Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy > Gerechtegkeet ass heiandsdo (oder oft?) en flout Konzept.

Gerechtegkeet ass heiandsdo (oder oft?) en flout Konzept.

February 1, 2009 Leave a comment Go to comments

Huele mer mol un:

Zwou Mammen, op verschiddenen Plazen, bueden jeweils hiert klengt Kand. Den Telefon rabbelt an der Stuff. Béid Mammen sprangen op an loossen hiert Kand, ënnert assuméierten selwechten Konditiounen, alleng an der Bidden. Wann se zereck an d’Buedzëmmer kommen, ass der enger Mamm hiert Kand erdronk, der anerer hier net.

A wéi gët driwwer geurteelt? Béid Mammen ginn als irresponsabel bezeechent (an zu Recht), mee die eng awer vill méi, wie die aner. Mee ass dat logesch a richteg? Well béid hunn d’selwecht falsch gehandelt, just hat déi eng méi Pech, wéi die aner. Hiert Kand huet irgendeng onglécklech Bewegung gemaach, déi dat anert Kand net gemaach huet. Mee dat ass usech net hier Schold, opmanst net méi, wéi et der anerer Mamm hieren Verdëngscht ass, dass hiert Kand roueg sëtzen bliwwen ass. Trotzdem fannen mer, dass die eng Mamm méi responsabel ass wéi die aner …

Anert Beispill:

De Chris an ech ginn op e Bal. Duerno sinn mir allen zwee ferme strack, mee decidéieren jidereen nach selwer heem ze fueren (wat natiirlech irresponsabel ass). Hien no Süden, ech no Norden. Mir begéint ënnerwee keng Mënscheséil, mee ech geroden an eng Police-Kontroll. 2 Promille, ech verléieren mäi Führerschäin fir e Joër. De Chris par conter erwëscht op halwem Wee op eemol an enger Kéier en Foussgänger, deen hien a sengem Dusel iwwersinn hat. Resultat: Foussgänger doud  an de Chris kritt x Joër op Surcis (oder wat och ëmmer een da kritt).

Usech hu mer jo allen zwee dee selwechten Fehler gemaach (strack ze fueren), mee mir haten awer och déi selwecht Intentioun (keen emzebréngen). Just, dass ech déi Intentioun anhalen konnt, well ech méi Chance hat wéi hien a keen Foussgänger op eemol virun mir opgetaucht ass, deen ech hätt kéinten iwwerrennen.

Den ‘Zoufall’ spillt also eng net onwesentlech Roll an eisem Rechtsverständnis (an och eisem Justizwiesen usech), well die meescht giffen jo wuel de Chris als dee Schlëmmeren an dësem Beispill ugesinn an och méi eng haart Strof fuederen. Obwuel usech keen Ennerscheed zu mir besteet. Just, dass ech méi Chance hat. Wat jo awer net a menger Hand luuch.

An e läscht Beispill:

Zwee Killer sinn ennerwee, mat deem selwechten Ziel: jeweils eng gewëss Persoun emzebrëngen. Sie laueren hierem Opfer op, sprangen him dann an de Wee an drécken of. Just, dass deem engem Märder säi Revolver irgendwéi klemmt. Genuch Zäit fir säin Opfer fir ze reagéieren an fort ze lafen. Dat anert Opfer hat manner Chance an ass doud. Dank enger efficacer Police-Aarbecht (eng aner Komissioun wéi beim Bommeléer) ginn déi zwee Optragskiller gefaasst. An während deen een wéinst ‘Mord’ ugeklot gët, gët deen aneren just wéinst ‘versichtem Mord’ ugeklot. Deen éischten kritt liewenslänglech, deen zweeten just e puer Joer.

Ass dat gerecht? Béid wollten jo dat selwecht, just hat deen een méi ‘Pech’ wéi deen aneren. Ännert dat dowéinst eppes un senger Intentioun?

  1. February 1, 2009 at 5:31 pm

    Interessant Froestellung.
    Mee eise Rechtssystem baséiert jo dorobber, waat een gemaach huet, an net dorobber, waat en wollt maachen. Waat an denen meeschten Fäll jo gudd esou ass. (cf. “Minority Report”)

    D’Fro, déi ech mer stellen, ass: Wann mer eis lo eenz wieren, daat déi zwou Persounen emmer glaich missten gestrooft ginn, waat fir eng huelen mer dann? Déi haard oder déi manner schlemm?

    Dann gesinn ech op manst bei dengem zweeten Beispill awer nach en Fall: Den Thorben kann, genee esou strack wéi dir zwee, op engem Wee no Osten duerch Zoufall ouni Problem heem kommen. Hien haat dann eben Chance.
    Jo, villes baséiert op Zoufäll. Interessant Thematik.

  2. Chris
    February 1, 2009 at 5:38 pm

    Wat halt ëmmer an d’Iwwerleeung afléisse muss, ass d’Resultat. Dat gëllt genee sou bei Bestrofungen, wéi beim Luew. Mer si jo net bei der Mini Playback Show.

    Emgedréitent Beispill: zwee Sportler trainéiren iwwer 4 Joer fir un den olympesche Spiller deelzehuelen. Se sinn allen zwee genial an hirer Disziplin an d’Experten si sech komplett oneens, wee gewanne wäert. Lo fällt engem vun deenen zwee eng Parfumsfläsch op de Fouss den Dag virun der Finall, wouduercher en ofsoe muss, an den anere gewënnt. Solle mer lo deenen zwee awer eng Goldmedail iwwerreeschen, well se d’nämlecht vill trainéiert hunn a just den Zoufall en Ënnerscheed zougeloss huet? Ech mengen net. Hätts du de Foussgänger iwwerrannt, wann s de mäi Wee heemgefuer wiers? Mer wëssen et net.

    Fakt ass: d’Resultat ass dat wat zielt, d’Intentioun ass onwesentlech.

  3. February 1, 2009 at 5:50 pm

    Chris:

    > Fakt ass: d’Resultat ass dat wat zielt, d’Intentioun ass onwesentlech

    Do mëss du der ët mengen ech nees e bëssen einfach. Zumools op meng Beispiller bezunn. Bei dengem emgedréitenen Beispill ass d’Problematik jo eng ganz aner. Do geet et net em Schold, mee em Verdëngscht.

    Mee mäi Punkt woer, dass eise Jugement iwwert eng Persoun (oder d’Situatioun, wou se dran ass) net NEMMEN vun hierem eegen Behuelen ofhängt, mee och wéi den ‘Zoufall’ (oder wéi een och dat, wat net an der Hand vun dëser Persoun luuch nennen wëll) mat an die Saach eraspillt. Die eng Mamm nenne mer irresponsabel, die aner e Monster! Obwuel deen eenzegen Ennerscheed tëschent deenen zwee eppes ass, wourobber sie keen Afloss haten.

    An ech verstinn och net, wéis de d’Beispill vum Mord a vum versichten Mord esou einfach fortwëschen kanns. D’Intentioun woer absolut die selwecht: sie wollten eng aner Persoun embréngen, dat ass ganz kloer (villäicht net juristesch, mee am Gedankenexperiment). Just, dass deen een ‘Pech’ hat an hien säin Optrag net erfëllen konnt. Op der anerer Säit hat hien natiirlech ‘Chance’ well en lo net sou haart bestroof gët. Am Fong gët et jo fir säin onverschëlltent Versoen belount. Ass dat wirklech gerecht?

  4. February 1, 2009 at 5:50 pm

    Joël:

    Zoufall gët et net. Dat gesäit nëmmen sou aus😉

  5. Chris
    February 1, 2009 at 6:07 pm

    Ech mengen net, dass ech mer et ze einfach maachen, gesinn awer firwat s de dat menge kéints.

    Eppes wichteges, wat ech denken, wou s du e bëssen wéinst schwëmms, ass, dass de Moralitéit a Legalitéit op den nämlechten Aascht setz – wat se allerdéngs net sinn. Moralesch gesinn, sinn déi Mënschen an den dräi Beispiller nämlecht verurteelbar. Faktesch, oder legal, awer net.

    Ech wëschen d’Beispill vum Mord net fort – och wann ech et onglécklecherweis vläicht net erwient hunn, dat war allerdéngs net, well ech em aus dem Wee goe wollt, mee well ech duecht, dass méng Ausféirung sou okay ass – nee, ech denken et ass d’nämlecht gepolt wéi déi aner zwee. Och wann déi éischt zwee eng negativ Wendung an dat drëtt an deem Sënn eng positiv huet. Mee soulaang wéi de Mënsch iwwerlieft, gëtt et keng “Schold”. Schold gëtt et neemlech réicht, wann eng Saach e fait accompli ass, an dat ass se hei net. De Chris an déngem Beispill ass schëlleg fir den Dout vun där Persoun, well en zevill gedronk huet. Déi nämlecht Schold trëfft weder op den anere besoffenen Fuerer, nach op de versichte Mäerder zou. Well d’Resultat feelt. Gerechtegkeet a Recht sinn zweeerlee.

    An ech gleewen net, dass bei engem emgedréite Beispill d’Problematik eng aner ass, et ass déi nämlecht – just leeft se an déi entgéintgesate Richtung. Verdéngscht, ass an deem Sënn dat nämlescht wéi Schold, well béides dorobber baséiert, dass eppes zu Enn geschafft ginn ass.

  6. Chris
    February 1, 2009 at 6:07 pm

    PS: wann ech e bësse konfus sinn, luait et vläit drun, dass ech nach bësse krank sinn. An ech gi lo akafen, dofir hunn ech mech bësse gehetzt.

  7. February 1, 2009 at 6:19 pm

    Chris:

    > Moralesch gesinn, sinn déi Mënschen an den dräi Beispiller nämlecht verurteelbar. Faktesch, oder legal, awer net.

    Du wëlls domadder soen, dass moralesch gesinn ALL déi Läit aus den Beispiller moralesch verurteelbar sinn? Oder just déi, bei deenen eppes Schlechtes dobäi erauskomm ass?

    Am éischten Fall ginn ech der Recht, am zweeten Fall verstinn ech net wats de mengs? Kéins de dat dann nach eng Kéier erklären?

    Wourëms et mir awer haaptsächlech gaang ass, woer fir ze wéisen wéi den ‘Zoufall’ och an eis moralesch Jugementer mat erafléisst. Well ech huelen jo un, dass de averstan bass, dass die meescht Läit jo wuel der Meenung wieren, dass die Mamm deren Kand erdronk ass, misst méi haart bestrooft ginn an als méi schlecht Mamm must ugesinn ginn, wéi die déi Mamm dären Kand an deenen selwechten Konditiounen net erdronk ass. Wat awer NET de Verdëngscht vun der Mamm woer. Sie hat einfach just CHANCE, an die aner PECH.

    Och wann béid Mammen natiirlech usech irresponsabel gehandelt hunn.

  8. February 1, 2009 at 6:20 pm

    Chris:

    Kee Problem, huel der Zäit. A gutt Besserung!

  9. Chris
    February 1, 2009 at 7:25 pm

    Ech mengen eis Iddie si guer net sou wäit weg vuneneen.

    Wat ech soen ass, dass vun engem moralesche Point de Vue, déi 3×2 Leit, déi s de der virstells, d’nämlecht verurteelbar sinn. Hir moralescht Feelverhalen ass all Kéiers d’nämlecht. Rechtlech allerdéngs ass et anescht, vu dass an all Beispill een eppes méi Schlëmmes provozéiert, wéi deen aneren. An d’Resultat, egal wéi den Zoufall, mat spilt ass numol ausschlaggebend fir eis Opfaassung.

    Ech verstinn, wat s de mat de Mammen mengs, mee fir mech sinn dat just Degréen an keng grondleend Ënnerschidder. Ech selwer gleewen net, dass ech sou eng Mamm als Monster bezeechne géif, mee wees awer och, dass vill Leit et man.

  10. February 1, 2009 at 10:07 pm

    Chris:

    Jo, mir schéngen dat dann ziemlech d’selwecht ze gesinn. Mee just nach e puer Remarken:

    > Rechtlech allerdéngs ass et anescht, vu dass an all Beispill een eppes méi Schlëmmes provozéiert, wéi deen aneren.

    Dat stëmmt schon. Mee wat ech interessant fannen ass, dass et a. net bewosst oder intentionell provozéiert ass an b. dat Evénement, wat aus engem irresponsabler Situatioun eng dramatesch mécht, usech en dommen ‘Zoufall’ a keng Nécessitéit woer an der anerer Mamm och hätt kéinten passéieren. Die eng Mamm ass jo net schold, dass d’Kand sech onglécklech bewegt huet, mee dass se net do woer fir him aus dem doraus resultéirenden Mëssgeschéck ze hëllefen.

    > An d’Resultat, egal wéi den Zoufall, mat spilt ass numol ausschlaggebend fir eis Opfaassung.

    Jo, mee dat heescht net, dass eis Opfaassung och wirklech rationell a logesch ass. Well béid Mammen woren jo d’selwecht irresponsabel an hierem Verhalen. Just, dass die eng Pech hat an dorausser eng Tragédie gouff (resp. die aner Chance hat, dass keng Tragédie dorausser ginn ass). Den Ennerscheed an eisem Jugement maachen also extern, ‘zoufälleg’ Faktoren fir déi den Agent an deem Fall net responsabel woer.

    Genau wéi ech net dofir responsabel sinn, dass een op eemol onverhofft virun mengem Auto optaucht. Mee natiirlech sinn ech responsabel dofir, dass ech dee Moment net niichtern woer fir richteg a schnell genuch doropper réagéieren ze kënnen. Sou dass net mäin Verhalen alleng (strack Auto ze fueren) per se dramatesch ass (sou laang näischt geschitt ass et jo just irresponsabel). Et gët just dramatesch, wann nach aner extern Fakteuren, déi net a menger Hand léien, mat drakommen.

    Nujee, wees net op ech mech gutt ausdrécken a mäin Haaptpunkt kloer gemaach kréien. Mee bon🙂

  11. February 1, 2009 at 10:15 pm

    Ech géif di béid Mammen als irresponsabel bezeechnen, egal wéi d’Beispiller ausginn. Am zweete Fall och. Den drëtte Fall passt menger Meenung net bei déi 2 éischt, fir mech sinn dat Äppel mat Bire verglach, well do eng Absicht doutzemaachen vu vir eran bei deenen zwee besteet, während dat bei eisen irresponsabele Persounen aus de Fäll 1 an 2 net de Fall ass.

    Wat d’Konsequenzen vun deene Fäll ugeet, do deelen ech dem Joël an dem Chris seng Meenung, dass d’Rechtsspriechung just da réischt aktiv gëtt, wann ee bedauerlecht Resultat virläit.

    Präventiv muss de awer mat aberechnen, dass gewëss Moossnamen vum Gesetz virgesi sinn, fir vun dësen Irresponsabilitéiten ofzeschrecken. Sou riskéieren Mammen déi hier Kanner vernoléissegen vum Assistant social kontrolléiert ze ginn an hier Kanner placéiert ze kréien. An Autofuerer déi strack ënnerwee sinn, ginn der jo och eng ganz Partie sanktionnéiert. Och wann dës Moossnamen nach vill Fäll passéiere loossen, sou dénge se z.D. opgekläerte Bierger als Garde-fou fir et net ze wäit kommen ze loossen. Ideal wier et jo, wann doduerch näischt duerch Irresponsabilitéit geschéie géif. Mä dat ass eng Utopie. A fir ze gleewen dass dann all d’Akzidenter ausgeschloss kënne ginn genausou. Well op d’mannst beim Beispill mam Autofueren hätt och kéinten de Jemp niichter an net ze séier en eeleren Här an der Nuet ustoussen, deen däischter gekleed op där Landstrooss eng Nuetswanderung gemaacht huet. An da gëtt nawell fir d’éischt gekuckt, ob de Jemp net vläicht zevill midd Auto gefuer ass oder ob hien net mol e Brëll bräicht.

  12. February 1, 2009 at 10:23 pm

    Georges:

    Jo, dat 3. Beispill fällt e bessen aus der Réi mee ass vun Prinzip hier awer ähnlech: d’Persoun gët net op d’Intentioun jugéiert, mee op d’Resultat. An dat Resultat woer, wéi an deenen aneren 2 Beispiller och, vum ‘Zoufall’ décidéiert ginn.

  13. February 1, 2009 at 11:40 pm

    Joel:

    Just firwëtzeg: Wanns du wéis, dass een e Mord giff plangen an en och géiff emsetzen, géiffs du probéieren fir dat ze verhënneren oder net?

  14. February 1, 2009 at 11:47 pm

    @strawdog:

    Mä den ‘Zoufall’ gëtt et dach net fir dech. Well wann deem enge säi Revolver klemmt, dann ass en net professionnell genuch virgaangen, well e säin Aarbéchtsgeschier net virdrun kontrolléiert huet.😉
    Oh nee, wéi makaber.

  15. February 1, 2009 at 11:54 pm

    @georges:

    Jo, den ‘Zoufall’ gët et net, mee dat wat dee Moment passéiert (dass den Revolver klemmt, oder en Hond hien iwwerrascht oder wat och emmer), woer net vun him sou geplangt oder erwaart ginn. Also luuch et ausserhalb vun sengem bewossten Aflossberäich. An dat gesäit dann aus, wéi dat wat een klassescherwéis Zoufall nennt.

  16. February 2, 2009 at 12:11 am

    Hängt dovunner oof, ween sollt ermord ginn. Wann se dech wéilten ermorden, géif ech probéiren, et ze verhenneren.😉 Wiesou?

    Kanns de mer erklären, wiesou et keen Zoufall ged? Well een d’Chancen fir alles berechnen kann, huet en just genuch Detailer?

  17. February 2, 2009 at 12:22 am

    Joel:

    Dann giffs de also eng Technik, déi dat genau viraussoen kéint, ënnerstëtzen?

    Mir nennen dat Zoufall, wou mer keen System dragesinn. Dat heescht awer net, dass et keen System gët. An Zoufall giff och heeschen, dass Saachen einfach esou passéieren, ouni Grond. Quasi ‘ex nihilo’ souzesoen. An firwat sollt een dat unhuelen? Zumools um makroskopeschen Level?

  18. February 2, 2009 at 12:28 am

    @strawdog:

    Hues du eigentlech schonn Epiktet gelies?

  19. February 2, 2009 at 12:30 am

    georges:

    Nee, nach net. Eng Rëtsch al Griechen stinn awer nach op menger Lëscht vun Bicher, déi ech liesen wëll.

    Wat ass um Epiktet an dësem Fall sou bemierkenswäert?

  20. February 2, 2009 at 9:07 pm

    Dem Epiktet seng Philosophie beseet, dass een déi Saachen, iwwer déi ee keng Muecht huet einfach stoesch iwwer sech ergoe soll.

    An an denge Fäll geet Rieds vu Saachen, déi ‘zoufälleg’ geschéien, iwwer déi een also keng Muecht huet. Vun dohier hunn ech un him seng Philosophie missen denken. Mä sech lo domat auserneenzesetzen wier sécher en anere Post wäert a sprengt lo hei de Kader vun dësem Kommentar.😉

    Ech hunn iwweregens d’Handbüchlein der Moral und Unterredungen gelies a kann der dat och recommandéieren. Mä ech mengen du hues aner Lieser déi dech besser berode kënnen an deem Domaine wéi ech.😉

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: