Home > Luxembourg, Religion/Philosophy > Austrëtt aus der Kierch.

Austrëtt aus der Kierch.

February 9, 2009 Leave a comment Go to comments

Ah, huet e puer Deeg gedauert, mee lo krut ech awer eng Äntwert:

Bonjour,

Schreiwt wann ech gelifft e Bréif un den Archevêché de Luxembourg B.P. 419 L – 2014 Luxembourg, wou Dir erklärt firwaat Dir aus der Kiirch austriede wëllt a wou a wéini Dir gedeeft gi sidd.

Merci am Viraus

Ma da ma mer dat! Lo muss ech just nëmme nach wëssen wou a wéini ech gedeeft gouff … mee dat wäerten meng Elteren jo wëssen.

  1. February 9, 2009 at 7:02 pm

    ha dei kruut ech och virun puer wochen.:
    Wann Dir aus der Kierch austrieden wëllt bréicht ech daat trotzdem a
    geschriwwener Form vun Iech mat dem Gebuerts- an Daafdatum a wou Dir gedeeft
    gouft, oder den deemolege Wunnuert vun Ären Elteren wann Dir Daafpoar nët
    méi wësst. Schéckt dee Bréif da w.e.gelifft dan un den Archevêché de
    Luxembourg B.P. 419 L – 2014 Luxembourg

    Merci am viraus a mat beschte Gréiss,

    Astrid Bartringer
    Bistumssekretärin

    si mol gespant op eng äntwert kent

  2. February 9, 2009 at 8:08 pm

    hei fenns de alles wats de brauchs: http://www.fraiheet.lu

    do get et och ee formulaire wous de net muss wesse wous de gedeeft bass

  3. Pol
    February 9, 2009 at 8:39 pm

    a wei wellen se dech dann do aus dem buch straichen?

  4. February 9, 2009 at 8:44 pm

    Se dierfen dech dann selwer sichen. Da schaffen se mol eppes sennvolles🙂

  5. February 10, 2009 at 10:36 am

    mettlerweilen gett et schon eng anti-grupp um facebook dei sech “merci manuel” nennt….sou penibel … dat nennt een jo wuel intolerant wann een eng privatpersoun muss esou attackéieren…

  6. Pol
    February 10, 2009 at 10:45 am

    Daat war wuel mai Grupp…
    Hat net geduecht daat daat kéint “intolerant” oder “eng perseinlech attack” senn wann een eng alternativ zu mettlerweil baal 800 opriff zum Kierchenaustrett schafen wollt…

    Hun och doropshin den Text vum Grupp geännert- eng Entschellegung gepost – a senn ausgetrueden… sou daat de Grupp wann bis jiddreen raus ass gelöscht ass

    Ech kann och hei nemmen nacheemol soen daat et mer Leed deet wann ech dem Manuel domatt sollt an iergendenger art a weis beleidegt oder verletzt hun – Pardon

  7. February 10, 2009 at 10:59 am

    Ass ok, ech hunn dat net sou tragesch betruecht🙂

  8. Pol
    February 10, 2009 at 11:01 am

    aner Leit schengbar schon… Ech gou als Hetzer duergestallt… do fänkt awer un sech selwer a Fro ze stellen….

  9. February 10, 2009 at 12:05 pm

    D’Läit hunn et halt net gär, wann se drun erënnert ginn, dass och hieren Glawen just eng Illusioun ass.

    Well et wees jo KEEN genau firwat alles ass, wéi et ass, firwat eppes existéiert, etc.

    Mee menger Meenung no kann och KEE Mënsch dat wëssen. Opmanst net an dëser Form, déi mer grad hunn.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: