1, 2, 3.

February 4, 2009 Leave a comment Go to comments

clay1

Sinn am Gang en Cours vun der Teaching Company op DVD ze kucken: ‘The history of numbers’. Gët een nees faszinant Saachen gewuer:

– de Mënsch schéngt just bis zu 4 Saachen séier mat engem Bléck erfaassen ze kënnen, duerno muss en unfänken mat richteg zielen. Dohier kéint dat bekanntent 4 riicht Strécher an dann een diagonalen driwwer System kommen. Well 5 oder 6 Strécher gi schon schwéier op ee Bléck ze identifizéieren.

– ‘to calculate’ kënt vun ‘calculi’ (Kieselsteng), d’Läit hunn fréier un Hand vun de Kieselstëng Quantitéiten ofgezielt. Beispill: de Schéifer huet Moies pro Schof, wat erausgaang ass, en Kieselsteen an d’Këscht gemaach. Owes huet en nees pro Schof en Kieselsteen erausgeholl. Wann e keen Kieselsteen méi iwwereg hat, wousst en, dass se all nees do woeren.

– ‘stock holder’ kënt wirklech vun ‘e Bengel unhalen’: bei engem Verkaafsdeal gouffen, fir Quantitéiten un ze ginn, Strëcher op en Bengel gemoolt oder geritzt. Fir dass keen fuddelen konnt, hunn se dunn de Bengel an zwee gespléckt sou dass jidereen die selwecht Unzuel Strécher op sengem Bengel hat. Spéider, wann d’Transaktioun dann wirklech getätegt ginn ass, sinn déi zwee Halschenten nees beieneen gehal ginn. Wann se iwwerteneen gestëmmt hunn, dann wousst een, wat den vereinbarten Präis woer.

– d’Mesopotamier woeren op d’Iddi komm fir hier Kieselsteng oder wat och ëmmer mat an Lehm ze emschléissen (also eng Bull ze man), eng Zort éischten Safe. De Problem woer, et huet een dann all Kéiers die Kugel nees missen opbriechen an zoukleesperen, wann een de Montant wëssen wollt. Duerno hunn se et sou gemaach, dass se virun deem, dass se d’Steng all an die Kugel aus Lehm gemaach hunn, en Ofdrock vum Steen an de Lehm gedréckt hunn. Du woussten se wéivill AN der Kugel woer, ouni se missen opzebriechen. Henno ass natiirlech en nach méi Cleveren op d’Iddi komm, fir just nëmmen nach Ofdréck op enger Lehm Tablett ze maachen. Dorausser hunn sech dann verschidden Symboler fir verschidden Quantitéiten erginn. Die eischt primitiv Zuelen woren gebuer.

Dat woer et mol fir haut😉

  1. February 4, 2009 at 11:55 pm

    Ech muss virun allem bei den “hellegen” Zuehlen emmer un en Ausschnett aus dem Umberto Eco sengem “Das Foucaultsche Pendel” denken, wou en ziemlech logesch unhand vun Kierperdeeler an -öffnungen erklärt, wiesou verschidden Zuehlen kulturiwergraifend eng bestemmt Bedeitung hunn.
    Mee daat do ass net manner interessant!

  2. February 5, 2009 at 12:20 am

    Ech muss den Foucaultschen Pendel wirklech mol rem eng Kéier liesen … kann mech un all die Detailer do net méi erënneren.

    Zuelen sinn generell einfach extrem faszinant. Ech soen och just ‘Fibonacci’. Et ass kee Wonner, dass Läit wéi den Pythagoras Zuelen (an Zuelenmystik) zur Religioun erhuewen hunn an och den Platon vun hieren Qualitéiten begeeschter woer.

    Gëwess Zuelenreihen sinn och einfach visuell beandrockend (fannen de Link just grad net).

    Oder ‘perfekt’ Zuelen wéi 6 oder 28.

    Oder dass een selwer en fraktalen Teppech bastelen kann, etc.

    Mathé kann usech, bis zu engem gewëssen Niveau, sauspannend sinn. Doriwwer hinaus kënnen dann wirklech just nëmmen nach Experten dat appréciéieren.

  3. February 5, 2009 at 12:32 am

    DU HOND! DU EISENBUNNBESCHMOTZER!

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: