Home > Gesellschaft, Luxembourg > Dem Jeannot säin ‘Interview’.

Dem Jeannot säin ‘Interview’.

February 11, 2009 Leave a comment Go to comments

E puer schnell Kommentairen zum Jeannot sengem selwer geschriwwenen, konfusen Interview op rtl.lu:

> Ech wollt fir d’éischt emol all Mensch merci soen dee sech ageschriwwen huet. Fir mech as daat hei eng positiv Experienz, di beweist dass nach vill muss gemach gin, fir dass mer erem zu enger richteger Demokratie zréck komme, an deer der net jhust e puer décidéieren, mee d’ Vollek selwer.

Eh … d’Vollek huet grad selwer décidéiert Dir e gudden Fouss bei den A**** ze ginn!

> Et kënnt net drop un waat de GD denkt

Ok … Et kënt just drop un wat s DU denks, richteg?

> Et geet drëm wat d’ Vollek denkt. An d’Wieler hun d’ Recht an toute indépendance driwwer ze décidéieren op a wéi den Artikel 34 soll changéiert gin.

D’Vollek huet dach seng Meenung an deem Punkt ausgedréckt: ass alles ok sou, wéi d’Politiker et décidéiert hunn.

> Ech hätt mer erwaart, dass an aller Objektivitéit de Chamberpresident, d’ politesch Parteien an esuguer de GD gesoot hätten : “Ma secher, komm mer loossen d’ Vollek entscheeden”

Wéi wa mer LO näischt méi Wichteges ze dinn hätten …

> Ons Initiativ wollt de Lëtzebuerger Wieler jhust eng Méiglechkeet gi fir sech selwer iwwert de proposéierte Changement vum Art 34 vun der Verfaassung ze gin.Net méi an net maner.

An d’Lëtzebuerger hunn geäntwert: Net néideg, Merci an äddi.

> Mär hoffen dass d’ Gesetzgebung am Sënn vun der Démokratie esou reforméiert géif gin dass e Referendum iwwert d’ Constitutioun méiglech gemaach get an net méi vu fireran ofgewiergt ka gin.

Wëllkomm am Chaos! Da kann also all Intebinni, deem irgend e Gesetz net geet en Referendum man? Majo dann … dat kléngt jo super efficace …

> Daat géing der Demokratie hei am Land hellefen.

Wann Dir eis Demokratie net gefällt, kanns De jo an den Zimbabwe auswanderen.

An souwiesou: d’Peschisten wëllen keng Demokratie, sie wëllen eng Peschokratie.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. Pol
    February 11, 2009 at 10:39 pm

    hui de Grommel ass op 100😉

    mee am eescht dei Leit kennen einfach nemmen fuerchtbar mies verleieren, mee si kennen wuel naischt weider man, an dofir ass dGeschicht vir mech erleedegt an daat genau wei ech mer et gewenscht hat.

    an daat ee referendum vun viraus un ofgewiecht ka gin ass dach kabes, emmerhin brauch een nemmen ca ee veirel vun deenen Wahlberechtegen hir ennerschreft wei der duerno missten dervirstemmen daat dVerfaassungsännerung en cause geif verhennert gin

    ech fannen dei 25.000 dofir fair

  2. Een Letzebuerger
    February 12, 2009 at 3:34 pm

    Super dass den Pesche an seng Gesellen sech eierbaar blameiert hun.Hoffentlech ass daat eng Leier fir sie an wann et hinnen net hei gefällt kennen si jo auswanderen an een Land wou si mengen do wär mei Demokratie wei zu Letzebuerg.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: