Home > Gesellschaft > Eng kleng Aufgab.

Eng kleng Aufgab.

February 18, 2009 Leave a comment Go to comments

D’Carole ass 31, Single, riichteraus an zimlech gescheit. Hatt huet op der Uni Philo studéiert an erfollegräich ofgeschloss. Deemols, als Studentin, woer hatt ganz engagéiert a Punkto Diskriminatioun, Gläichberechtegung an sozial Gerechtegkeet. Ausserdem huet et un anti-nuklear Maniffen deel geholl.

Wéi wahrscheinlech ass et, dass folgend Saachen op d’Carole haut zoutreffen:

  • a. ass Léierin
  • b. schafft an enger Librairie an gët Yoga Couren
  • c. ass aktiv an der Fraenbewegung
  • d. schafft op enger Bank am Guichet
  • e. verkeeft Assurancen
  • f. schafft op enger Bank am Guichet an ass aktiv an der Fraenbewegung

Sortéiert lo wgl dës Aussoen spontan no hierer Probabilitéit an den Comments (vun ganz wahrscheinlech bis net wahrscheinlech). Buchstaawen alleng ginn natiirlech duer.

Categories: Gesellschaft
  1. February 18, 2009 at 9:26 pm

    e
    d
    c
    b
    f
    a

  2. February 18, 2009 at 11:22 pm

    a,c,e
    d
    b
    f

  3. February 19, 2009 at 9:55 pm

    Bon, vue dass jo soss leider keen wollt matspillen …😉

    D’Froestellung kënt vun engem relativ bekanntenen Psychoquiz (vun Kahneman & Tversky), wou ëmmer rem bestätegt gouff, dass eng Majoritéit vun Läit d’Optioun ‘schafft op enger Bank am Guichet an ass aktiv an der Fraenbewegung’ als méi probabel agestufft hunn wéi ”schafft op enger Bank am Guichet’. Wat jo onlogesch ass. Mee die meescht lossen sech halt vun der Anleedung irreféieren.

    Mee meng clever Lieser sinn natiirlech net drop eragefall. Mee villäicht hätt ech och Yoga amplaz Fraenbeweegung huelen sollen. Dat wier méi zäitgemäss an probabel gewiescht.

  4. February 19, 2009 at 10:04 pm

    Wat denks du eigentlech, eis hei ze ennerschätzen?
    Do fällt mer en Rätsel an, wat en Dokter mir während mengem Stage am OP gestallt huet (ech wéilt net gär an der Narkos wakreg gin):

    Huelen mer all d’englesch Wierder mat 5 Buchstawen. Mir wessen dat de Buchstaw “e” deen heefegsten ass, mir wessen awer och dat d’Endung “-er” déi heefegst ass.
    Gin et méi Wierder, déi ob -er enden, oder méi Wierder déi en “e” ob véierter Stell hun?

    Well ech d’Fro am éischten Ulaaf korrekt beäntwert hun, huet deen Mediziner gemengt, ech wier méi clever wéi 90% vu sengen Kolleegen, wat mech beonrouegt huet.

  5. February 19, 2009 at 10:15 pm

    Et ginn méi Wieder, déi en ‘e’ op der véierter Stell hunn: all déi mat ‘er’ plus déi mat ‘e’ + x.

    Eng aner witzeg Erkenntnis:

    Ziel séier all englesch Wieder am Genre vun _ _ _ _ _ n _ op, déi der afalen.

    *** nach net direkt weider liesen ***
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    .
    An duerno dann all déi der am Genre vun _ _ _ _ ing.

    Ausser wann een sou clever woer, dass een beim éischten direkt op ‘ing’ als Endung komm ass, faalen engem do vill manner Wieder an wéi bei deem zweeten. Opwuel den potentiellen Choix usech jo vill méi grouss ass!

  6. Pol
    February 19, 2009 at 10:20 pm

    90% vun den Doktoren falen dodrops ran?
    krass… wann daat net ee grond ass gesond ze liewen…

  7. February 19, 2009 at 10:37 pm

    Ech sinn direkt op ing komm. Wat hunn ech lo gewonn?

  8. February 19, 2009 at 11:03 pm

    Du bass jo och e ganz Cleveren, an domadder wäit iwwert dem Duerchschnëtt.

    Eng Tut Loftkreep.

  1. No trackbacks yet.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s

%d bloggers like this: