Home > Gesellschaft, Religion/Philosophy > Kann ee mir dat erklären?

Kann ee mir dat erklären?

February 8, 2009 Leave a comment Go to comments

Die Albträume dieser Welt warten jeden Morgen auf den Papst. In seine Gebetsbank legen die Memores (lateinisch: Erinnerer), das sind Angestellte des Apostolischen Palastes, jeden Tag die Briefe Verzweifelter und Hilfesuchender, die darauf hoffen, dass der Heilige Vater für sie betet.

Wat erhoffen déi Läit sech dovunner? Dass well den Poopst zum, eh, Härgott bied, dass deen dann seng Meenung ännert an dann e bëssen zaubert an z.B. en Kand, wat un Leukämie leid, heelt? Ben, wann ech Gott wier, giff ech dat schon vun alleng man, dofir bräicht keen biedelen ze kommen … !?

A wann hien dann dat eent Kand giff heelen, well deem seng Elteren e Bréifchen un de Poopst geschriwwen hunn an de Poopst dat un hien dann weidergeleet huet, ‘what about’ dat afghanescht Kand, deem seng Elteren weder liesen nach schräiwen kënnen an déi en plus Moslem sinn? Giff en dat einfach stierwen loossen?

Argh, Bieden (wann en anescht gemengt ass, wéi lo reng eng Zort Meditatioun an positivt Denken) ass sou extrem kannerech/naiv an (fir Erwuessener) onmoosseg stupid! En plus léisst et hiere Gott grausam an domm erschéngen.

Mir liewen zwar am 21. Joerhonnert, mee dat heescht net, dass den Mënsch net nach archaësch an primitiv Iwwerleeungen kann ustellen.

  1. Pol
    February 8, 2009 at 11:56 am

    Ech denken do gees de falsch un déi Thematik run….

    Déi Léit sen einfach nemmen schrecklech verzweifelt, hun eventuell vun den Doktorern heieren daat dei naischt mei man kennen…

    Déi klammeren sech un all Halem deen iergendwei Rettung versprecht… An emmerhin gin et genuch Fäll vun “onheelbaren” Krankheeten dei no vill Biedem rem gesond gi sen. Daat een Zesummenhang teschend Gesondgin an Bieden net wierklech rational ass intresseirt an sou engem moment vill Leit net….

    et ass ee lescht steck Hoffnung dei villen Leit Kreft get schweier Krankheeten ze duerchstoen, an secher net stupid a kanneresch….

  2. February 8, 2009 at 12:01 pm

    > Déi Léit sen einfach nemmen schrecklech verzweifelt, hun eventuell vun den Doktorern heieren daat dei naischt mei man kennen …

    Jo, ok. D’Hoffnung stierwt emmer als Läscht, ech wees. Mee ech sinn un hierem Raisonnement interesséiert an deng logeschen Konsequenzen, déi sech dorausser erginn.

    > Déi klammeren sech un all Halem deen iergendwei Rettung versprecht… An emmerhin gin et genuch Fäll vun “onheelbaren” Krankheeten dei no vill Biedem rem gesond gi sen.

    Déi ginn et usech net. Dat ass just ‘selektivt Filteren’. A Fäll, wou ‘onheelbar’ Läit nees gesond ginn, sinn extrem rar. A keen Beweis, dass e bestëmmten Gott seng Fanger mat am Spill hat. An suguer wann, dann giff dat en awer als klenglech a grausam do stoen lossen, well en die aner einfach huet stierwen loossen.

    > et ass ee lescht steck Hoffnung dei villen Leit Kreft get schweier Krankheeten ze duerchstoen, an secher net stupid a kanneresch….

    Natiirlech ass et e Stéck Hoffung (déi awer ouni real Basis ass). Rational gesinn ass hier Logik awer kannerech, naiv a stupid. Fir die Grënn déi ech uewen uginn hunn.

  3. denjclaude
    February 8, 2009 at 12:56 pm

    Dat do ass eppes matdeem ech och esou meng Problemer hun.

    Meng perseinlech Erklärung ass dat gleeweg Menschen un dat, wou aner Menschen den Kapp driwwer resselen, gleewen. Fier sie ass dat ganz real! Aus deem Grond ass et wahrscheinlech en extrem effikasst Mettel fier Kraaft ze schafen. Dat ganz besonnesch an schwieregen Situatiounen.

    Als Beispill den Doud: Wann een stierft kennt en an den Himmel. Also brauch ech keng Angscht mei firum Doud ze hun. Ech hun domadder eng fun deenen greissten an stärksten Ängschten (aus menger Siicht) rational geleist. Ob et elo wirklech stemmt oder net ass eigentlech egal.

    Natirlech ass et eng aner Fro wat d’Ennerbewostsein mat deer Angscht do mecht.

    En aneren Problem ass dat Gott scheinbar grausam ass. Dat kann een och ob d’Natur uwenden. Den Marcus Aurelius sot emol “Nothing natural is evil”.
    Hien sot och “Change is natural”. Genau dei Verännerungen sinn et dei eis als Menschen Problemer machen. Egal wat et ass, et ass ememr eng Verännerung am Liewen dei een selwer net well, doweinst net akzepteiert an dei engem esou Problemer mecht.

    Fier den eenzlnen Mensch sinn seng Schicksalsschlei grausam. Am grousse Ganzen falen se awer net an d’Gewiicht, mee et sinn dei natrilech Verännerungen fun der Welt.

    Ob d’Spëtzt gedriwwen heescht dat: D’Welt an d’Menschheet gett duerch en Atomkrich ausgeläscht. Wat fier en Afloss huet dat wuel ob dat ganzt Universum? Guer keen, mier sinn am groussen Ganzen esou onbedeitend dat et keen Afloss huet ob mer do sinn oder net.

  4. February 8, 2009 at 5:12 pm

    jclaude:

    > Als Beispill den Doud: Wann een stierft kennt en an den Himmel. Also brauch ech keng Angscht mei firum Doud ze hun. Ech hun domadder eng fun deenen greissten an stärksten Ängschten (aus menger Siicht) rational geleist. Ob et elo wirklech stemmt oder net ass eigentlech egal.

    Dat stëmmt. A wann ech fest drun gleewen, dass ech meng no mengem Doud an a Päiperléck verwandelen an dat méch frou mécht, dann hëlleft mer dat och. An dat ass jo usech och gutt. Jidereen soll eppes hunn, wat him hëlleft mat sou Thematiken emzegoen (soulaang en aner Läit mat aneren Meenungen respektéiert).

    Mee dorëms ass et mir lo hei eigentlech net gaang. Et ass méi déi komplett Irrationalitéit, die naiv/oniwwerluegten Virstellungen an krass Onlogik, déi am Fall vum Bieden mat erakënt.

    > En aneren Problem ass dat Gott scheinbar grausam ass. Dat kann een och ob d’Natur uwenden. Den Marcus Aurelius sot emol “Nothing natural is evil”.
    Hien sot och “Change is natural”. Genau dei Verännerungen sinn et dei eis als Menschen Problemer machen. Egal wat et ass, et ass ememr eng Verännerung am Liewen dei een selwer net well, doweinst net akzepteiert an dei engem esou Problemer mecht.

    De Marc Aurel woer jo och en ziemlech gescheite Mann.

    > Ob d’Spëtzt gedriwwen heescht dat: D’Welt an d’Menschheet gett duerch en Atomkrich ausgeläscht. Wat fier en Afloss huet dat wuel ob dat ganzt Universum? Guer keen, mier sinn am groussen Ganzen esou onbedeitend dat et keen Afloss huet ob mer do sinn oder net.

    Dat wäert schon stëmmen. A wéi ech ëmmer soen: Mir kënnen d’Welt nie wirklech freckt man. Mir kënnen just eng Welt, déi eis Mënschen et erlaabt fir drop ze liewen, fréckt man. Wa mir zb giffen de ganzen Planéit nuklear zerbommen, dann wier dat allermeescht Liewen ausgelöscht. Mee net alles. An mat der Zäit (wat ferme laang ka sinn), evoluéieren dann nees néi Organismen an Liewewiesen a weider geet et. Bis eis Sonn kollabéiert.

  5. denjclaude
    February 8, 2009 at 5:46 pm

    Wann ech elo fier den Fridden an der Welt bieden an dem nächsten deen ech gesinn eng ob Nues haen war d’bieden fier d’Katz. Wann ech mech awer selwer ordendlech behuelen war et eigentlech och fier d’Kaatz. Et kennt ob dat un wat ech machen, net dat wat ech denken a bieden ass denken!

    Ob bieden elo iwerflesseg ass kann ech net soen. Dat muss jidereen fier sech ausmachen. Ech kann mer awer fierstellen dat et verschiddene Menschen helleft an hierem Liewen eenz ze ginn.
    Ganz wichteg ass dann dat wats Du geschriwwen hues: “soulaang en aner Läit mat aneren Meenungen respektéiert”.

    Beim bieden an Verbindung mam doud ass et, fannen ech, mei einfach no ze vollzeien. Den Doud kann een nemmen akzepteieren, en kennt egal wei iergendwann. Sinn ech do derzou elo awer net an der Lag, reageieren ech automatesch irrational. Dat kann zum Beispill am Fall fun (Et setzt een am engem Fliger deen noutland) Schock-Doudesangscht sinn. Do denkt een wahrscheinlech net mei ganz rational.

    D’Fro ass natirlech alo ob verschidden Reliounen dei Angscht firum Doud ausgenotzt hun. En negativ Beispill fällt mer do direkt an. Geif een Terrorist sech och nach an d’Luut sprengen wann en secher wier dat en dofier geif an d’Hell kommen an keng x Jongfraen kreich?

    P.S. Em Marcus Aurelius seng Meditations an der Iwersetzung fum Gregory Hays sinn ze empfehlen.

  6. Pol
    February 8, 2009 at 6:57 pm

    Verstin ech richteg daat dain Haptproblem as das de dBieden u sech irrational bzw onlogesch fenns?

    Wa jo, dann hues de hechstwahrscheinlech do de “Feeler” gema dRelioun dei jo iwwernatirlech, an deemno Irrational, Themen behandelt, mat Logik a rationalem Denken ze analyseieren…

    Relioun a Rationaliteit passen net, das wei baim Darwinismus/Creationismus, do get och beides gemescht…
    Oder den Descartes mat senger Gottgegebener Rationaliteit, waat och zimmlechen onlogeschen Kabes ass

  7. February 8, 2009 at 8:58 pm

    @denjclaude:

    Bieden mécht a mengen Aan NEMMEN Sënn, wann et wéi Meditéieren ugesinn gët. Do huet et seng Effet’en an do mécht et Sënn.

    Mee Bieden am Genre vun ‘Leiwen Härgott, maach dat an dat’, dat ass naiv, kannerech an, rationell gesinn, stupid. Och wann et, wéi am Fall vun engem Flijerofstuerz etc normal ass, sou ze réagéieren (well een dat jo och sou geléiert huet an dat trotzdem am Hannerkapp bléiwt). Wat awer net heescht, dass et rational oder gescheit ass.

    Wann awer lo een mengt, fir dem Poopst en Bréiwchen ze schräiwen fir dass deen damm dem Härgott dat an d’Ouer pëspert, sou ass dat awer extrem naiv. Och wann natiirlech d’Verzweiflung vun de Mënschen de Grond dofir ass … an ech wéilt sie wieren net sou verzweifelt. An sou laang et sie besser fillen léisst, ass et jo ok. Mee vun der Iwwerleeung hier ass a bléiwt et hierrësseg.

    Da kommen dem Marcus Arelius seng Meditations och nach op d’Lëscht. Liesen grad dem Seneca säin ‘Das Leben ist kurz!’ an et ass schon krass wéi zäitlos gewëss Froen, awer och Erkenntnisser sinn. Oder dass all Generatioun sech iwwert die verduerwen Jugend opreegt, haha.

    @Pol:

    Jo, natiirlech ass dat mäi ‘Feeler’. Mee ech fannen et interessant fir esou irrationell Konzepter wéi ‘fir eppes bieden’ rationel duerch ze denken an kucken, wou een land an wat dat fir Konsequenzen mat sech bréngt. Religéis Läit man dat jo (bewosst?) net. Well dat léisst d’Illusioun jo zesummenbriechen. Grad wéi wann een genau wees, wéi dem Copperfield seng Tricken ginn …

  8. Pol
    February 8, 2009 at 11:42 pm

    Du kucks gaeren hannert Zaubertricker? do hu mer dann eng gemeinsamkeet😉

    leider ass next uri Geller heiansdo ze mies fir sech dMeih ze man ze iwwerleen wei et geet … :-S

  9. February 9, 2009 at 8:58 am

    @pol:

    Heiandsdo schon, mee heiandsdo och net. Dann well ech einfach nëmmen d’Magie genéissen a mech verzauberen loossen! Och wann ech wees, dass et eng natiirlech Erklärung gët🙂

    An den Uri Geller ka mer gestuelen bléiwen.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: