Home > Gesellschaft, Luxembourg > Dem Jeannot seng Croisière op der Titanic.

Dem Jeannot seng Croisière op der Titanic.

February 11, 2009 Leave a comment Go to comments

Ah, wat hat den Jeannot Pesché net getéint … 25’000 Stëmmen fir den Referendum wieren Peanuts, hien giff der 75’000 kréien! Wéi et ausgesäit, huet en awer just en Brochdeel dovunner (wat sech jo schon sou ofgezeechent hat):

Virun enger décker Woch hate sech landeswait eppes iwwert 500 Leit op de Gemengen ageschriwwen. An zanterhir ass net méi vill passéiert …

Mir hu den Dënschdegowend nach emol op e puer Plazen nogefrot: An der Stad hate sech deen Ablack eng 120 Bierger op d’Lëschten agedroen, zu Esch waren et der 15 an zu Déifferdeng, do wou den Initiator vun der Initiative, de Jeannot Pesché wunnt, hu sech 26 Wieler op d’Gemeng déplacéiert.

An och am Rescht vum Land war den Intressi déi lescht Deeg net terribel grouss.

Schéin ze gesinn, dass die absolute Majoritéit vun de Läit an dësem Fall raisonabel woer. An hoffentlech kann de Jeannot seng Energie lo op méi, uh, relevant Saachen focusséieren.

Categories: Gesellschaft, Luxembourg
  1. pa
    February 11, 2009 at 11:22 am

    Immens, haten dach tatsächlech méi Leit ënnerschriwwen, fir di Aktioun do ze starten, wi der härno séch tatsächlech gemellt hun. Dat ass deenen Éislécker Bauere mol gudd op der Schnëss, di een domm vun uewen erof ukucken, wéll den eegene Numm net op enger vun deene Lëschten am Wort stoung.

  2. Brigitte
    February 11, 2009 at 12:09 pm

    @pa,

    vun wat schwätz du do?

  3. February 11, 2009 at 12:47 pm

    Naja. Ech wees net ob mat deem System iergendeen Referendum eng Chance hätt. Sou oder sou géing ech net feieren, et sin nach 5 Stonnen bis d’Gemengen zou maan, an de Jeannooo huet bestemmt nach eng Wonnerwaff am Gepäck!

  4. February 11, 2009 at 12:51 pm

    Jo, bestëmmt!🙂

  5. Pol
    February 11, 2009 at 1:39 pm

    @pa ech kommen do och net wierklech no,

    Waat ass mat eisleker baueren? den Pesche ass dach vun deiferdeng? an dei meescht ennerschreften senn och aus dem süden oder aus der staat? genau wei de gros vum ADR am Norden ass do just Koepp an Colombera….

  6. Pol
    February 11, 2009 at 1:45 pm

    ech verweisen do och nach emol op deen eischten rtl.lu artikel
    http://news.rtl.lu/news/dossiers/monarchie/5932.html
    Dikkrech 5
    Wolz 1
    Klierf 1
    a Veianen 0

    ps: ech daerf wuel unhuelen daat do och 9 deeg mei speid neieren honnert Leit sech agedro hun

  7. February 11, 2009 at 1:48 pm

    haha, die Zuelen sinn grandios!

  8. Pol
    February 11, 2009 at 1:49 pm

    dofir soen ech lo mol vive dEisleker Baueren!

  9. LECOQ
    February 11, 2009 at 8:55 pm

    Elo sin d’Büro’en an de Gemengen zou; an e puer Deeg kennen mir déi definitiv Resultater vun der Ufro fir ee Referendum.

    Ma elo schon weisen d”‘Peschisten” waat hiert Demokratie-Verständnis as:

    – Jeannot Pesché mat engem “fiktiven” Interview op news.rtl.lu/news/national/13635.html

    – Marianne Lauer-Kartheiser mat engem laangen Geschreiws op news.rtl.lu/commentaire/lieserbreiwer/13682.html

    – Pierre Peters (Ex-Nationalbewegung) mat engem Pamphlet am Gästebuch vun http://www.proreferendum.lu

    – tintingermain (virgeschter am aalen Forum op http://www.proreferendum.lu , dono geläscht, haut nach an enger „soft-versioun“ op http://www.gaspl.lu ze liësen), diën d’Lëtzebuerger Vollék als “Verfassungs-Vergewaltiger” duergestallt a beleidigt huët : „Verfassung , von über 350000 Männern und Frauen, aller Altersgruppen, in Ihrem eigenen Land brutal, misshandelt, und anschließend vergewaltigt“ (copy&paste).

    Sollten déi Leit nët endlech agesin an akzeptéieren dass si, zesummen mat hiren Seel-Zéiher, eng miniscule Minoritéit sin, déi vun der iweraus grousser Majoritéit vu Lëtzebuerger, op eng DEMOKRATESCH Art a Weis, den Dix geriicht kritt hun ?

    Mir Lëtzebuerger, an eis auslännesch Matbierger déi hei liëwen, brauchen keng Peschisten, keen GASPL, keng National-Bewegung, keng AHL an keng ADR !

  10. February 11, 2009 at 9:42 pm

    Wat aarme Geeschter.

  11. Pol
  12. pa
    February 12, 2009 at 1:12 am

    Dat mat den Éislécker Baueren ass lo net perséinlech ze huelen, ech hu näischt géint se. Ech hat do just eng Geschicht an der Famill héiren, wou der an de Norden op Besuch waren an do domm ugegranzt goufen, wéll se net op där Lëscht am Wort stoungen.

    Ech war do sou paff, wéll ech a méngem gesamten Bekanntekrées net eng Persou kennen, déi séch duerfir hir ging gin an hat och automatesch ugeholl, datt 99,99% vum Lëtzebuerger Land ging sou denken. Mee anscheinend sin di kléng Dierfer nach sou erz-konservativ, datt de Popst éischter ging Kondomer erlaben, wi datt séch do eppes an den nächsten 100 Joer ging änneren.

  13. pa
    February 12, 2009 at 1:14 am

    @Pol, lo hun ech dee Link mol gelies. Dat ass zwar sérieux paranoid.

    “Just wéll’s de paranoid bass, heescht dat net, datt’s de net verfollegt gëss” oder wéi?

  14. Pol
    February 12, 2009 at 1:21 am

    “An sugu’er, wei ech informéiert gouf, dass irgenteen, iwer „WHOIS-Säiten“ meng privat
    Homepage ausspionéi’ren wollt, (fir méi iwer mech gewu’r ze gin?), an dat mat enger
    Lëtzeburger IP-Adresse (Ass noverfolegt gin)! ”

    ass iwwregens meng lieblingsstell😉

  15. benem
    February 12, 2009 at 2:18 pm

    @pa, dofir brauchs de dann awer och net ze verallgemeineren…
    Et as traureg dass “doennen” am Land anscheinend wierklech gemengt gëtt, am Eisléck géifen mer nach op den Beem wunnen.

  16. February 12, 2009 at 2:20 pm

    @benem:

    Do ginn ech der Recht. Déi Remark woer onnéideg.

  17. Een Letzebuerger
    February 12, 2009 at 3:55 pm

    Ech hun och deen Artikel vum dem Tintinger Germain gelies wou hien vun Verfassungsvergewaltiger gefaselt huet an muss soen ech sin baal explodeiert fu Roserei .

  18. LECOQ
    February 12, 2009 at 4:07 pm

    @ een Letzebuerger

    Ech sin frou dass nach een den Artikel geliës huët äer ët geläscht war; elo kann emol keen mir ënnerstellen das ech gefuëbelt hätt !

    Wann den Strawdog näischt dergéint huët, kéint ech him een copy&paste posten

  19. een Letzebuerger
    February 12, 2009 at 4:47 pm

    @LECOQ
    Den Artikel vum 08.02.09 ass enner http://www.indymedia-letzebuerg.net ze fannen

  20. een Letzebuerger
    February 12, 2009 at 4:49 pm

    @LECOQ
    Enner Rubrik “National, Leserbrief” kucken w.e.g.

  21. LECOQ
    February 12, 2009 at 5:12 pm

    @ een Letzebuerger

    Merci fir den Tip.

    Genau, daat as den integralen Artikel vum tintingermain: Eng Beleidigung fir all Lëtzebuerger !

    De gudde Jeannot haat daat vläicht vireilig a säin Blog gesaat, wéi ëmmer ouni Indicatioun vun der Quell, an huët secher dono “geroden” krit fir ët rëm rof ze huëlen.

    Lauter aarem Geeschter !

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: