mer deng Meenung dann mol duerch de Kapp goen lossen. Generell sinn ech och éischter élitär agestallt, opmanst wat Wëssen, Bildung a Verhalen usech ugeet, mee mir woer nët bewosst, dass ‘lol’ een giff automatesch der Ënnerschicht giff zouwéisen.

    Do gesäit een mol, wéi wäit ech vun der Unterschicht fort sinn!

    lol
    😉

    Mee am Eescht: an sou klengen Blog-Posten, déi ech net als Artikelen oder Kommentarer zu irgendwelchen Themen giff beschräiwen, mee just einfach als Randnotizen, déi ech matdeelen wëll, hunn ech keen Problem fir mech manner formal auszedrécken. A wann ech eppes lächerlech fannen an doriwwer laachen muss, dann drécken ech dat och aus.

    Ech hoffen du kanns domadder liewen. Wann net, muss de mäi Blog einfach désabonnéieren🙂

  3. Chris
    January 31, 2009 at 7:28 pm

    Ech désabonnéiren guer näicht, well ech neemlech näicht abonnéiren. A souwisou, hal op ëmmer ze probéiren mech als Lieser lass ze ginn. Ech sinn dach däin treiste Client.😉

    Mee dovun ofgesinn: dat mam Unterschichtenbloggen war als Witz gemengt, mee insgesamt fannen ech “lol” iergendwéi trotzdem blöd. Du bass dach e clevere Kärel a kéints déng Belustegung och aneschters ausdrécken.

    Ech fannen däi Blog iwwregens immens, an wäert mech ni méi iwwert Polemik heiranner iergeren.

  4. January 31, 2009 at 7:49 pm

    Ops du mäin tréiste Client bass, kann ech net soen, du kommentéiers jo net sou oft😉

    lol ass sécher net super, mee kuerz a praktesch. ech sinn awer oppen fir Alternativen.

    > Ech fannen däi Blog iwwregens immens, an wäert mech ni méi iwwert Polemik heiranner iergeren.

    A wéivill Ironie woer lo hei dranner?😉

    An verstéi mech net falsch, konstruktiv Kritik ass ëmmer wëllkomm!

  5. Chris
    January 31, 2009 at 7:59 pm

    Do war guer keng Ironie dran.
    Ech hu méng Meenung géigeniwwer Polemik grondleeënd geännert, a gleewen, dass all Blogger d’Recht huet sou ze schreiwen, wéi e wëll. Mee “lol”, hach, w.e.g. Mir sinn dach keng 14. Benotz “haha”.

    An ech kommentéiren dach oft. Ech bleiwe just meeschtens gäer ménger Linn trei wéineg iwwer Politik, Relioun oder Philosophie ze schreiwen. Déi Theme si mer ze vaste fir Kommentarfunktiounen. Ech mësche mech do just an, wann eppes mech rosen mecht. Wéi z.B. Luew fir d’DP.

  6. January 31, 2009 at 8:04 pm

    Ok. A Merci dann och nach.

    Schéinen Owend, ciao

  7. January 31, 2009 at 10:14 pm

    Just um Rand bemierkt: d’Inflatioun vu lol op dësem Blog huet mech och genervt, ech war just ze schei eppes dozou ze soen. Merci, Chris.😉

  8. January 31, 2009 at 10:16 pm

    Ok, ok, ass mer selwer guer net opgefall …

    Muss sinn well ech zevill op englesch smsen😉

    Probéieren mech dann ze packen, lo ….. eh, hehe.

  9. January 31, 2009 at 10:22 pm

    Sou dir Här Lehreren, ech hunn dat lo mol nach eng Kéier gecheckt (jo, ech hu soss näischt ze dinn) an zwar zeréck bis op den 25.12.08, an do hunn ech EEN lol an engem Blogpost fonnt (an den Comments kënnen et der méi sinn mee dat ass jo och rem eppes anescht; do kann et jo roueg méi informell sinn, zumools béi liichten Themen)

    Dir sitt also wirklech kleng-karéiert😉

  10. pa
    February 1, 2009 at 11:19 am

    Oh fréck, di Säit mécht mir Angscht. Nët, wéll ech ging gleewen, wat do drop steet, mee wéll dee Krepéng sou mat den Hoer erbäi gezunn ass, datt ët wéi deed. An de Vatikan huet d’EU erfonnt? Ei, ei, ei. Wahrscheinlech méngt deen och, datt all Maschinn, wou Zännriëder dra sin, eng zionistesch/nazistesch/kommunistesch/kapitalistesch (di éischte Kéier, wou ech gesin, datt di 4 an een Dëppe geheit gin, hätt ech ni fir méiglech gehaal) Verschwörung ass.

    An iwwregens veruersacht di Säit Aaekriibs.

  11. February 1, 2009 at 11:32 am

    Jop! 99% ass mat den Hoer erbäi gezunn an d’Erklärungen sinn kompletten Schrott.

    Allerdëngs ginn et interessant Detailer, wéi dass d’Läit an Amerika hu missen mat engem gestrecktenen Aarem op hieren Fändel schwieren. Anerersäits ginn et natiirlech och net vill aner Méiglechkeeten, vu dass mer nëmmen eng begrenzten Zuel vun Mouvementer mat eisen Ärm maachen kënnen. Och fir een ze gréissen oder sou, hiewt een jo automatesch den Aarem.

    Usech filtert den Tipp nëmmen selektiv an peekt Saachen, déi d’selwecht ausgesinn oder schéngen beieneen (wéi d’Stären um EU Fändel an d’Stären ronderem dem Maria säi Kapp).

  12. February 1, 2009 at 3:14 pm

    Ech fannen, et soll een “lol” gebrauchen, wann een “lol” mescht, nämlech haard laacht. Ech sinn een Mensch den relativ weineg haard laacht. Et muss schon relativ vill passéiren, daat ech haard laachen.Dofir benotzen ech “lol” immens seelen. Je méi Leit ech ausserhalb vum Internet “lol” am “Emsesen” soen héiren, emsou manner fannen, ech daat et unbruecht ass, esou Ofkierzungen ze benotzen. Well se net méi glaichbedeitend fir déi Leit stinn, déi wessen, waat en Baud ass, sinn se zu engem messinterpretéierten an iwerbenotzem Symbol an Youtubekommentaren ginn.

    Ob desen Blog se lo ze oft benotzt, wees ech net. Endweder denken ech “aaaaaaaaaaaaaaall”, “interessant!” oder ech kommentéiren.

    Ech hunn Verschwörungstheorien immens gären. Ech kann erem eng Kéier op “Das Foucaultsche Pendel” vum Umberto Eco verweisen, an awer och op dem Daniel “classless.org” Kulla seng Entschwörungstheorie.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: