Home > Gesellschaft, Luxembourg > Headshop.

Headshop.

February 8, 2009 Leave a comment Go to comments

Ech wees lo net op een vun iech en den ‘Kloertext’ op RTL zum Thema Drogen an Préventioun gesinn huet, mee wat ass dee Munhowen vun deem ‘Headshop’ op der Gare mir fir en arroganten Dämel.

Mécht gär op Philosoph a Fräiheetskämpfer an hëlleft awer Jugendlechen vun 13 Joër un just beim Drogenkonsum. Dat nennen ech dichteg. Ech hoffen sie kënnen deen eng Kéier klaken.

An dass et him just em d’Provokatioun an d’Suen geet an d’Kanner/Jugendlech him usech egal sinn, gesäit een, dass hien NET d’Carte d’identité freet, wann se bei hien all die Tricken do kafen kommen (zumools och deen krätzegen ‘Spice’) obwuel hien dat kéint man. A säin Argument ‘dofir gët et keng legal Basis’ ass dach just eng bëlleg Excuse.

Wat e verwirrtenen Mënsch. A richteg glécklech gesäit en och net aus.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. February 8, 2009 at 10:29 pm

    Firwaat laafen déi 13jähreg dohinner?
    Firwaat ged esou een Krätz wéi Spice op den Maart bruecht?
    Firwaat ged et héi am Land keng richteg Drogenopklärungsarbescht?

    Philophesch Fro un dech: Ass eenG SupermarchéscassierE, déi Jugendlechen ouni d’Carte d’Identié ze froen Alkohol verkeeft, genausou schlemm wéi den Besetzer vun dem Headshop? Muss een déi och ansperren?

  2. February 8, 2009 at 10:57 pm

    Geing hei nie een man.
    Weieen Headshop ass dat? Placebo?

  3. Pol
    February 9, 2009 at 12:26 am

    kucken daat grad um Streaming vun RTL…

    Hee jéimert baal daat en dei saachen verkafe muss….
    “Et get eng Nofro an dei muss gestellt gin das een Martgesetz”
    10 minuten mei speid seet en
    “Ech man daat net weinste dem Geld” .. “Ech se kee Geschäftsmann”

    Oh waat een A…

  4. February 9, 2009 at 4:50 am

    Deen Aarmen. Ass Spice eigentlech och hei am Land verkaaft gin?

  5. February 9, 2009 at 4:51 am

    Ah, hu lo mol de Post gelies. Schengt jo mol sou wéiwann. Wees eigentlech een, dat sou eng Tuut 40 Euro kascht?
    40 EURO???

  6. February 9, 2009 at 9:06 am

    @Joël:

    Natiirlech ass et och en gesellschaftlechen Problem. Mee trotzdem soll een et den Jugendlechen (zumools ennert 16!) nët sou einfach man! An jo, un Jugendlecher ënner 16 sollt och keen Alkohol verkaaft ginn an da sollt och no enger Carte d’identité gefrot ginn!

    En plus hunn ech net gesot, dass een deen Hännes direkt asperren soll, mee him méi streng Limiten operléen. Sou en selbstherrlechen Idiot, wéi deen hunn ech seelen gesinn an der Läscht.

    @thorben:

    Richteg, den Placebo. Wous de all dee Krätz ronderem d’Drogen kafen kanns. Natiirlech nëmmen fir doheem als Déco ze benotzen …

    Jo, dee Spice-Krätz gët NACH verkaaft. Wäert awer demnächst verbueden ginn. Wat kënt als nächst? En alen Teppech, deen duerch de Mixer gehäit gët?

    @pol:

    Jo, en Riesena***** – an Hypokrit. Et gët och en Nofro un Opdragskiller, muss déi duerfir legal satisfaiséiert ginn? An jo, ‘ech man et net wéinst de Suen’, mee dann awer stolz, dass en 40% méi Emsaz gemaacht huet.

  7. Pol
    February 9, 2009 at 10:22 am

    Dee Guy Munhowen war wei et schengt freier mol an der JSL an huet och do fir dLegaliseierung vum Cannabis gekämpft…

    Also geet et em secher net em einfacht shisha femmen……

  8. February 9, 2009 at 11:57 am

    @pol:

    Natiirlech net. Dat Ganzt ass kloer eng politeschen Aktioun. An hien huet mol keng Skrupel jonk Jugendlecher dofir ze benotzen, resp. domadder ze schueden.

  9. February 9, 2009 at 1:11 pm

    Wat als Nofolger vu Spice kennt huet de Spiegel a mengen Aen ob de Kapp getraff: Et gin honnerten kënschtlech Canabinoïder, an et schengt net méiglech, déi all mateneen ze verbannen. Also tauscht ee just de Wierkstoff

  10. February 9, 2009 at 1:26 pm

    Kann een dann net einfach dat verbannen, wat en gewëssen Effet huet? Onofhängeg vun den Zoutaten?

  11. February 9, 2009 at 2:28 pm

    Alkohol?

  12. February 9, 2009 at 2:49 pm

    Mëcht doucen Alkohol am selwechten Mooss süchteg wéi douce Drogen? Huet Béier die selwechteg/comparabel Auswierkungen op de Kierper an de Geescht wéi Hasch? An dat lo nët nëmmen punktuell wann een ‘berauscht’ ass, mee och à la longue.

    An ech perséinlech hätt och generell kee Problem mat méi strikten Alkoholsgesetzer. Zumools och wat die enner 16 ugeet!

    Ech selwer drénken nëmmen nach seelen Alkohol. Fëmmen an dämpen man ech net. Jo, ech wees, ech sinn e Langweiler😉

  13. February 9, 2009 at 4:59 pm

    faenkt dDiskussioun ob THC mei oofhaengeg mecht wei Alkohol guernet un.🙂 ech sin se leed an ech wees et net.

  14. Pol
    February 9, 2009 at 5:01 pm

    Ech perséinlech géif jo gaeren do op de Verstand vun den Händler setzen, wann déi géifen e bessen Anstand an der Panz hunn geifen dei daat net verkafen…

    Wéi zum beispill Händler vun Chemicalien daat man, déi bai luschen Commanden (Metallpolwer a groussen Mengen, stark oxidanten, Saachen dei ee fir Bommen ze bauen brauch) des Commanden net unhuelen…

    Mee leider gin et jo emmer nach Leit wei dee Munhowen fir dei eenzeg an alleng de profit steet (resp soss eppes lusches welles hun)…..

    Ass et net een Deel gesellschaftlech Verantwortung dei een normalen Mensch huet, sou eppes wei Spice speitsdens dann aus de regaler ze hun wann daat eischt EU Land et verbueden huet?

  15. February 9, 2009 at 5:09 pm

    Ass et verbueden Bommen ze bauen?
    Also wann ech well Metalloxidpolver an Aluminumpolver kaafen, hun ech domat bestemmt Spass🙂

  16. Pol
    February 9, 2009 at 5:15 pm

    Ma das de Punkt worop ech eraus wollt,

    Et ass weder verbueden Bommen ze bauen, an op keefall verbueden Metallpolwer ze verkaafen oder kaafen.

    An trotzdem man dei Händler et net an deene meeschten Fäll

  17. February 9, 2009 at 5:16 pm

    “wat en gewëssen Effet huet”

    Alkohol huet e gewëssen Effet. Preziséier den Effet.

  18. February 9, 2009 at 5:18 pm

    E süchteg maachenden Effet, deen dem Kierper schued. Et ass un Dokteren, Chemiker, Biologen, watochemmer dat genau ze definéieren.

    A vergiess net, dass et mir ëm déi Mannerjähreg geht! Ech well et net onbedengt per se fir jidereen verbidden.

  19. February 9, 2009 at 6:18 pm

    grousst grousst thema… ech adden einfach puer gedanken:

    thematik huet sech an den läschten joeren vill mi komplexéiert
    et ass nemmi su einfach eppes einfach ze dekriminaliséieren oder legaliséieren

    Dh. ech mengen et misst een eng diskussioun féieren wu een d virdeeler an d nodeeler kuckt vun enger legaliséierung vun gewessen soften drogen – dat muss awa enorm geregelt sin soss klappt et net … wi an holland wu et wieklech en debakel ass…

  20. February 9, 2009 at 6:21 pm

    “Ass et net een Deel gesellschaftlech Verantwortung dei een normalen Mensch huet, sou eppes wei Spice speitsdens dann aus de regaler ze hun wann daat eischt EU Land et verbueden huet?”

    No der Logik kéint een jo och Cannabis legaliséiren, wéi an aaneren EU-Länner.

    Mee et kann just eng Äntwert ginn: REPRESSION! Och fir Alkohol muss et Kontrollen ginn. Firwaat net een staatlechen Kontrolleur op all Tankstell an all Supermarché, deen d’CI kontrolléiert? An ween daat net zouleisst kritt eben sain Buttek zougemaach!

    (Muer: d’Prohibitioun haat och Virdeeler!)

  21. February 9, 2009 at 6:32 pm

    @joel:

    Wou ass de Problem fir bäi Mannerjähregen (oder opmanst ënnert 16) streng ze kontrolléieren?

    MUSSEN déi kënnen saufen a kiffen? MUSS een hinnen et och nach dobäi liicht maachen?

  22. February 9, 2009 at 6:50 pm

    Ech gesinn do keen Problem. Et soll een d’Saach awer och net iwerdramatiséiren. Mee wann keng Opklärung iwert Drogen geschidd (bzw. se just verdaamt ginn – ech waar an esou Versammlungen an et ass immens, wéi d’Beschreiwung do vun den Wierkungen an der Realitéit ofweeschen), muss sech keen wonneren, wann iwerdriwen ged. Opklärung ass net “Wir Kinder vom Bahnhof Zoo” op 7e ze liesen.
    An: Wéi soll déi Kontroll ausgesinn?
    Wann meng kleng Schwester sech mat Muskatnoss zoudröhnt, soll dann den Gemeishändler iwermuer d’CI froen mussen? Ech hunn eben d’Gefill, daat et keng Zweschenstufen zweschen “erlaabt” an “verbueden” ze ginn schengt.

    Ech hunn awer och een Problem domadder, wann mer alles verbidden, waat irgendwéi geféierlech kéint sinn, ouni d’Leit selwer entscheeden ze lossen, ob se den Risiko wellen angoen.

  23. Pol
    February 9, 2009 at 7:07 pm

    Joel, Muskatnoss ass jo awer lo nuwierklech daat dommsten beispill was de gi konns (wiki et da wees de et)

    “No der Logik kéint een jo och Cannabis legaliséiren, wéi an aaneren EU-Länner.”
    Ech verlaangen nemmen daat een Geschäftsmann mat hallewees normalen moraleschen Virstellungen iwwerleet daat eppes waat grad just reischt an aneren Lännerverbuede gouf och nemmei verkeeft, waat ech fir normal geif halen.
    mat legaliseieren huet daat awer guer naischt ze dinn.

    “Ech hunn awer och een Problem domadder, wann mer alles verbidden, waat irgendwéi geféierlech kéint sinn, ouni d’Leit selwer entscheeden ze lossen, ob se den Risiko wellen angoen.”
    A wou ass do dann dGrenz? 16joer? 12 joer? 8 joer? 4joer?

  24. February 9, 2009 at 7:28 pm

    Joel:

    Muskatnoss kann een fir vill Zwécker asetzen. Genau wéi en Messer.

    Mee wat kann een mat Drogen man ausser sech en Rausch ze verschaffen (an bei regelméissegem Konsum kierperlech ofhängeg ze ginn an/oder ze verblöden)?

    Pol:

    Gutt Fro mat der Altersgrenz. Wann sech droguéieren mat 15 ok ass, dann virwat net mat 12? Mat 10? Dat selwecht gëlt natiirlech fir den Alkohol.

  25. February 10, 2009 at 12:34 am

    Krankheeten behandlen?
    Mee wat ass u Rausch béis?🙂

  26. February 10, 2009 at 7:53 am

    thorben:

    Wéi kann een mat Hasch Krankheeten behandelen/heelen? Et kann een et huelen fir Pëng ze verrëngeren, ok, mee dat ass jo dann éischter en Ersaz zu Morphium etc?

    Rausch KANN deelweis witzeg sinn, meeschtens huet et awer éischter negativ Konsequenzen an stellt och eng Art Flucht duer. Perséinlech erliewen ech d’Welt léiwer bei kloer Verstand (allerdëngs wier ech natiirlech och villäicht tentéiert, wann ech an enger auswegloser Situatioun wier), en plus haassen ech et d’Kontroll iwwert méch ze verléieren an ‘Schäiss ze bauen’ …

  27. February 10, 2009 at 11:45 pm

    Du kanns Spice och, wéi et jo eigentlech vermaarkt ged, als eng Art Räucherstäbchen benotzen.

    Mat Hasch kann een eng ganz Réih vun chroneschen Krankheeten behandelen, virun allem eben Saachen déi mat Peng ze dinn hunn, mee anscheinend och ADS. (http://www.aerzteblatt.de/v4/archiv/artikel.asp?id=24785)

    Déi Rauschdiskusioun ass interessant. Virun allem, wann een se zu Enn denkt.
    Ech géif awer net mengen, daat en Rausch eischter negativ Konsequenzen huet. Et ass een Deel vun eiser “Natur”, fir Rauschsituatiounen ze sichen, sief daat duerch Drogen, ouni ze bremsen mam Velo en Bierg roffueren, Sex mat Onbekannten ze hunn oder beim Grommel ze kommentéiren.

  28. February 11, 2009 at 2:26 am

    Grommel, du kanns. Net nemmen Péng. Mee do wees de Joel jo méi. Morphium ass natierlech dat coolst (an ech wees et, well ech mol am Spidol loung an d’Gerät zur Selbstveroofreechung vum Dipidolor net richteg agestallt wor). De Problem mat Morphium geet schon mat der Oofhängegkeet un, déi vill méi schlëmm ausgebaut ass bei Morphium (a sengen Derivater) wei bei THC. Den THC-Derivat am Spice ass jo och als Medikament zougelooss.

  29. February 11, 2009 at 9:11 am

    Joel:

    Firwat dann net e normalen Räucherstäbchen benotzen, wann et der just em de Räucherstäbchen geet? Firwat muss et dee Spice sinn, deen och nach fir anerer Effet’en kann benotzt ginn?

    Wat Hasch ugeet hunn ech kee Problemer domadder, wann Erwuessener méngen sie bräichten dat. An wann een domadder heelen/hëllefen kann, emsou besser! Mee dat justifizéiert net fir Hasch-Utensilien an Spice un Läit ënner 16 ze verkafen! An dorems gung et mir. An dat ass de Problem, deen ech mat engem Kallef wéi dem Munhowen hunn.

    Wat Rauschsituatiounen ugeet, sinn ech villäicht anescht, wéi die aner: ech hu net de Besoin mäi Liewen ze riskéieren … Ech genéissen et léiwer gären bei vollem Bewosstsein.

    Drogen sinn fir Läit, déi mat der Réalitéit net eenz ginn!

    @Thorben:

    Wat genau kann een dann mat Hasch nach man, niewent Pëng verrréngeren?

    A wéi gesot, die Diskussioun hei ass net em Drogen per se. Et geet drëm, dass et irresponsabel ass fir den Drogenkonsum bei Mannerjähregen ze förderen an ze erliichteren. Souwéi den Munhowen dat mécht.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: