Home > Food, Luxembourg, Video > Huh!?

Huh!?

February 1, 2009 Leave a comment Go to comments

Mengen ech dat nëmmen oder huet d’Léa Linster all hier Employéen op de Mond gekusst!? (direkt um Ufank vum Reportage)

Ass dat eng Lëtzebuerger Traditioun, déi ech net kennen?

Categories: Food, Luxembourg, Video
  1. February 2, 2009 at 12:06 am

    D’Léa Linster huet bei mengem Papp an der Hotelschoul ofgeschriwen.

  2. February 2, 2009 at 12:10 am

    hahahahaha🙂

    sou a lo kuck der de Video un an dann sees de mer op ech richteg gesinn hunn?

  3. February 2, 2009 at 12:14 am

    Also bei 2 vun 3 kann ech dat bestätegen

  4. February 2, 2009 at 12:15 am

    Huet een eng Ahnung firwat déi dat mëcht?

  5. February 2, 2009 at 12:46 am

    omg… as bessen weird mais bon.

  6. February 2, 2009 at 9:15 am

    username:

    Ech sot jo net et wier ultra-schlëmm, just e bëssen ferme bizarre an ongewinnt😉

  7. Brigitte
    February 2, 2009 at 3:00 pm

    @strawdog,

    bass du esou sittsam gin? (fällt mer keen lëtzebuergescht Wuert an)

  8. February 2, 2009 at 3:58 pm

    @brigitte:

    Net onbedengt, hehe, mee sou normal ass dat do jo awer net? Oder kusst dir iech op der Aarbecht och all op de Mond?😉

  9. Brigitte
    February 2, 2009 at 5:34 pm

    @strawdog,

    bei eis gett guer net gekusst, mir iwerloossen den Politiker dat.

  10. Eiswierfel
    February 2, 2009 at 7:53 pm

    Beim Lea stecht halt vill Léiwt am Iessen! Daat hu mer selwer gespuert deemols vrun 16 Joer, wei mer bis konnten blechen, bei mollegem gudd gefellten Mo ass mer dunn awer Moséier heisch komm – 45.000 LUF stung um Blaat – nie méi zenterhier!

  11. February 2, 2009 at 8:46 pm

    Oh freck, Joël, fro däi Papp mol ob et well Standard an enger Stärekichen ass, fir mam Gasbrenner d’Crème brûlée ze préparéieren?

    Vum Léa senger Art a Weis d’Leit ze begréissen hunn ech awer nach näischt an der Gemeng Fréiseng gemierkt, do gëtt et jo mol net en Éierewäin fir nei Bierger. Dat kann also deemno nëmmen en internt Ritual sinn.

  12. February 2, 2009 at 9:53 pm

    Ob di franséich Mataarbëschter dann och e franséiche Kuss kréien?🙂
    *scnr*

  13. February 2, 2009 at 11:06 pm

    @Eiswierfel:

    Alleng oder zu zwee?

    @federico:

    Doudsécher. Schlabber, schlabber.

    An Merci hunn lo en neien Acronym geléiert …

  14. February 2, 2009 at 11:52 pm

    Strawdog, ech schaffen an engem vun de beschten Restaurant’en a Schottland deen méifach ausgezeechent ass, an ech kann dir soen: Jo, do gëtt mam Gasbrenner geschafft.

  15. February 3, 2009 at 12:03 am

    Thorben:

    Merci, mee do hues wuel de Georges gemengt😉

  16. February 3, 2009 at 12:03 am

    Pah, wat verstinn d’Schotte scho vu Crème brûlée. Dann hu se di beschte Whisky-Brennereien an et fält hinnen näischt Besseres zum Thema Crème brûlée an wéi de Gasbrenner?

  17. February 3, 2009 at 12:46 am

    Georgesch, de Lëtzebuerger jo wuel anscheinend och net.

  18. Pol
    February 3, 2009 at 7:26 pm

    mee et ass dach eng creme brulée an keng creme flambée😉

    Fanger weg vum gudde Whisky

  19. February 3, 2009 at 9:16 pm

    ech hun hei eng fläsch tallisker stoen an keng hemmungen se unzepaaken🙂

  20. Pol
    February 3, 2009 at 9:20 pm

    soulangs de en net verbenns….

  21. February 3, 2009 at 9:33 pm

    1-0 fir dech Pol wéinst dem Flambéieren.🙂
    Dat mam Whisky hunn ech jo just geschriwwen fir den Thorben aus senger Reserve ze lackelen. Ech muss jo wëssen wat ech him ubidde kann wann hien bis an d’Scheier kënnt.😉
    Mä mol am Eescht: Ech hat ëmmer geduecht, Crème brûlée géif am Uewen caraméliséiert ginn, ënnert engem Grill. Mä dat hëlt vläicht zevill Zäit an Usproch fir Leit, déi wéi am Film zu enger Dosen oder méi mussen zesummen dee selwechten Dessert zervéiert kréien.

  22. February 3, 2009 at 9:33 pm

    Em gottes wellen. Wee géing dat man🙂

  23. pa
    February 4, 2009 at 5:39 pm

    Crème brûlée am Uewen? An ënnen?

    Nee, sériö, ech hu lo de Video net gekuckt, mee ech duecht ëmmer, duerfir bräicht een e Bunsenbrenner?

  24. February 4, 2009 at 7:14 pm

    Ech hu mech lo mol endlech bei Wikipedia schlau gemaacht. An do steet effektiv, dass en normale Bakuewen net gëeegent ass. Mä beim Liesen vun deem Artikel ass mer dunn och di alternativ Method rëm agefall, well ech dat Gerät scho mol gesinn hunn. Et handelt sech ëm e gliddegt Brenneisen wat genau d’Form vun der Schossel vun der Crème brûlée huet a mat deem den Zocker op der Crème da karameliséiert gëtt. Dat wier dann och déi Method déi ech mer vun engem Stärerestaurant erwaart hätt. Voilà!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: